Consommatioun a Verdeelung vum Gas am Kontext vum Ukrainkrich

Wéi vill Gas hunn di eenzel Kategorie vu Verbraucher zu Lëtzebuerg iwwert di lescht Jore verbraucht? A wéi gedenkt den Här Energieminister de Gas am Fall vun engem Enkpass ze verdeelen? Eis Deputéiert Carole Hartmann a Max Hahn hunn déi Froen un den Energieminister gestallt.

„Wéinst dem Risk vun enger Gasknappheet am Wanter am Kontext vum Ukrainekrich, huet d’EU de 26. Juli 2022 beschloss, dass d’Memberstaaten hire Gasverbrauch fräiwëlleg ëm 15 Prozent tëscht dem 1. August 2022 an dem 31. Mäerz 2023 solle reduzéieren.

D‘EU Reegelen fir d’Versuergungssécherheet vum Gas garantéieren, datt “geschützte Clienten”, nämlech Privatstéit a wesentlech sozial Servicer wéi z.B. Spideeler, Altersheemer a Schoulen, vun all Gasratiounsmoossnamen ausgeholl sinn.

An deem Kader wollte mir dem Här Energieminister folgend Froe stellen:

  • Wéi vill Gas hu prozentual an de leschte 5 Joren zu Lëtzebuerg Privatstéit, Verwaltungen, Gemengen, mëttelstänneg Betriber, gréisser Betriber an Industrie verbraucht?
  • Am Fall vun engem Gas-Enkpass, ass et wichteg, preparéiert ze sinn a kënnen op eng wirtschaftlech-effizient a solidaresch Manéier ze reagéieren. No welche Prioritéitskritèren a Prinzippien gedenkt de Minister an deem Fall d’Verdeelung vu Gas u mëttelstänneg Betriber, gréisser Betriber an un d‘Industrie festzeleeën?

Äntwert

Sou wéi am järleche Rapport “Chiffres clés du marché du gaz naturel” vum Institut Luxembourgeois de Régulation (ILR) ze liesen ass, gëtt de Joresverbrauch a 4 Haaptkategorien opgedeelt, woubäi déi kleng a mëttelgrouss Betriber sou wéi och d’Gemengen an d’Administratiounen haaptsächlech an der 2. Kategorie vun de “Professionelle Clienten (< 280 GWh/a)”, erëmzefannen sinn, sou wéi am Tableau hei drënner opgelëscht:

* Am Joer 2021 huet ee vun den Netzbedreiwer seng Methodologie fir seng Clienten ze klassifizéieren geännert, wat zu enger gréisserer Variatioun tëscht den 2 Kategorien vun den Haushaltsclienten an den professionelle Clienten gefouert huet.

Ëffentlech Verwaltungen, déi der Administration des bâtiments publics ënnerstinn, maachen an dëser Statistik eppes manner wéi 10% vun de professionelle Clienten mat enger Consommatioun vun manner wéi 280 GWh am Joer aus.

Am Fall vun enger Kris um Gasmarché huet Lëtzebuerg, sou wéi all Memberstaat, en Noutfallplang opgestallt, deen konform zum EU Reglement 2017/1938 iwwert d’Versuergungssecherheet am Gas all 2 Joer à jour gesat muss ginn. Déi lescht Versioun vum Oktober 2020 ass am gaangen ugepasst ze ginn fir der aktueller Situatioun an der eventueller Noutwendegkeet vun méi laangfristeg Kierzungen Rechnung ze droen. Am Noutfallplang wäerten souwuel fräiwëlleg wéi och obligatoresch Mesuren virgesi ginn fir de Gaskonsum bei all de Kategorien vu Verbraucher jee no Gravitéit vun der Kris ze reduzéieren. Industrieclienten kréien d’Méiglechkeet fir ënnerteneen Flexibilitéit spillen ze loossen falls een Client eventuell méi kann aspueren wéi en aneren an fir doduerch eng wirtschaftlech-effizient a solidaresch Allokatioun ze erreechen. Och wann Haushaltsclienten als geschützt gëllen an deemno net dierfen ofgeschallt ginn, sou kënnen och déi am Kader vun hire Méiglechkeeten eng Contributioun leeschten a ginn deemno och an déi Laaschtreduktiounsmesuren opgeholl. Den ugepasste Plang muss bis spéitsdens am Oktober zu Bréissel notifizéiert ginn.

Och déi national Energiespuercampagne, déi den 8. September der Ëffentlechkeet virgestallt ginn ass, gëtt als wichtegen Deel vun deene Mesuren am Noutfallplang opgeholl fir op deen aktuellen Gas-Enkpass an Europa ze reagéieren.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéini kënnt d’Pollen-App ?

De Gesondheetsministère hat annoncéiert, datt ugangs 2020 eng gratis App sollt ugebuede ginn, déi de Bierger Informatiounen iwwert d’Pollenkonzentratioun an der Loft liwwert.

No iwwer dräi Joer gëtt et déi App nach ëmmer net. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet dowéinst bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wou d’Aarbechten un dëser App dru sinn a wien mat hirer Entwécklung beoptragt ginn ass ?

weiderliesen...

Wäert Europa deemnächst méi séier handele kënnen?

Op Initiativ vun Däitschland hunn sech 10 europäesch Memberstaate an engem ‘Frëndeskrees’ zesummegedoen, fir Entscheedunge mat enger qualifizéierter Majoritéit ze promovéieren. Och Lëtzebuerg ass Deel vun dësem Grupp. Wat ass den Impakt heivun an Europa? Eisen Deputéierte Gusty Graas huet bei Ausseministère nogefrot.

weiderliesen...

Ass de Grupp Wagner eng Terrororganisatioun ?

De 9. Mee huet déi franséisch Assemblée générale an enger Resolutioun dozou opgefuerdert, de Grupp Wagner an d’Lescht vun den Terrororganisatiounen opzehuelen. Wéi steet eisen Ausseministère zu dëser Demande ? Wäert Lëtzebuerg nozéien ? Eisen Deputéierte Gusty Graas huet beim zoustännege Ministère nogefrot.

weiderliesen...