Yuriko Backes

Yuriko Backes – déi nei Finanzministesch

Yuriko, wat sinn deng Prioritéiten als Finanzministesch? 

Als Finanzministesch ass et eng natierlech Prioritéit, dofir ze suergen, datt ons Staatsfinanze weider gesond bleiwen. Da kënne mir nämlech onst Land gezielt op d’Zukunft virbereeden, an zwar andeems mir an déi nohalteg an an déi digital Entwécklung investéieren. Esou garantéiere mir déi qualitativ Croissance vu muer, déi mir brauchen, fir onse Wuelstand ofzesécheren. Mat gesonde Staatsfinanzen a qualitativem Wuesstem séchere mir awer och onsen Triple A of, deen e wichtege Garant vun onser Attraktivitéit bleift.

Wann ee vun Attraktivitéit schwätzt, dann denken ech natierlech och un ons Finanzplaz. Fir mech bleift et eng Prioritéit, datt d‘Finanzplaz weltwäit konkurrenzfäeg bleift; besonnesch an engem Ëmfeld, dat permanent evoluéiert. D‘Innovatioun am Finanzsecteur muss dofir weider gestäerkt ginn, virun allem a Beräicher wéi der Sustainable Finance an an der Fintech, wou Lëtzebuerg an de leschte Jore vill erreecht huet. Mir musse weider e stabelen an attraktive Kader bidden, deen op d‘Besoine vum Secteur ugepasst ass. 

Wat sinn déi grouss Dossieren an der nächster Zäit?

Ech gesinn eng Rei Dossieren, déi extrem wichteg si fir onst Land a fir d’Leit. An den nächste Wochen a Méint wäerte mir ons weider mat der Fro vun der Kafkraaft beschäftegen. Mir hunn hei vill iwwert déi lescht Jore gemaach a wäerten och weider kucken, wéi mir d’Kafkraaft verstäerke kënnen.

Weider stinn europäesch an international Dossieren op der Agenda, wéi zum Beispill d’Ëmsetzung vun der internationaler Steierreform vun der OECD. Lëtzebuerg huet sech vun Ufank u proaktiv un deene Verhandlunge bedeelegt, well mir e modernen a faire Steiersystem brauchen, wou jiddereen op der Welt säi Bäitrag leescht. Dat wichtegst ass awer, dass déi selwecht Reegele fir alleguerten d’Länner gëllen (level playing field). Esou ka Lëtzebuerg seng Stäerkten nach besser spille loossen.

Firwat d’DP?

D‘Demokratesch Partei steet fir eng liberal, mee och fir eng sozial an nohalteg Politik, an et ass déi Kombinatioun, déi fir mech ganz wichteg ass. D’DP ass eng Partei vun der Mëtt vun der Gesellschaft, déi eng responsabel a wäitsiichteg Politik mécht, an dobäi ëmmer de Mënsch an de Mëttelpunkt stellt. Et sinn also engersäits déi liberal a progressiv Wäerter, fir déi ech mech engagéieren. Op der anerer Säit huet d’DP konkret a pragmatesch Léisungsvirschléi, wéi si déi grouss Erausfuerderunge vun eiser Zäit wëll ugoen, an dat op nationalem, europäeschem an op internationalem Niveau. Fir dass et sech och nach muer an iwwermuer gutt zu Lëtzebuerg liewe léisst.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Gerechtegkeet fir all Elteren

An enger Question élargie an der Chamber huet d’DP-Deputéiert Corinne Cahen haut bei der Justizministesch nogefrot, wou d’Aarbechten um automateschen Unerkennungsrecht fir homoparental Koppelen am Kader vun der PMA (procréation médicalement assistée) dru sinn.

weiderliesen...

Besser Remuneratioun an der Arméi

Wéinst der ugespaanter internationaler Lag an den NATO-Verpflichtunge vu Lëtzebuerg gëtt den Effektiv vun eiser Arméi an deenen nächste Joren ausgebaut. Den DP-Deputéierte Marc Hansen huet haut zwee Gesetzestexter an der Chamber presentéiert.

weiderliesen...

Situatioun am Noen Osten

De President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun Gusty Graas huet dësen Dënschdeg op d’Gefore vun engem Flächebrand higewisen, déi de Konflikt am Noen Oste ka mat sech bréngen.

weiderliesen...

Selbstbestëmmung, eng fundamental Fräiheet

„D’Biergerinnen an d’Bierger mussen drop vertraue kënnen, datt fundamental Rechter a Fräiheeten net vun enger Legislaturperiod op déi aner a Fro gestallt ginn“, huet d’DP-Presidentin Carole Hartmann bei den Debatten iwwer d’Aschreiwe vun der Libertéit op Avortement an der Chamber ënnerstrach.

weiderliesen...