Versetzung vu Beruffspompjeeën aus dem Norden?

Den Nord-Deputéierten André Bauler huet bei der Inneministesch nogefrot, ob et stëmmt dass Beruffspompjeeën an de CGDIS-Zenteren am Norden vum Land sollen ofgezu ginn, fir an an anere Regiounen zum Asaz ze kommen.

Fro

„Mir ass zougedroe ginn, datt an de CGDIS-Zentren zu Clierf, Nordstad a Wooltz Beruffspompjeeë sollen ofgezu ginn, fir an anere Regiounen agesat ze ginn.

Et ass kloer, datt dës Decisioun, sollt se dann ëmgesat ginn, d’Disponibilitéit u Personal an eisen Ambulanzen net verbessert.

Dofir wollt ech der Madamm Inneministesch folgend Froe stellen:

  1. Stëmmt et, datt Personal aus dem Norden ofgezu gëtt an an aner Zentre reaffektéiert gëtt ?
  2. Wa jo, wat ass d’Ursaach dofir ?
  3. Wou sollen dës Persounen nei affektéiert ginn ?
  4. Wéi gesäit de Moment de Personaltableau an de CGDIS-Zentren Norden aus a wat gëtt konkret ënnerholl fir si bei wuessender Bevëlkerung personell ze verstäerken ? “  

Äntwert

Neen, et stëmmt net, datt Beruffspompjeeën, déi an engem vun den Asazzenteren (CIS) aus der Regioun Norden affektéiert sinn, ofgezu goufen oder solle ginn.

Den Effectif vu Beruffspompjeeën an de CISen aus dem Norden ass tëscht 2018 an 2022 vun 21 op 64 eropgaangen. Grondsätzlech kann ee soen, datt d’Disponibilitéit vun dëse CISen haut besser ass, wéi se jee virdru war.

Mat der Ëmsetzung vum Plan national d’organisation des secours (PNOS) wäerten och an de kommende Jore weider Ustrengunge gemaach ginn, fir d‘zivil Sécherheet am Norden an am ganze Land nach weider ze verbesseren.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi kann d’Gesondheet vun de Kanner verbessert ginn ?

D’Gesondheetsproblemer bei de Kanner klammen an den Accès zu Pediatere gëtt ëmmer méi schwiereg. D’DP-Deputéiert Mandy Minella a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi eng Mesüre virgesi sinn fir d’Situatioun ze verbesseren, ob eng national Strategie fir d’Gesondheet vun de Kanner envisagéiert gëtt an ob een nationale Coordinateur fir d’Kannergesondheet agesat sollt ginn.

weiderliesen...

Concasséiere vu Material an der Gréngzone

D’DP-Deputéiert Luc Emering an André Bauler hunn dem Ëmweltminister eng Rei Froen zum Concasséiere vu Material an der Gréngzone gestallt. Si wollten ënnert anerem wëssen, ob eng Naturschutzautorisatioun dofir néideg ass, a firwat net an all Autorisatioun fir Bauten an der Gréngzone vermierkt gëtt, datt mat recycléiertem Material soll geschafft ginn.

weiderliesen...

Gëtt een zweete PET-CT ugeschaaft?

Déi fréier Gesondheetsministesch hat matgedeelt, datt eventuell een zweete PET-CT ugeschaaft kéint ginn, fir d’Waardezäit fir d’Patienten ze verkierzen. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der aktueller Gesondheetsministesch nogefrot, wou d’Uschafung vun dësem zweete PET-CT drun ass, ob dësen Apparat eventuell an d’Spidol zu Ettelbréck kéint kommen a wéi sech d’Zuel vun de Behandlungen an de leschten 10 Joer an deem Beräich entwéckelt hunn.

weiderliesen...