Claude Lamberty

Fir Land a Leit, wärend, an no der Corona-Kris

Léif Nolauschterinnen, Léif Nolauschterer,

D’DP huet d’lescht Joer Geschicht geschriwwen. Mir hunn deen éischten digitale Parteikongress zu Lëtzebuerg organiséiert.

Et war ee risege Succès. Dës Woch steet den zweeten DP-Digitalkongress um Programm. Och dës Kéier hunn mir alles gemaach, fir de Kongress esou innovativ, demokratesch an interaktiv ze gestalten ewéi méiglech.

Mir hoffen awer, datt eisen nächste Kongress erëm viru ville Memberen an engem volle Sall ka stattfannen.

D’DP ass gewinnt, mat Optimissem a mat Energie no vir ze kucken.

An do si mir iwwerzeegt, dass d’Luucht um Enn vum Virus-Tunnel ëmmer méi hell gëtt.

De Vaccin wäert et eiser Gesellschaft erlaben, fir grouss Deeler vun eiser Fräiheet zeréckzekréien, op déi mer quasi dat ganzt lescht Joer – a bis elo – hu musse verzichten.

All Impfung ass e weidere Schrack a Richtung méi Normalitéit.

An d’Impfbereetschaft zu Lëtzebuerg ass ganz grouss, méi grouss ewéi a ville Länner am Ausland. Wann d’Produzenten hir Liwwerpläng anhalen, gleewe mir, datt bis de Summer all erwuessene Resident eng Invitatioun kritt huet, fir sech impfen ze loossen.

Mir fillen op där anerer Säit awer och mat all deene Leit, déi ee Léiwe wéinst dem Virus verluer hunn oder deenen hir Gesondheet staark gelidden huet.

Et ass besonnesch enger liberaler Partei, wéi der Demokratescher Partei, net einfach gefall, fir all déi Krisemesuren am leschte Joer ze huelen.

Moossnamen, déi awer e gesonden Equiliber hunn tëschent der Gesondheet, der Fräiheet an der ekonomescher Aktivitéit vum Land.

Ma d’Santé publique stoung a steet fir eis ganz kloer op der éischter Plaz vun eise Beméiungen.

Mënscheliewe retten an déi Vulnerabelst schützen. Dat ass d’Prioritéit. A grad an dësen Zäite weist sech, dass d’Solidaritéit d’Fundament vun eiser Gesellschaft ass.

D’Solidaritéit ass e Stéck vun eiser DNA, dat hunn eist Land a seng Bierger déi lescht 13 Méint bewisen.

D’DP ass op alle Fall dovunner iwwerzeegt, datt mir d’Pandemie a hir Variante mat Impfungen, Disziplin, Recherche a gesondem Mënscheverstand Meeschter ginn. An zwar op eng Manéier, mat där eis Fräiheeten esou wäit ewéi méiglech garantéiert bleiwen.

D’Demokratesch Partei kuckt awer och an d’Zukunft a schafft dofir weider un ambitiéise Mesuren, fir e méi nohaltegt a solidarescht Lëtzebuerg, och nom Virus.

An de Finanze leeë mir z.B. d’Pisten, fir zukünfteg Investissementer, déi mir eis wéinst enger responsabeler Budgetspolitik weiderhin erlabe kënnen. D’Wuelbefanne vun eise Kanner an der Schoul wäert och no der Kris nach eng wichteg Roll spillen. An der Fonction Publique gëtt weider un der Verdéiwung vun der Digitalisatioun geschafft.

Och d’Work-Life-Balance an de Facteur Zäit wäerte fir d’DP weiderhi ganz uewen op der Prioritéitelëscht stoen. Mir wäerten dofir suergen, fir d’Aarbecht an d’Fräizäit vun de Leit nach besser am Sënn vun de Mënschen organiséieren ze kënnen. Net ze vergiessen, de Mëttelstand, den Horesca-Secteur an de Tourismus: Secteuren, déi deelweis eng Relance no der Kris brauchen.

Léif Nolauschterinnen, Léif Nolauschterer,

Eng gutt Zukunft fir Land a Leit, dat ass a bleift d’Zil vun der DP. An un deem Zil schaffe mir weider. Wärend an no Corona.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Eis Kandidate fir Europa

D’Demokratesch Partei geet mat enger kompetenter, diverser an héichmotivéierter Lëscht an d’Europawale vum 9. Juni 2024. De Charles Goerens an d’Amela Skenderović féieren d’Lëscht als Spëtzekandidaten un.

weiderliesen...