Consumption and distribution of gas in the context of the Ukrainian war

How much gas did the individual categories of consumers expend over the last few years in Luxembourg? How does the Minister for Energy intend to determine the distribution of gas in the event of a gas bottleneck? Our MPs Carole Hartmann and Max Hahn asked the Minister for Energy these questions.

Wéinst dem Risk vun enger Gasknappheet am Wanter am Kontext vum Ukrainekrich, huet d’EU de 26. Juli 2022 beschloss, dass d’Memberstaaten hire Gasverbrauch fräiwëlleg ëm 15 Prozent tëscht dem 1. August 2022 an dem 31. Mäerz 2023 solle reduzéieren.

D‘EU Reegelen fir d’Versuergungssécherheet vum Gas garantéieren, datt “geschützte Clienten”, nämlech Privatstéit a wesentlech sozial Servicer wéi z.B. Spideeler, Altersheemer a Schoulen, vun all Gasratiounsmoossnamen ausgeholl sinn.

An deem Kader wollte mir dem Här Energieminister folgend Froe stellen:

  • Wéi vill Gas hu prozentual an de leschte 5 Joren zu Lëtzebuerg Privatstéit, Verwaltungen, Gemengen, mëttelstänneg Betriber, gréisser Betriber an Industrie verbraucht ?
  • Am Fall vun engem Gas-Enkpass, ass et wichteg, preparéiert ze sinn a kënnen op eng wirtschaftlech-effizient a solidaresch Manéier ze reagéieren. No welche Prioritéitskritèren a Prinzippien gedenkt de Minister an deem Fall d’Verdeelung vu Gas u mëttelstänneg Betriber, gréisser Betriber an un d‘Industrie festzeleeën ?

Answer

Sou wéi am järleche Rapport “Chiffres clés du marché du gaz naturel” vum Institut Luxembourgeois de Régulation (ILR) ze liesen ass, gëtt de Joresverbrauch a 4 Haaptkategorien opgedeelt, woubäi déi kleng a mëttelgrouss Betriber sou wéi och d’Gemengen an d’Administratiounen haaptsächlech an der 2. Kategorie vun de “Professionelle Clienten (

* Am Joer 2021 huet ee vun den Netzbedreiwer seng Methodologie fir seng Clienten ze klassifizéieren geännert, wat zu enger gréisserer Variatioun tëscht den 2 Kategorien vun den Haushaltsclienten an den professionelle Clienten gefouert huet.

Ëffentlech Verwaltungen, déi der Administration des bâtiments publics ënnerstinn, maachen an dëser Statistik eppes manner wéi 10% vun de professionelle Clienten mat enger Consommatioun vun manner wéi 280 GWh am Joer aus.

Am Fall vun enger Kris um Gasmarché huet Lëtzebuerg, sou wéi all Memberstaat, en Noutfallplang opgestallt, deen konform zum EU Reglement 2017/1938 iwwert d’Versuergungssecherheet am Gas all 2 Joer à jour gesat muss ginn. Déi lescht Versioun vum Oktober 2020 ass am gaangen ugepasst ze ginn fir der aktueller Situatioun an der eventueller Noutwendegkeet vun méi laangfristeg Kierzungen Rechnung ze droen. Am Noutfallplang wäerten souwuel fräiwëlleg wéi och obligatoresch Mesuren virgesi ginn fir de Gaskonsum bei all de Kategorien vu Verbraucher jee no Gravitéit vun der Kris ze reduzéieren. Industrieclienten kréien d’Méiglechkeet fir ënnerteneen Flexibilitéit spillen ze loossen falls een Client eventuell méi kann aspueren wéi en aneren an fir doduerch eng wirtschaftlech-effizient a solidaresch Allokatioun ze erreechen. Och wann Haushaltsclienten als geschützt gëllen an deemno net dierfen ofgeschallt ginn, sou kënnen och déi am Kader vun hire Méiglechkeeten eng Contributioun leeschten a ginn deemno och an déi Laaschtreduktiounsmesuren opgeholl. Den ugepasste Plang muss bis spéitsdens am Oktober zu Bréissel notifizéiert ginn.

Och déi national Energiespuercampagne, déi den 8. September der Ëffentlechkeet virgestallt ginn ass, gëtt als wichtegen Deel vun deene Mesuren am Noutfallplang opgeholl fir op deen aktuellen Gas-Enkpass an Europa ze reagéieren.

Would you like this parliamentary question to be translated into English?

Share:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

More parliamentary questions

When will health checks be introduced at GPs?

The government’s coalition agreement provides for the introduction of regular health checks from the age of 30. DP MPs André Bauler and Carole Hartmann asked the Minister of Health how far the implementation of this initiative has progressed, whether special training courses will be offered for doctors and whether the DSP will be used in this context.

read more...

MILA successor

At the School Commission meeting on 17 June 2025, it was announced that the MILA literacy programme in German will be phased out and replaced by a new curriculum. Currently, only about 20 % of pupils still use it, as many teachers consider it outdated. Our PMs Gilles Baum and Barbara Agostino ask the Minister of Education about the upcoming changes, the timeline for implementation and the training planned for teachers.

read more...

Cooperation between the LNS and private laboratories and automation within the LNS

Biopsy analysis plays a crucial role in diagnosing serious diseases such as cancer. Despite certain improvements, waiting times at the LNS remain long, particularly in oncology, gynecology and dermatology – a heavy burden for patients. Our PMs Mandy Minella and Dr. Gérard Schockmel ask the Minister of Health what measures are planned regarding automation, digitalisation and possible cooperation with private laboratories.

read more...

Administrative burden in primary education

Despite the Ministry of Education’s efforts to simplify administrative tasks in primary schools, unions point to a growing bureaucratic burden on teachers. What is the actual situation on the ground, and how might artificial intelligence play a role? A parliamentary question from our MPs Gilles Baum and Barbara Agostino seeks answers.

read more...