Ass eng Erneierung vun der Strooss CR 306 virgesinn?

Tëscht Groussbus a Gréiwels gouf d'Strooss fir op Baaschtnech provisoresch gefléckt. Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim zoustännege Minister nogefrot, ob eng Erneierung vun dësem Streckenofschnëtt virgesinn ass, a wann deem sou wier, wat de Käschtepunkt vun den Aarbechte wier.

Fro

„An der Uertschaft Groussbus ass rezent un der Strooss fir op Baaschtnech (CR 306) tëscht Groussbus a Gréiwels geschafft ginn. De Belag ass provisoresch gefléckt ginn, ma e fiert sech de Moment net gutt.

Aus deem Grond wollt ech den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten Folgendes froen:

  • Gëtt et mëttlerweil e Projet, deen eng Erneierung vun dësem Streckenofschnëtt virgesäit?
  • Wa jo, wat wier de Käschtepunkt dovunner an a wat fir engem Mooss misst d’Gemeng sech dorunner finanziell bedeelegen?
  • Wéini kéinten dës Aarbechte spéitstens ufänken?”

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Squatterproblem zu Ettelbréck ?

Zu Ettelbréck schéngt sech ee Squatter-Hotspot forméiert ze hunn, deen ee sanitäre Risiko duerstelle kéint. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hu bei der Gesondheetsministesch an dem Inneminister nogefrot, ob d’Inspection sanitaire schonn ageschalt gouf, iwwer wéi eng Instrumenter d’Inspektioun verfüügt fir an esou Fäll z’agéieren an ob den Drogekonsum bei der Ettelbrécker Gare zanter Januar 2024 zougeholl huet.

weiderliesen...

Missten d’Urgencen fir Kanner am Norden ausgebaut ginn?

Och Kanner mat klenge Blessuren ginn oft aus dem Norden bis an d’Kannerklinik an der Stad geschéckt. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann wollte vun der Gesondheetsministesch wëssen, firwat déi pädiatresch Urgencen vum CHdN net 24 Stonnen op 24 a 7 Deeg an der Woch garantéiert kënne ginn a wéi vill Kanner aus dem Norden an d’Kannerklinik geschéckt ginn.

weiderliesen...