An der Konsultatiounsdebatt iwwer déi geplangten Aarbechtszäitorganisatioun huet d’DP-Presidentin Carole Hartmann dëse Mëttwoch an der Chamber begréisst, datt un engem Aktiounsplang geschafft gëtt, fir d’Kollektivvertragswiesen zu Lëtzebuerg ze stäerken, esou wéi d’EU-Obligatiounen dat virgesinn.
D’Iechternacher Deputée-maire huet virop ënnerstrach, datt d’Liewensrealitéit vun de Salariéen an d’Situatioun an de Betriber sech ëmmer weider entwéckelen. Haut wier den 9to5 Job net méi d’Reegel, ma d’Aarbechtszäite missten de Bedürfnisser ugepasst ginn.
D’Aarbechtsrecht géing de Beschäftegte wuel en héije Schutz bidden, géing awer net méi den Ufuerderungen a Wënsch no méi Flexibilitéit entspriechen; zemol fir d’Familljeliewen an de Beruff matenaner ze verknäppen. Verschidde Punke kéinten iwwer d’Kollektivverträg gereegelt ginn, ma de legale Kader misst och ugepasst ginn, fir juristesch Onsécherheeten z’evitéieren, esou d’Ost-Deputéiert, fir déi un e puer grousse Schrauwe muss gedréint ginn.
Virop sollt déi maximal deeglech Aarbechtszäit kënnen op Demande vum Salarié, respektiv iwwert de Kollektivvertrag, eropgesat ginn. D’DP setzt virun allem op de Sozialdialog an der Entreprise, wou de Patron an d’Personal e fairen Accord sollen aushandele kënnen. Dëst misst awer duerch d’Aarbechtsgesetz erméiglecht ginn, ouni eng allgemeng Verlängerung vun de Schaffdeeg anzeféieren. De Patron misst op alle Fall d’accord sinn.
Wat d’Rouzäite betrëfft, sinn den Ament 11 Roustonnen den Dag, a 44 konsekutiv Stonnen d’Woch virgesinn. Fir d’DP kéint ee sech virstellen, sech méi no un der EU-Propos vu 35 Stonnen d’Woch z’orientéieren. A klenge Betriber zum Beispill nëmmen op Demande vum Salarié an am Accord mam Patron, soss iwwer e Kollektivvertrag. Déi zwee fräi Deeg kéinten deen Ament anescht opgedeelt ginn, z.B. mëttwochs a sonndes amplaz vum normale Weekend.
Bei den Aarbechtspausen huet d’Carole Hartmann drun erënnert, datt d’Aarbechtsrecht just eng onbezuelte Paus den Dag virgesäit. D’DP ka sech méi där Pause virstellen. Fir datt d’Schaffdeeg awer net ze laang ginn, mat klore Limitten. Mat esou enger Ännerung kéint de Salarié (am Accord mam Betrib) Moies doheem schaffen an eréischt méi spéit op de Büro goen. Dat hätt de Virdeel, datt déi Beschäftegt net ze vill Zäit an der Stousszäit um Aarbechtswee verléieren an de Verkéier och entlaascht gëtt. Den Trajet vum Homeoffice op de Büro géing deemno als onbezuelte Paus gëllen.
D’Carole Hartmann huet och ënnerstrach, datt d’DP esou Flexibilitéiten net als eesäiteg Decisiounen, ma ëmmer als Accord tëscht dem Patron an dem Salarié gesäit. De Kollektivvertrag wier dee beschte Moyen, fir esou Léisungen auszeschaffen. Ass dat net de Fall, da misst eben eng Léisung tëscht Arbeitgeber an Arbeitnehmer ausgehandelt ginn.
Et géing der DP och net drëm, fir Léisunge virzeginn, ma fir eng Diskussioun tëscht de Sozialpartner unzestoussen, wéi de legale Kader, also de Code du Travail, de Liewensrealitéite vun haut besser Rechnung kéint droen: d.h. Flexibilitéit a Schutz vum Salarié intelligent matenaner verbannen.


