Barbara Agostino

Am Spotlight: Barbara Agostino

„Politik ass mir wichteg, well ech Loscht hu matzegestalten. Ech wëll virun allem de Jonken hëllefen, fir hiren eegene Wee am Liewen ze fannen“, esou d’Barbara Agostino. Als geléiert Educatrice an Enseignante leien der Direktesch vu 14 Kannerbetreiungsstrukturen eng qualitativ héichwäerteg Betreiung an eng gutt Ausbildung vun de Kanner besonnesch um Häerz. 

Déi éischt Kapitänin vun der Lëtzebuerger Fussball-Dammennationalekipp huet sech nach ëmmer fir Sport begeeschtert. Déi passionéiert Tennisspillerin setzt sech net fir näischt fir eng verstäerkt Beweegungsfërderung vun de Kanner an. „Sport a Beweegung droe vill zur kierperlecher, emotionaler a kognitiver Entwécklung vun engem Kand bäi. Dofir ass et esou wichteg, dass dat méi gefërdert gëtt“, ass d’Barbara Agostino iwwerzeegt.

Barbara Agostino

D’Barbara ass och am associative Beräich ganz aktiv: Ob als Tresorière vum Tennisclub Spora, als Member vum Verwaltungsrot vun der Tennisfederatioun oder als Member vum Conseil consultatif vum Olympesche Comité; hatt bréngt seng laangjäreg Erfarung op ville Plaze mat an.

„Ech wëll deene Jonken hëllefen, fir hire Wee ze fannen” 

Barbara Agostino

D’Barbara huet och eng staark sozial Oder. Hatt setzt den Ament eng Fondatioun op d’Been, fir mannerbemëttelte Kanner, Jonken an eelere Leit eng Vakanz z’erméiglechen. An zwar iwwert de Wee vun engem nohaltege Kultur- an/oder Agrotourismus.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider Artikelen

Gratis Maison Relais a Museksunterrecht

D’Crèchen, d’Maisons relaisen, d’Foyers scolaires an d’Dageseltere spillen eng wichteg Roll an der Ëmsetzung vun der Bildungspolitik vum Ressortminister Claude Meisch, fir all Kand déi nämmlecht Start- a Bildungschancen am Liewen ze ginn.

D’DP ass de Garant fir soziale Fridden am Land

D’Bilanspressekonferenz vun der DP-Fraktioun iwwert déi leschte Chamber-Sessioun gouf dominéiert vun de laangfristege Suite vun der Covid-Pandemie a vun den direkte Konsequenze vum Krich an der Ukrain.

Agny Durdu – D’Éislek dierf keen Naturreservat ginn

Wann ee mech freet, wou ech wunnen, da soen ech léiwer Hamiville. Heesdref verwiesselen der vill mat Heeschdref bei Walfer, laacht d’Agny Durdu virun hirem Büro op der Haaptstrooss. Net wäit ewech ass si um Bauerenhaff grouss ginn. Haut wunnt si mat hirer Mamm an hirem Brudder do.