Gusty Graas

E raisonnabelen Accord salarial an der Fonction publique

Déi lescht Deeg hunn an der Chamber d’Debatten iwwer de Budget vun 2023 dominéiert. Et ass et en oppent Geheimnis, datt dëse Budget natierlech duerch déi aktuell Krise gekennzeechent ass. 

Zënter der Pandemie goufe 5,5 Milliarden Euro als Aiden zur Verfügung gestallt, fir datt d’Betriber an d’Leit gutt duerch déi schwéier Zäite kommen. A da muss natierlech déi kruzial Fro gestallt ginn, ob et opportun ass, grad elo en neien Accord salarial mat der Fonction publique ofzeschléissen?

D’DP seet kloer Jo. Dofir ass de Minister Marc Hansen ze felicitéieren, datt hien et fäerdeg bruecht huet, e raisonnabelen Accord mat der CGFP ofzeschléissen. Dat beweist seng Fäegkeet, de sozialen Dialog konstruktiv ze féieren. An datt dëst Ofkommes nach konnt virum Auslafe vum aktuellen Accord ënnerschriwwe ginn, ass e weidere Beweis vum Wëlle vu béide Parteien, och an Zukunft e soziale Fridden am ëffentlechen Déngscht garantéieren ze kënnen.

Ëm wat geet et elo an dësem Ofkommes? Eelef verschidde Punkte si virgesinn. Virun allem stiechen natierlech déi 5% Erhéijung op den éischten 100 Punkte vun der Pai ervir. Dat ass e Novum an der Gehälterpolitik vun der Fonction publique. Déi Mesure ass begrenzt op ee Joer a mécht fir all Ugestallten eng brutto Augmentatioun vu senger Pai vun 106 Euro aus. Prozentual gekuckt kënnt dat natierlech virun allem de klenge Gehälter zegutt. Een deen 300 Punkten huet, also 6.360 Euro verdéngt, kritt 1,67% bäi. An een dee 500 Punkten huet, wat enger Pai vun 10.500 Euro entsprécht, kritt 1% bäi. Dofir ass déi Erhéijung un éischter Linn eng sozial Mesure. 

D’CGFP huet jo an de leschte Méint ëmmer nees eng Opwäertung vum Punktewäert gefuerdert. Deem gëtt jo och elo Rechnung gedroen. Ab dem 1. Januar 2024 kréien d’Ugestallten am ëffentlechen Déngscht – dat gëllt also och fir d’Gemengebeamten an aner parastaatlech Institutiounen – eng linear Erhéijung vun 1,95% vun hirem Akommes.

Da gëtt an der Carrière B1, also an der Carrière moyenne beim Staat, eng Primm fir d’Meeschterprüfung a fir de BTS (Brevet de technicien supérieur) agefouert. Vum 1. Juli 2023 u kënnt et zu enger Majoratioun vun den Echelonë vu 5 Punkte fir déi Leit, déi eng speziell Responsabilitéit hunn.  

An dësem Accord salarial, dee selbstverständlech nach muss d’Chamber passéieren, dréint sech net alles ëm d’Geld. An dat ass och gutt esou. Et sinn och nach eng aner Rei wichteg Punkte virgesinn.  Ech denken do un éischter Linn un d’Ofschafung vum Bewäertungssystem. Effektiv ass et an der Fonction publique – déi een net ka mam Privatsecteur vergläichen – méi schwéier, fir d’Leeschtung vun de Ugestallten ze moossen. De System bleift awer fir d’Fonctionnairen an d’Employéen am Stage bestoen. Mä et muss awer nach all Joer e Gespréich iwwer d’Objektiver tëschent dem Agent a sengem Chef stattfannen. 

Da soll och d’Gewerkschaftsfräiheet an d’Situatioun vun deene Leit, déi méi laang krank gemellt sinn, am Kader vun engem Aarbechtsgrupp ënnersicht ginn. 

Insgesamt kann een also vun engem Paradigmewiessel am ëffentlechen Déngscht schwätzen.

Léif Nolauschterer,

D’DP ass der Meenung, datt dësen Accord salarial dem ekonomeschen Ëmfeld ugepasst ass. Et ass e realistescht Ofkommes, dat och finanziell ze verkraaften ass. 50 Milliounen Euro mussen am Budget 2023 virgesi ginn a fir d’Joer 2024 sinn et der 80. Dat si selbstverständlech brutto Zuelen. Déi annuell Lounmass am ëffentlechen Déngscht läit de Moment bei tëschent 3,5 a 4 Milliarden Euro. 

D’Chamber wäert jiddwerfalls, esou bal déi eenzel Texter deposéiert gi sinn, an den Avis vum Staatsrot virläit, ganz schnell hir Aarbecht maachen, fir datt och den noutwennege legislative Kader vun dësem Accord salarial ëmgesat ka ginn. 

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Eis Kandidate fir Europa

D’Demokratesch Partei geet mat enger kompetenter, diverser an héichmotivéierter Lëscht an d’Europawale vum 9. Juni 2024. De Charles Goerens an d’Amela Skenderović féieren d’Lëscht als Spëtzekandidaten un.

weiderliesen...