Ausbau vun Tram, Bus a Photovoltaik

D’Organisatioun vun de Mobilitéitsstréim ronderëm d’Stad ass eng vun de gréissten Erausfuerderunge vum Mobilitéitsplang bis 2035. De Succès vum Tram weist, datt dee Moyen de transport eng zentral Roll an der Mobilitéitsstrategie spillt. Dat gëllt besonnesch fir de Weste vun der Haaptstad, dee viru wichtegen Entwécklungen a puncto Transport an Urbanismus steet.

An deem Sënn huet d’Chamber dës Woch den Ausbau vum Tramsreseau iwwer d’Arelerstrooss bis bei de geplangte Mobilitéitspôle beim Centre hospitalier decidéiert. Dat ass eng éischt Etapp, éier méi spéit eng Connectioun mam geplangte Park and Ride Ouest zu Märel virgesinn ass.

Op de gutt zwee Kilometer si véier Arrête virgesinn. Um Tracé läit de geplangte Projet Silver Étoile an den neie Quartier Stade (Josy Barthel). D’Linn soll selbstverständlech och e besseren Accès bei d’Spidol vum CHL bidden. Hannert dem Josy Barthel – tëscht der Rue des Foyers an der Rue du Val Fleuri – wäert den Tram duerch en Tunnel vu ronn 600 Meter fueren.

D’Deplacementer vun de Passagéier solle sich bis 2035 op bal 2,8 Millioune chiffréieren. Dat wieren 300.000 Leit den Dag, vis-à-vis vun 125.000, déi haut den Tram huelen. Bal d’Hallschent vun den Deplacementer hei am Land sinn iwwregens um Gebitt vun der Stad Lëtzebuerg.

Kommend Finanzéierung vum RGTR ofgeséchert

Den RGTR (Régime général des transports routiers) ass de primären, regionale Busservice, deen den Transport zu Lëtzebuerg – virum allem iwwer Land – garantéiert. Hien ass eng Zort Réckgrat vum ëffentleche Persouneverkéier, assuréiert awer och Connectioune mam noen Ausland an ergänzt de Busservice an der Stad.

All Dag fueren 135.000 Leit mam RGTR. D’Chamber huet dës Woch de legale Kader fir d’Exploitatioun vum nationale Busservice ugepasst, fir datt d’Offer och an Zukunft de Besoinen an den Erwaardunge vun de Clienten entsprécht. Déi budgetär Envelopp aus dem Joer 2021 ass elo bis 2038 verlängert ginn a chiffréiert sech am Ganzen op 4,4 Milliarden Euro.

D’Ursaach ass evident: Et wunnen a schaffen ëmmer méi Leit zu Lëtzebuerg, eng Tendenz, déi och an Zukunft wäert an d’Luucht goen. Et geet awer net nëmmen drëm, de Busreseau vun haut ze finanzéieren, mee och fir en un déi strukturell Entwécklung vun der Mobilitéit op mëttel- a laang Siicht unzepassen. Dofir ginn d’Servicer an d’Sécherheet verbessert.

  • Erweiderung vum Busreseau;
  • Verbesserung vun der Qualitéit vum Service;
  • Besser Pënktlechtkeet;
  • Méi eng flexibel Upassung vum Reseau un d’Besoine vun de Leit;
  • Verbesserung vum Confort (z.B. Klimaanlagen);
  • Ausbau vun de Chaufferskabinnen a vun der Videosurveillance.

D’Buslinne vum RGTR ginn am Kader vun ëffentleche Kontrakter vu private Busbetriber bedriwwen. D’Ausschreiwung fir déi lafend Kontrakter sinn 2020 lancéiert ginn. Well déi Kontrakter net matenaner ugelaf sinn, muss de Finanzement un déi effektiv Lafzäiten ugepasst ginn. De Finanzement vun den aktuelle Kontrakter a vun deenen, déi bis d’Joer 2032 ofgeschloss ginn, sinn elo ofgeséchert.  

Den neie Budget gesäit och Mëttel fir zousätzlech Verbindunge vum RGTR vir. Dat sinn temporär Linnen am Kader vu grousse Chantieren, Verbindunge mat Industriegebidder oder nei Linnen am Kader vun der Reorganisatioun vum Reseau am Süde vum Land.

Photovoltaik laanscht d’Autobunnen an Zukunft méiglech

Um leschte Sëtzungsdag vun der Sessioun 2025/2026 huet sech d’Chamber dann och nach emol mat der Energietransitioun beschäftegt, enger vun de gréissten Erausfuerderunge vun eiser Zäit. Lëtzebuerg muss méi onofhängeg vun Energieimporter ginn a vu méiglechst ville Plazen a Fläche profitéieren, fir déi erneierbar Energie ze produzéieren. De Gesetzprojet 8675 passt ë.a. d’Gesetzer vun 1967, respektiv vun 2009 iwwer de Fonds des Routes an iwwer d’Permission de voiries un.

Ee Stéck vum Puzzle si Photovoltaik-Anlagen. An Zukunft kënnen elo Solarpanéilen, ënner verschidde Konditiounen an a kloer definéierten Zone laanscht d’Autobunnen installéiert ginn. Si leien an de 25-Meter-Zone laanscht d’Autobunnen an an de 15-Meter-Zone laanscht Contournementen a Stroossen tëscht engem Autobunnsraccordement an enger Staatsstrooss.   

Déi sougenannten Zones non aedificandi laanscht d’Autobunnen oder gréisser Verkéiersachse leien an engem Perimeter, deen d’office net dierf bebaut ginn a wou d’Notze vum Terrain iwwer d’Utilité publique oder iwwer de Plan d’aménagement gereegelt gëtt. Déi Flächen hunn e grousst Potenzial an hunn de Virdeel, datt keng zousätzlech Terraine musse versigelt ginn. D’Installatioune sollen esou gebaut ginn, datt se bei Bedarf kënnen einfach ewech geholl ginn.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Press Recap

E Bléck op déi politesch Woch mat eisen DP-Mandatairen an der Press. Et goung ënner anerem ëm d’Lutte géint Gewalt, d’Situatioun beim Entreprenariat oder och nach den Anniversaire vun enger Kulturinstitutioun.

weiderliesen...

Flexibilitéit a Schutz vum Salarié verknäppen

An der Konsultatiounsdebatt iwwer déi geplangten Aarbechtszäitorganisatioun huet d’DP-Presidentin Carole Hartmann dëse Mëttwoch an der Chamber begréisst, datt un engem Aktiounsplang geschafft gëtt, fir d’Kollektivvertragswiesen zu Lëtzebuerg ze stäerken, esou wéi d’EU-Obligatiounen dat virgesinn.

weiderliesen...