Fraktioun Teambuilding

Neies aus der Fraktioun – November 2020

Teambuilding

Am Oktober huet d’DP-Fraktioun en Dag organiséiert, un deem déi ganz Equipe zesummen d’Projete vum kommende parlamentaresche Joer ausformuléiert huet.

Am neien Hotel Mama Shelter gouf zesumme geschafft, gelaacht, an diskutéiert.

D’Fraktioun huet sech an de leschte Méint substanziell vergréissert, dofir war et och eng flott Geleeënheet, fir den Teamgeescht ze fërderen.

Op den nächsten zwou Säite vum DP Magazin stellen déi nei Mataarbechter vun der Fraktioun sech kuerz vir.

Nei Matarbechter

Lynn Strasser

Lynn Strasser
Attachée parlementaire

Mäin Interessi un der Politik hunn ech duerch mäi Studium op der United Nations University zu Maastricht entdeckt. Nodeems ech mäi Master in Public Policy and Human Development erfollegräich ofgeschloss hat, hunn ech den 1. Abrëll 2020 bei der DP ugefaang. Zanterhier këmmeren ech mech ëm d’Dossiere Bildung, Ekonomie an Digitaliséierung.

Eric Thill

Eric Thill
Attaché parlementaire

Ech sinn immens frou an och houfreg, am Summer d‘Chance kritt ze hunn, an der Fraktioun ze schaffen, a mech kënnen ëm d’Dossiere vum Logement, Aménagement du Territoire an dem Interieur ze këmmeren. Et mecht mir vill Freed, meng Erfarungen um Terrain, als Buergermeeschter a President vun der DP-Norden, an dës wichteg Dossieren afléissen ze loossen.

Loris Meyer

Loris Meyer
Attaché parlementaire

Ech sinn zanter 2011 Member bei der DP an der JDL. 2019 hunn ech déi super Erfarung gehat, fir als DP-Europakandidat mat an d’Walen ze goen. Promouvéiert hunn ech zu London op der Cass Business School mat engem Master an internationale Finanzen a Bankereglementatioun, an zu Bruges um Collège d’Europe mat engem Master an der Économie européenne. Zanter Januar 2020 begleeden ech eis Deputéiert an éischter Linn bei Froe ronderëm d‘Budgets- a Steierpolitik an awer och d’Finanzplaz.

Christine Fixmer

Christine Fixmer
Attachée parlementaire

No mengem Master zu London a Sociocultural Linguistics hunn ech déi lescht 10 Joer am Finanzsecteur divers Fongen an hir Clientë betreit. Ech war ëmmer politesch interesséiert a wollt eppes maachen, wou ech mech ka fir Land a Leit asetzen. Meng Dossiere sinn ënnert anerem déi vun der Justiz, der Press, der Baussepolitik, der Fonction Publique an den Institutiounen.

David Wilson

David Wilson
Grafiker

Op der Universitéit zu Aveiro (Portugal) hunn ech Multimedia Product Development studéiert. Ier ech 2014 op Lëtzebuerg komm sinn, hunn ech international Erfarungen a verschiddene Studioen zu Porto, München an Innsbruck gesammelt. Zanter Mëtt 2020 schaffen ech an der Ekipp Communication nouveaux médias. Ech entwéckele Grafiken an 2D- Animatiounen a beaarbechte Videoen a Fotoe fir den digitalen Optrëtt vun der DP op de soziale Medien.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider Artikelen

Gratis Maison Relais a Museksunterrecht

D’Crèchen, d’Maisons relaisen, d’Foyers scolaires an d’Dageseltere spillen eng wichteg Roll an der Ëmsetzung vun der Bildungspolitik vum Ressortminister Claude Meisch, fir all Kand déi nämmlecht Start- a Bildungschancen am Liewen ze ginn.

D’DP ass de Garant fir soziale Fridden am Land

D’Bilanspressekonferenz vun der DP-Fraktioun iwwert déi leschte Chamber-Sessioun gouf dominéiert vun de laangfristege Suite vun der Covid-Pandemie a vun den direkte Konsequenze vum Krich an der Ukrain.

Agny Durdu – D’Éislek dierf keen Naturreservat ginn

Wann ee mech freet, wou ech wunnen, da soen ech léiwer Hamiville. Heesdref verwiesselen der vill mat Heeschdref bei Walfer, laacht d’Agny Durdu virun hirem Büro op der Haaptstrooss. Net wäit ewech ass si um Bauerenhaff grouss ginn. Haut wunnt si mat hirer Mamm an hirem Brudder do.