De satiresche Eck

De satireschen Eck – November 2020

De Corona-Virus ass erëm omnipresent! Dat erkennt ee schonn um Toilette-Pabeier-Index an de Supermarchéen. D’Rayone gesinn erëm ganz schéin eidel aus. Glécklech sinn do déi Leit, déi en Deel vun hirem enormen Toilettëpabeier-Stock vum Mäerz agefréiert hunn! E Lockdown bei schlechtem Wieder wëll awer wierklech keen. Déi meescht vun eis – dorënner d’Familljeministesch Corinne Cahen – hu mëttlerweil och all Circuit pédestre vum Land gemaach.

Fir Schlëmmeres ze vermeiden, musse mir eis elo mol einfach un d’Reegelen halen. Fir illegal Partyen am Bësch ass et jo elo souwisou ze kal. An de Schoule mussen se och weider lëften, lëften, lëften. Da kritt een nämlech kee Corona, mä e gudde Schnapp. An dat huet nach kengem geschuet!

An dëse groen Zäiten huet en anert historescht Event fir e bëssi Opmonterung gesuergt: den éischten digitalen CSV-Kongress. Déi beschten Oppositiounspartei vun allen Zäite wollt eigentlech mat hirem Kongress waarde bis de Corona eriwwer ass an hir Memberen erëm aus den Altersheimer eraus dierfen. Mä well de Virus partout net wëll fortgoen, hu si sech mussen un dee moderne Firlefanz eruntrauen an hunn en digitale Kongress op d’Bee gestallt.

Mä wien huet dann elo d’Soen am CSV-Krabbekuerf? Beim Duell tëschent dem Frank Engel (deen ass wierklech nach ëmmer President) an der Martine Hansen (momentan nach ëmmer Fraktiounspresidentin) gouf et leider kee klore Gewënner. Ervirgedoen huet sech awer en anere Shootingstar aus der Partei: Fischbachs hire Marc vu Miersch. Hie war sech zwar net sécher, ob d’Heemecht soll gelauschtert oder gesonge ginn, mä ech mengen hien huet eng grouss Zukunft an där Partei. Donieft huet de Pater Galles den „C“ vun der Vollekspartei héichgehalen. A senger Priedegt huet hien esou déi puer Schäffercher bei Laun gehalen, déi hir Parteikaart bis elo nach net zerrappt hunn.

An der Chamber huet ee laangjäregen Deputéierte seng Pensioun geholl: de Gast Gibéryen. Dir kennt e vläicht nach aus Youtube-Blockbustere wéi „Gréng gëtt deier“, „Wéi déi Gréng d’Lëtzebuerger veraar*****“ oder „Et ass ni esou vill nohalteg gréng Wiss zoubetonéiert ginn ewéi ënnert engem grénge Minister“. Fir déi Leit, déi dësem Greenbashing notraueren, bleiwen elo nëmmen nach d’Lieserbréiwer vum fréiere Betonsminister Robert Goebbels, deen a senger Pensioun reegelméisseg Grénger op der Botterschmier ësst. 

Hoffentlech bleift de bloe Fraktiounspresident dovunner verschount. De Baum wëll nämlech Beem géint de Klimawandel planzen. Do soll nach ee mir schlecht Wuertwitzer reprochéieren!

Nieft Corona gouf eist Land nach mat enger anerer, schlëmmer Noriicht konfrontéiert: de Fred Keup vum Holz-wee2030 ass an der Chamber ukomm. Op franséisch huet hie musse „fidélité au Grand-Duc“ juréieren. Hie war awer gutt virbereet, well hie jo reegelméisseg de „Monde“ liest, wéi hie bei all Geleeënheet ënnersträicht. Déi nächst Jore wäert hie sech bestëmmt fir seng Idealer asetzen a probéieren, fir säi grousst politescht Zil z‘erreechen: dem Futtballstadion „Stade de Luxembourg“ e Lëtzebuerger Numm ze ginn! Et muss ee seng Prioritéiten ebe richteg setzen!

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider Artikelen

Gratis Maison Relais a Museksunterrecht

D’Crèchen, d’Maisons relaisen, d’Foyers scolaires an d’Dageseltere spillen eng wichteg Roll an der Ëmsetzung vun der Bildungspolitik vum Ressortminister Claude Meisch, fir all Kand déi nämmlecht Start- a Bildungschancen am Liewen ze ginn.

D’DP ass de Garant fir soziale Fridden am Land

D’Bilanspressekonferenz vun der DP-Fraktioun iwwert déi leschte Chamber-Sessioun gouf dominéiert vun de laangfristege Suite vun der Covid-Pandemie a vun den direkte Konsequenze vum Krich an der Ukrain.

Agny Durdu – D’Éislek dierf keen Naturreservat ginn

Wann ee mech freet, wou ech wunnen, da soen ech léiwer Hamiville. Heesdref verwiesselen der vill mat Heeschdref bei Walfer, laacht d’Agny Durdu virun hirem Büro op der Haaptstrooss. Net wäit ewech ass si um Bauerenhaff grouss ginn. Haut wunnt si mat hirer Mamm an hirem Brudder do.