Philippe Wilmes

Éischt Lektiounen aus der COVID-Kris

Zanter Mäerz gëtt eist Land vun der COVID-Pandemie erausgefuerdert an eist Gesondheetswiese steet ënnert engem enorme Stress. D’Kris huet gewisen, datt op allen Niveaue vun eiser Gesellschaft eng héich Solidaritéitsbereetschaft besteet, an datt sech dës Gesellschaft séier kann op existenziell Verännerungen ëmstellen.

An eisem Gesondheetssystem huet wärend deene puer Woche vu Mäerz bis Mee eng enorm positiv Dynamik tëscht allen Acteure bestanen: Et ass kloer ginn, datt et an engem gudde Gesondheetssystem déi vill eenzel Leit sinn, déi Kompetenz an Asaz bréngen. Strukture si just e Mëttel zum Zweck an net en Zweck u sech.

D’Grief, déi iwwer vill Jore gewuess sinn, konnten zäitweileg iwwerwonne ginn. D’Spideeler hunn op eng onkomplizéiert Aart a Weis zesummegeschafft – ënnerteneen a mat den Autoritéiten. D’Gesondheetspersonal war op allen Niveauen direkt an déi elementar Diskussiounen agebonnen a konnt Entscheedunge matgestalten. D’Dokteren – mat hiren onverfälschten Erfarungen aus dem direkte Kontakt mat de Patienten a mat hirem iwwer Joren opgebaute Wëssen – sinn endlech erëm direkt an d‘Decisiounsprozesser agebonne gewiescht.

Och an de Soins primaires war den Asaz grouss, d’Centres de Soins avancés (CSA) – als éischt Ulafstell fir d’Patienten – hunn eng zentral Roll an der Gestioun vun der Kris gespillt, geneesou wéi d’Urgencen an de Spideeler, d’COVID-Statiounen an d’Reanimatiounen, an deenen d‘Dokteren an d‘Gesondheetspersonal ronderëm d’Auer Patiente behandelt a gefleegt hunn.

D’Kris huet awer och déi verbesserungs- wierdeg Facettë vun eisem Gesondheetssystem gewisen. An den 90er Joren huet et der Politik richteg erschéngt, d’Medezin zum groussen Deel an de Spideeler ze konzentréieren. Wat op där enger Säit praktesch ausgesinn huet, hat op där anerer Säit och wirtschaftlech Virdeeler fir eise Sozialversécherungssystem: Andeems ee Spriechstonn, Röntgen, Operatioun an Nosuerg an een Haus péckt, an dëse Stot mat engem am Virfeld definéierte Budget finanzéiert, bitt een dem Patient alles op enger Plaz un a kontrolléiert och nach d’Käschte vun der Offer.

Iwwert d’Joren ass et fir d’Patienten awer ëmmer méi schwéier ginn, un d’medezinesch Offer erunzekommen. Dat fänkt u mam Accès an de Spideeler, deen néierens zefriddestellend ass. Dat geet weider mam Problem, fir e Rendezvous ze kréien, notamment wann et em verschidden Ënnersichunge wéi IRMe geet. Hei ass d’Plangwirtschaft, déi d’Zuel vun de Maschinnen an Apparater iwwert e Budget begrenzt – an zwar ouni dem medezinesche Fortschrëtt mat Zäit Rechnung ze droen – sécher mat Schold.

Et kënnt dann nach dobäi, datt et bei den Dokteren un Nowuess feelt, well de Beruff zwar u sech faszinant ass, déi jorelaang Studien an d’Aarbechtsbedingungen duerno awer ëmmer méi Jonker ofschrecken. Haut gëtt d’medezinesch Versuergung zu Lëtzebuerg vun esou wéineg Doktere pro Awunner gedroen, wéi souzesoen a kengem anere Land op der Welt. An et gëtt mat der Zäit ëmmer manner Dokteren, déi ëmmer méi musse schaffen, fir all hier Patiente kënnen ze versuergen. Trotzdeem wäerten d’Waardezäiten fir e Rendezvous weider an d’Luucht goen.

An der Kris ass kloer ginn, datt eng reng spidolszentréiert Approche an Zukunft net méi dat richtegt Rezept ass, fir eise Patienten eng accessibel an héichmodern Medezin unzebidden. Well d’Strukture just e Mëttel zum Zweck sinn, muss d’Fro gestallt ginn, ob d’Spidolsstrukturen nach zweckméisseg sinn.

Esou wéi eis Spideeler gebaut sinn – a well vill verschidde Leit hei an an aus ginn a sech stänneg begéinen – hunn d’Klinicke vu Mäerz bis Mee fir quasi all Patienten, ausser de COVID-Kranken, missen zougemaach ginn. Nëmmen eng ganz rudimentär Noutfalloffer ass bäibehale ginn. Dat huet dozou gefouert, datt ganz vill Patienten, z.B. an der Radiologie, nach bis haut op hir Ënnersichungen, Diagnosen a Behandlunge waarde mussen.

Mir brauchen dofir onbedéngt e System, deen nieft de Spideeler de Wäert vun de Soins primaires richteg unerkennt an och ambulant Strukture virgesäit. Dës sollen dezentral lokaliséiert, méi no bei de Leit sinn, a virun allem e besseren Accès hunn. Ausser Consultatioune soll de Patient och Röntgen, Scanner, IRMen an Endoskopië kënne gemaach kréien. Esou wier et zu Krisenzäite méiglech gewiescht, fir weider en héijen Niveau un „normaler“ Medezin unzebidden an dodouerjer déi deels erschreckend Schied ze verhënneren, déi mer elo bei eise Patiente gesinn. Esou e System hätt och soss nëmme Virdeeler: Duerch eng visibel, accessibel an ambulant Offer, déi déi spezialiséiert, stationär Offer an de Spideeler ergänze géif.

D’Kris ass nach net iwwerstanen. Déi rezent Zuelen mussen eis weider alertéiert halen. Mir riskéieren am Hierscht nämlech eng weider Well, déi eventuell méi grouss a méi komplizéiert wéi déi am Fréijoer kéint ginn. Verschidden Iwwerleeungen – wéi zum Beispill d’Konzentratioun vun de COVID-Patienten an enger spezifescher Struktur – sollen onbedéngt weidergefouert ginn. 

Op alle Fall huet d’Kris eng Rei Diskussiounselementer zur Organisatioun vun eisem Gesondheetswiesen op den Gesondheetsdësch geluecht, déi net méi dierfen ignoréiert ginn.

Den Dr. Philippe Wilmes, 39 Joer, ass orthopedesche Chirurg an Traumatolog. Den DP-Member huet sech bereet erkläert, fir den éischte ‘Blogpost’ fir den DP Magazin ze schreiwen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider Artikelen

Gratis Maison Relais a Museksunterrecht

D’Crèchen, d’Maisons relaisen, d’Foyers scolaires an d’Dageseltere spillen eng wichteg Roll an der Ëmsetzung vun der Bildungspolitik vum Ressortminister Claude Meisch, fir all Kand déi nämmlecht Start- a Bildungschancen am Liewen ze ginn.

D’DP ass de Garant fir soziale Fridden am Land

D’Bilanspressekonferenz vun der DP-Fraktioun iwwert déi leschte Chamber-Sessioun gouf dominéiert vun de laangfristege Suite vun der Covid-Pandemie a vun den direkte Konsequenze vum Krich an der Ukrain.

Agny Durdu – D’Éislek dierf keen Naturreservat ginn

Wann ee mech freet, wou ech wunnen, da soen ech léiwer Hamiville. Heesdref verwiesselen der vill mat Heeschdref bei Walfer, laacht d’Agny Durdu virun hirem Büro op der Haaptstrooss. Net wäit ewech ass si um Bauerenhaff grouss ginn. Haut wunnt si mat hirer Mamm an hirem Brudder do.