Flexibel Aarbechtszäiten

Iddi vum Mount – Flexibel Aarbechtszäiten

Méi flexibel Aarbechtszäiten – an dat fir jiddereen!

An der éischter Editioun vum DP Magazin hu mir den Teletravail virgestallt, mat deem mir de Leit an Zukunft manner Zäit am Stau an dofir méi Zäit fir sech a fir hir Famill erméigleche wäerten. Ma och méi flexibel Aarbechtszäite sinn zanter laangem e wichtegt Uleies vun der DP, fir dat mir eis och an Zukunft asetzen. Ee Schratt a Richtung vu méi flexibele Schaffzäite sinn d’Aarbechtszäitkonten.

Aarbechtszäitkonte generell aféieren

No der Aféierung vun Aarbechtszäitkonte am ëffentlechen Déngscht, huet d’Regierung eent vun hire Versprieche séier ageléist, andeems och Salariéen elo kënne vun esou Aarbechtszäitkonte profitéieren. D’Gesetz huet awer e klenge Schéinheetsfeeler, well déi Mesure just fir Betriber mat engem Kollektivvertrag gëllt. Mir setzen eis elo dofir an, datt alleguerten déi Beschäftegt kënnen hir Iwwerstonnen, an de Rescht vun hirem Congé, op engem perséinlechen Aarbechtszäitkont spueren. Déi Stonne kënnen z.B. fir Zäit mat der Famill, eng méi laang Vakanz, eng Auszäit oder fir eng Weiderbildung profitéiert ginn.

D’Aarbechtszäite flexibel gestalten

Wann een d’Iddi vun den Aarbechtszäitkonte weiderdenkt, dann ass ee séier bei enger anerer Fuerderung vun der DP, nämlech bei enger Joresaarbechtszäit (z.B. 1.800 Stonnen). Mir wëllen eng familljefrëndlech Flexibiliséierung vun der Aarbechtszäit, andeems mir déi rigid Reglementatioun upassen. D’Reegelung vun der maximaler Aarbechtszäit pro Dag (10 Stonnen) a pro Woch (48 Stonnen) soll dobäi bestoe bleiwen. Och d’Zouschléi fir d’Sonndeger a fir d’Feierdeeg gëlle weider. D’Aarbechtszäite sollen an Zukunft kënnen individuell tëschent dem Patron an dem Salarié ausgehandelt ginn. Mir wëllen dobäi op kee Fall déi traditionell 40-Stonne-Woch ofschafen, ma mir wëllen deene Leit entgéint kommen, déi net un engem 9-bis-17-Auer-Job interesséiert sinn. Patronen a Salariéen, déi keng zousätzlech Flexibilitéit brauchen oder wëllen, solle weider nom aktuelle System fuere kënnen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider Artikelen

Gratis Maison Relais a Museksunterrecht

D’Crèchen, d’Maisons relaisen, d’Foyers scolaires an d’Dageseltere spillen eng wichteg Roll an der Ëmsetzung vun der Bildungspolitik vum Ressortminister Claude Meisch, fir all Kand déi nämmlecht Start- a Bildungschancen am Liewen ze ginn.

D’DP ass de Garant fir soziale Fridden am Land

D’Bilanspressekonferenz vun der DP-Fraktioun iwwert déi leschte Chamber-Sessioun gouf dominéiert vun de laangfristege Suite vun der Covid-Pandemie a vun den direkte Konsequenze vum Krich an der Ukrain.

Agny Durdu – D’Éislek dierf keen Naturreservat ginn

Wann ee mech freet, wou ech wunnen, da soen ech léiwer Hamiville. Heesdref verwiesselen der vill mat Heeschdref bei Walfer, laacht d’Agny Durdu virun hirem Büro op der Haaptstrooss. Net wäit ewech ass si um Bauerenhaff grouss ginn. Haut wunnt si mat hirer Mamm an hirem Brudder do.