Beamten, Syndikalist a Politiker aus Iwwerzeegung

De Paltong vum Jos. Schaack passt bei d’Faarf vum Himmel – hellblo: mir sinn Enn Abrëll, d’Sonn schéngt, a Lëtzebuerg hofft op e Fréijoer ewéi d’lescht Joer, wéi d’Land am strenge Confinement war.

Mir setzen eis op d’Terrass am Gaart. De fréiere Staatssekretär, Fonctionnaire a Syndikalist ass sech bewosst, datt hien zu de privilegéierte Leit gehéiert:

„Et ass ganz kloer, datt et schwéier Zäite sinn, z.B. fir Famillje mat Kanner, déi an engem klengen Appartement sëtzen.” De Jos. a seng Fra fille sech gutt versuergt: „D’Regierung huet déi eemoleg Kris brillant gemeeschtert.” A wann d’Rechnung eemol muss bezuelt ginn? „Da mussen déi breet Schëllere méi droen, wéi déi schmuel!”

Keng 1. Klass fir den Zaldot J.S.

Dem Jos. säi Papp huet op der Eisebunn geschafft. Als klenge Bouf wunnt hien an engem Haus vun der CFL zu Péiteng, dat sech 2 Familljen deelen. „Ech hat eng schéin a glécklech Kandheet. Ech war deemools an de Scouten, ma de Futtball war ëmmer d’Nummer 1 fir mech.” Wéi d’Famill an d’Stad plënnert, spillt de Jos. an der Jugend vun der Union um Verluerekascht. Seng Première mécht en am Jongelycée um Lampertsbierg. Direkt dono, 1965, muss hien nach 8 Méint Arméi maachen. Den obligatoreschen Déngscht ass dat Joer reduzéiert ginn; 1968 gëtt e ganz ofgeschaaft. Gutt esou: „D’Arméi war iwwerhaapt net meng Welt, ech war dogéint. An ech sinn haut nach houfreg drop, datt ech ënnert deenen zwee Leit aus der Compagnie war, déi NET als 1. Klass ofgaange sinn. Dat war fir mech eng Zort perséinlech Auszeechnung.”

Virbild Daleiden

Vun der Uniform goung et 1966 direkt weider an d’Steierverwaltung, wou de Jos. Schaack als Redakter ufänkt. Vun der Imposition des personnes physiques goung et weider bei d’Gesellschaften a schliisslech an de Service de Révision.

„Ech hu mech gutt do gefillt. Meng Aarbecht war interessant an nëtzlech an huet engem en Iwwerbléck queesch duerch eis Gesellschaft ginn.”

An der Fonction publique huet de Jos. sech du bei der CGFP engagéiert. Hien ass haut nach voller Unerkennung, wann iwwert de fréiere President Jos Daleiden rieds geet: „De Jos war e Virbild fir mech. En zougänglechen, korrekten an hëllefsbereete Mënsch. Op hie war ëmmer Verlooss.

D’Acquise vun der Fonction publique wieren ouni d’CGFP an ouni de Jos Daleiden net méiglech gewiescht.”

De Jos. Schaack huet sech mat 23 Joer mam Andrée Hentzen bestuet. Si kruten 2 Kanner, d’Danielle an de Philippe. Vum Belair geet hier Rees op Bartreng, wou d’Koppel nach haut lieft. „Ech sinn dacks gefrot ginn, fir mat an d’Gemengepolitik ze goen, ma ech wollt doheem keng Partei bezéien.”

Pacta Sunt Servanda

Dat sollt sech awer op nationalem Niveau änneren, wéi d’CSV-LSAP-Regierung 1998 eng ëmstridde Pensiounsreform am ëffentlechen Déngscht decidéiert. Ënnert dem Slogan Pacta Sunt Servanda stäipt d’DP der Fonctioun publique de Réck, an d’Lydie Polfer an den Henri Grethen froen de Jos. Schaack, ob hien 1999 wëll mat an d’Wale goen. Zesumme mat de CGFP-Kolleege Ferd Milbert a Fernand Gatti gëtt de Jos. Kandidat op der DP-Lëscht. „D’Fonction publique war an enger ausweegsloser Situatioun an hat näischt méi bei där Regierung zegutt. Et hunn der e puer vun eis mussen erausgoen, fir déi sozial Kohesioun nees ze retabléieren!”, reegt sech de Jos. nach haut op a klappt dobäi mat der Hand op den Dësch.

Dir musst de Xavier stëmmen

D’Staatsbeamte suerge schliisslech dofir, datt d’DP de grousse Vainqueur vun de Wale gëtt. Et kënnt zur Regierung Juncker-Polfer. De Jos. kritt 7 Stëmme manner op der Lëscht 3 ewéi ee gewësse Xavier Bettel. „Dat war well ech menger ganzer Famill gesot hunn, si missten onbedéngt de Xavier stëmmen”, erënnert sech de Jos. Schaack a laacht aus vollem Häerz. Hie gëtt dunn als Staatssekretär an der Fonctioun publique a vun der Réforme administrative genannt. „Mir hu gutt geschafft an ë.a. erëm fir en normalen Ëmgang mat de Staatsbeamte gesuergt. Mir hunn och 2 Gehälterofkommes verhandelt.”

D’Defaite vun 2014 versteet hie bis haut net.

Boucle bouclée

Direkt nom leschte Regierungsrot freet de Jean-Claude Juncker de Jos. Schaack fir neien Direkter vun der Douane ze ginn. En Terrain, op deem de fréiere Steierbeamten net friem war, och an zemol op EU-Niveau. „Mir haten eng exzellent Ambiance. Ech war ganz, ganz frou bei der Douane.” Eng Uniform ewéi verschiddener vu senge Virgänger huet hien awer ni ugedoen. „Dat hätt net bei mech gepasst”. Schlussendlech hätt sech de Krees vu senger berufflecher Carrière mat deem Posten erëm zougemaach.

Zanter der Pensionéierung am Joer 2008 profitéiert de Jos. Schaack voll a ganz vu senger Fräizäit, déi hie mat liesen, reesen a Sport fëllt. An am allerléifste mat senge 5 Enkelkanner…

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider Artikelen

Gratis Maison Relais a Museksunterrecht

D’Crèchen, d’Maisons relaisen, d’Foyers scolaires an d’Dageseltere spillen eng wichteg Roll an der Ëmsetzung vun der Bildungspolitik vum Ressortminister Claude Meisch, fir all Kand déi nämmlecht Start- a Bildungschancen am Liewen ze ginn.

D’DP ass de Garant fir soziale Fridden am Land

D’Bilanspressekonferenz vun der DP-Fraktioun iwwert déi leschte Chamber-Sessioun gouf dominéiert vun de laangfristege Suite vun der Covid-Pandemie a vun den direkte Konsequenze vum Krich an der Ukrain.

Agny Durdu – D’Éislek dierf keen Naturreservat ginn

Wann ee mech freet, wou ech wunnen, da soen ech léiwer Hamiville. Heesdref verwiesselen der vill mat Heeschdref bei Walfer, laacht d’Agny Durdu virun hirem Büro op der Haaptstrooss. Net wäit ewech ass si um Bauerenhaff grouss ginn. Haut wunnt si mat hirer Mamm an hirem Brudder do.