Fir en internationale Verbued vum Geo-engineering?

Grouss Spigelen am Weltall, d'Verspreeë vu Partikelen an der Atmosphär oder d'Schafe vu kënschtleche Wolleke fir d'Sonn ze reflektéieren: Dat si just e puer Beispiller vum sougenannten "Geo-engineering", op dat verschidde Wëssenschaftler wëlle setze fir d'Äerderwiermung ze stoppen. Well d'Konsequenze vu sou déifgräifenden Agrëffer an d'Natur awer onberechenbar a souguer potenziell dramatesch kënne sinn, hunn d'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, wat der Regierung hir Positioun zum Sujet ass a wat ënnerholl gëtt fir ze verhënneren, dass e Land dës Technologië mat weltwäitem Impakt asetzt.

« Dans la lutte contre le réchauffement climatique, certains scientifiques estiment que la géo-ingénierie, c.-à-d. les manipulations des systèmes écologiques et météorologiques à grande échelle, comme p.ex. la création de nuages artificielles, deviendra indispensable afin de réduire les effets dévastateurs du changement climatique. Or, les techniques de géo-ingénierie sont très controversées en raison de leurs effets imprévisibles et incontrôlables qui concerneraient l’humanité entière.

Dans ce contexte nous aimerions poser les questions suivantes à Madame la Ministre de l’Environnement, du Climat et du Développement durable :

– Quelle est la position du Gouvernement à ce sujet ?

– Le cas échéant, quels efforts le Luxembourg entreprend-il pour interdire au niveau mondial l’utilisation de techniques de géo-ingénierie ?

– Quel est l’état des discussions à ce sujet au niveau international ? »

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wisou hunn d’Aktivitéite vun der ONG ‘Eng oppen Hand fir Malawi’ mussen agestallt ginn?

Joerzéngtelaange waren d’Schwëstere vun der Lëtzebuerger Zithaklinik am St. Gabriel Spidol am Malawi aktiv fir der lokaler Bevëlkerung esou gutt et geet eng medezinesch Grondversuergung ze erméiglechen. Enn Januar hunn si hir Aktivitéiten awer missen op Uerder vum Bëschof an ouni Virwarnung astellen an de Site verloossen. Bis haut gëtt et keng Explikatioun. Eisen Deputéierte Gusty Graas huet sech beim Ministère fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten informéiert.

weiderliesen...

Bleift déi pediatresch Garde um Kierchbierg weider assuréiert ?

De Gesondheetsministère an d’Spidolsfederatioun hu rezent eng Conventioun ënnerschriwwen fir d’Garden an d’Astreinten vun den Dokteren an de Spideeler z’indemniséieren. Den DP-Deputéierten Gilles Baum a Carole Hartmann ass zu Ouere komm, datt fir d’Pediatrie um Kierchbierg just eng Garde vrigesinn ass. Fir d’pediatresch Chirurgie ass keng Garde geplangt ginn. Dowéinst wollte si vun der Gesondheetsministesch wëssen, ob d’Garde vun engem Kannerdokter eleng assuréiert ka ginn a wéi eventuell Problemer bei de Kapazitéiten geléist kënne ginn.

weiderliesen...