Am Spotlight: Sheila Schmit

Dës Kéier am Spotlight: d’Sheila Schmit, Presidentin vun der DP Diddeleng.

D’Sheila Schmit huet definitiv hire Wee fonnt. Si huet sech virun 2 Joer komplett als liberal Hiewan selbststänneg gemaach. Virdrun huet si ë.a. 15 Joer am Escher Spidol geschafft. Ma si war ës ebemol midd mat de Schichten, mat der Organisatioun am Spidolswiesen a mat den Aarbechtskonditiounen.

A si wollt hir Famill mat hirem Mann an den 2 Kanner besser mat hirem Beruff ënnert een Hutt kréien. D’Sheila schafft elo och vill: „Ech gi wierklech vun de Mamme gebraucht an ech si quasi ëmmer am Stand-by. Ma ech ka mech elo besser organiséieren an hu méi Freed am Beruff.”

Hirt grousst Zil ass a bleift d’Schafe vun engem Gebuertshaus zu Lëtzebuerg. D.h. datt d’Fraë kënne wielen, wou se hir Kanner op d’Welt bréngen.

D’Sheila Schmit huet sech nach ëmmer fir hir Matmënschen interesséiert an agesat. Besonnesch wat d’Santé, an d’Vereen-barkeet vum Beruff mat der Famill betrëfft. An duerch hir Bekanntschaft mam Carole Olinger war et nëmme méi e klenge Schrack, fir sech an der DP z’engagéieren: „Ech ka mech hei fir eis Gesellschaft abréngen.”

Déi gebierteg Déifferdengerin steet haut un der Spëtzt vun der lokaler Sektioun: „Et kommen ëmmer méi Leit bäi. Mir sinn eng aktiv Equipe, déi sech gutt versteet. Mir sichen awer intensiv no zousätzleche Leit, fir bei de Gemengewalen 2023 an de Gemengerot ze kommen.”

De Schwéierpunkt vun der Sektioun ass kloer d’Mobilitéit: „Do ass esou munches ze dinn. Z.B. wat den Transit vu Camionen duerch Diddeleng betrëfft, ma och d’Ubannung un den ëffentlechen Transport ass alles anescht ewéi optimal. D’Zuchverbindung mat der Stad ass eng reegelrecht Katastroph.” Wat de Verkéier an Diddeleng selwer betrëfft, fuerdert déi lokal DP eng Reduktioun vum Trafic duerch d’Stad an an de residentielle Quartieren. Grad ewéi eng besser Infrastruktur fir d’Foussgänger a fir d’Leit, déi mam Vëlo fueren.

„Ech gi wierklech vun de Mamme gebraucht an ech si quasi ëmmer am Stand-by“

Sheila Schmit, Presidentin vun der DP Diddeleng

Och d’Schoulinfrastrukturen an der Gemeng wiere verbesserungsfäeg. Esou géif et wuel nei Gebaier, ewéi am Quartier Lenkeschléi, ma a villen eelere Schoulen a Maisons Relaise wier d’Situatioun alles anescht ewéi optimal.

Schliisslech leet d’Diddelenger DP Wäert dorobber, datt d’Spidol an der véiert-gréisster Stad vum Land soll assuréiert bleiwen, virun allem d’Polyclinic, wat am deegleche Liewen immens wichteg fir d’Leit ass.

Déi engagéiert Equipe ronderëm d’Sheila Schmit huet deemno kloer Ziler an ass och gewëllt, sech dofir mat Energie anzesetzen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Eng Beheënnertekaart fir ganz Europa

An der Tribune Libre um Radio schwätzt d’Jana Degrott iwwer d’Aféierung vun enger europawäiter Behënnertekaart. Fir d’Europakandidatin an DP-Conseillère vu Steesel ass et héich Zäit, datt d’EU de Leit mat enger Behënnerung déi nämmlecht Rechter an all de 27 Memberstaaten accordéiert.

weiderliesen...

Eis Kandidate fir Europa

D’Demokratesch Partei geet mat enger kompetenter, diverser an héichmotivéierter Lëscht an d’Europawale vum 9. Juni 2024. De Charles Goerens an d’Amela Skenderović féieren d’Lëscht als Spëtzekandidaten un.

weiderliesen...