Wéi steet et ëm d’Buslinn K45?

Den Deputéierten André Bauler huet beim zoustännege Minister nogefrot, wéi et ëm d’Buslinn K45 steet. Wat ka gemaach ginn, dass de Bus zur Zäit ass? Kënnen d’Schüler aus dem Nordstad-Lycée och vun dëser Linn profitéieren?

Et ass wierklech eng exzellent Nouvelle, datt de Bus K45 och dat nächst Schouljoer weider tëscht Buerschent iwwer Bierden op Dikrich fuere gelooss gëtt. 

Mir ass awer an Tëschenzäit an deem Kontext vu betraffene Leit gemellt ginn, datt d’Schülerinnen a Schüler aus dem Dikricher Kolléisch (LCD) um Réckwee eng zimmlech laang Waardezäit zu Ettelbréck hunn. D’Coursen zu Dikrech halen nämlech um 14.35 Auer op. Déi Jonk mussen awer no hirem Départ zu Dikrich ronn 25 Minutten op de Linnebus 134 waarden, dee géint 15.00 Auer zu Ettelbréck ukënnt an um 15.26 Auer do op der Gare fortfiert. Zu Bierden ass de Bus dann theoretesch um 15.35 Auer – wat awer wéinst dem Stau zäitlech seele rausgeet. Dacks ass en nämlech ëm dës Zäit eréischt um Arrêt “Ancienne Clinique“ ukomm, sou datt d’Kanner net viru 16.00 Auer zu Bierden sinn.

Aus deem Grond wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte folgend Fro stellen:

  • Gëtt d’Schülerbuslinn Dikrich-Ettelbréck-Bierden-Buerschent och an deem Sënn iwwerschafft, datt déi betraffe Schülerinnen a Schüler däitlech manner laang waarde mussen?

Kënnen d’Schülerinnen a Schüler aus dem Nordstad-Lycée och vun dëser Linn profitéieren? 

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Squatterproblem zu Ettelbréck ?

Zu Ettelbréck schéngt sech ee Squatter-Hotspot forméiert ze hunn, deen ee sanitäre Risiko duerstelle kéint. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hu bei der Gesondheetsministesch an dem Inneminister nogefrot, ob d’Inspection sanitaire schonn ageschalt gouf, iwwer wéi eng Instrumenter d’Inspektioun verfüügt fir an esou Fäll z’agéieren an ob den Drogekonsum bei der Ettelbrécker Gare zanter Januar 2024 zougeholl huet.

weiderliesen...

Missten d’Urgencen fir Kanner am Norden ausgebaut ginn?

Och Kanner mat klenge Blessuren ginn oft aus dem Norden bis an d’Kannerklinik an der Stad geschéckt. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann wollte vun der Gesondheetsministesch wëssen, firwat déi pädiatresch Urgencen vum CHdN net 24 Stonnen op 24 a 7 Deeg an der Woch garantéiert kënne ginn a wéi vill Kanner aus dem Norden an d’Kannerklinik geschéckt ginn.

weiderliesen...