Carole Hartmann

Ëmwelt a Gesondheet ginn Hand an Hand

Eis Ëmwelt huet en direkten Afloss op eis Gesondheet – an dat a villerlee Hisiicht. Dat huet d’Covid-Pandemie däitlech gewisen. D’DP wëll dofir de Stellewäert vun der Ëmweltmedezin a vun der Gesondheetspolitik stäerken. 

Mir mussen an Zukunft net nëmme méi op op Zoonosen uecht dinn – also Infektiounskrankheeten, déi tëschent Mënschen an Déieren iwwerdroe ginn. Och aner Facteure spille méi eng wichteg Roll fir eis Gesondheet, wéi mer eis däers dacks bewosst sinn. Eng schlecht Qualitéit vu Loft, Waasser oder Buedem, ze vill Luucht oder Kaméidi, Pestiziden an Allergie kënne sech negativ op eis Gesondheet a eist Wuelbefannen auswierken. Si ginn awer allze dacks net als Ursaach vun eise Gesondheetsproblemer erkannt. 

Genee hei setzt d’Ëmweltmedezin un. Si versteet sech als Kausalmedezin, mam Zil, d’Ursaache vu gesondheetleche Problemer z’ënnersichen, amplaz just d’Symptomer ze behandelen. Dofir berécksiichtegt si bei der Diagnos och d’Genetik an eist natierlecht Ëmfeld. Fir datt d’Patiente vun der Ëmweltmedezin profitéiere kënnen, ass et awer néideg, datt d’Nomenclature ugepasst gëtt, fir datt Analysen an Traitementer– z.B. Entgëftungen – kënne vun der Krankekeess rembourséiert ginn. Mir mussen endlech vun der Gewunnecht ewechkommen, datt et duergeet d’Symptomer mat Medikamenter ze behandelen. Mir mussen dofir léieren, d’Zesummenhäng besser z’erkennen, d’Ursaache vun de Symptomer direkt unzegoen an d’Preventioun méi wäit ze denken.  

D’Sensibiliséierung spillt an deem Kontext och eng wichteg Roll, well vill Leit d’Ëmweltmedezin net richteg kennen. Dat gëllt fir d’Bevëlkerung an och fir d’Gesondheetspersonal. Dofir mussen d’Dokteren, d’Infirmièren an Hiewane besser sensibiliséiert a forméiert ginn. Nëmmen da kënne mir vum grousse Potenzial vun der Ëmweltmedezin profitéieren.

Carole Hartmann,
Deputéiert

Deelen:

Share on facebook
Facebook
Share on twitter
Twitter
Share on linkedin
LinkedIn
Share on email
Email
Share on whatsapp
WhatsApp

Weider News

Méi Renaturéierung an e bessere Warnsystem

D’Iwwerschwemmungen dëse Summer hunn eist Land onerwaart schro getraff. Am Verglach mat den Nopeschlänner, hat Lëtzebuerg Chance, dass kee Mënsch blesséiert ginn ass. Ma och bei eis hu sech dramatesch Zeenen ofgespillt an d’Waasser huet en enorme Schued gemaach. Dat zousätzlech zu enger Corona-Kris, déi scho fir sech eleng vill Leit a Betriber belaascht.

weiderliesen...
De Charel Goerens sëtzt u sengem Büro.

Europa

„Virun der Rentrée hunn ech mech mat de Lëtzebuerger Medie getraff, fir driwwer ze schwätzen, wéi d’EU-Aussepolitik an deenen nächste Jore besser ka finanzéiert ginn.

weiderliesen...