Wéi vill “Herzschrittmacher” ginn am Nordspidol gesat?

Dem DP-Deputéierten André Bauler ass zu Ouere komm, datt manner "Herzschrittmacher" am Ettelbrécker Spidol gesat ginn, zanter datt déi nei Ekipp un Häerzdokteren do schafft. Aus deem Grond huet den André Bauler d'Gesondheetsministesch gefrot, ob dat wierklech de Fall ass, wat de Grond fir dës Entwécklung ass an ob virgesinn ass nees méi "Herzschrittmacher" zu Ettelbréck ze setzen.

Fro

Ech gouf drop opmierksam gemaach, datt de Moment an der Klinik zu Ettelbréck wesentlech manner “Herzschrittmacher“ gesat géife ginn. Wéi déi al Equipe vun Häerzdokteren am CHdN aktiv war, goufen awer nach reegelméisseg där “Schrittmacher” gesat. Lo mussen d’Patienten aus dem Norden dacks an d’Stad oder op Esch an d’Klinik, wa se sou eng Operatioun gemaach kréien, well d’Waardezäit zu Ettelbréck spierbar eropgaangen ass.

Virun deem Hannergrond wollt ech d’Madamm Gesondheetsministesch Follgendes froen:

     Ass d‘Madamm Minister informéiert iwwer d‘Aktivitéite vum neien Team vun Häerzdokteren am CHdN? Wa jo, wat ass hiert geneet Aarbechtsfeld?

–     Stëmmt et, datt spierbar manner “Schrittmacher” zu Ettelbréck gesat ginn? Wa jo, firwat ass dat esou? 

–     Gëtt nees envisagéiert fir mëttelfristeg méi där Interventiounen zu Ettelbréck duerchzeféieren?

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Squatterproblem zu Ettelbréck ?

Zu Ettelbréck schéngt sech ee Squatter-Hotspot forméiert ze hunn, deen ee sanitäre Risiko duerstelle kéint. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hu bei der Gesondheetsministesch an dem Inneminister nogefrot, ob d’Inspection sanitaire schonn ageschalt gouf, iwwer wéi eng Instrumenter d’Inspektioun verfüügt fir an esou Fäll z’agéieren an ob den Drogekonsum bei der Ettelbrécker Gare zanter Januar 2024 zougeholl huet.

weiderliesen...

Missten d’Urgencen fir Kanner am Norden ausgebaut ginn?

Och Kanner mat klenge Blessuren ginn oft aus dem Norden bis an d’Kannerklinik an der Stad geschéckt. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann wollte vun der Gesondheetsministesch wëssen, firwat déi pädiatresch Urgencen vum CHdN net 24 Stonnen op 24 a 7 Deeg an der Woch garantéiert kënne ginn a wéi vill Kanner aus dem Norden an d’Kannerklinik geschéckt ginn.

weiderliesen...