Ben Ries

E staarke Programm fir d’Gemeng Lënster

D’DP ass zanter jeehier staark an der Gemeng Lënster mat hiren 12 Uertschafte vertrueden. Bei de Wale vun 2017 krut d’DP ronn een Drëttel vun de Stëmmen an ass elo mat 4 Leit an der Majoritéit vertrueden. D’Sektioun huet eng 150 Memberen.

D’DP huet sech dofir agesat, datt den Investitiounsprogramm fir déi nächst Joren all de Leit an der Gemeng zegutt kënnt: Nei Schoul- a Betreiungsinfrastrukture si geplangt, grad ewéi eng nei Museksschoul an eng Naturcrèche.

D‘Veräinssubside gi substantiell gehéicht an de Schlëssel gëtt méi einfach gemaach. Wéinst der Covid 19-Pandemie ginn et och aussergewéinlech Hëllefen. De Service Technique kritt weider Mëttele fir den Entretien vun den Dierfer, d’Gemengenhaus gëtt vergréissert, den Internetsite ass moderniséiert ginn. De Service sms2citizen iwwerdeems fonctionéiert perfekt a gëtt am November duerch eng App ergänzt.

Och am soziale Wunnengsbau ass vill geschitt. Zu Lënster si 6 Wunnenge bäikomm – méi wéi an de leschten 12 Joer zesummen. An der Lënstermëtt si 7 Eefamilljenhaiser an 9 Wunnengen „à côut modéré“ geplangt. Zu Guedber kënne 4 weider Haiser mat „bail emphythéotique“ kaf ginn.

Och a Punkto Mobilitéit entwéckelt sech Lënster ganz positiv: Erneierung vun der N11 duerch Jonglënster; Traversée vu Gonnereng an Eschweiler, geplangten 30er-Zonen an der Mëtt vun den Dierfer, besonnesch bei de Schoulen.

D’Lënster DP geet an d’Dierfer, schwätzt mat de Leit a kommunizéiert aktiv iwwert déi sozial Medien: En Austausch mat a fir d’Bierger vun eiser Gemeng.

Ben Ries

DP Lënster

De Ben Ries huet viru Kuerzem de Gilles Baum als Schäffen an der Lënster Gemeng ofgeléist. De Ben ass Enseignant a wunnt zu Gonnereng. D’Politik begleet hie scho säi ganzt Liewen; säi Papp war ëmmerhi 40 Joer laang an der Gemengepolitik. Dem Ben gefält den direkte Kontakt mat de Leit. Hie wëll konstruktiv un der Entwécklung vun der Gemeng matschaffen:

„An eiser DP-Sektioun si motivéiert, engagéiert a sympathesch Leit dobäi. Mir sinn eng flott Ekipp, a mat der Zäit ginn aus Kolleege Frënn. Esou mécht Politik natierlech Spaass.

Ech sinn 2017 als Zweetgewielten op eiser Lëscht an de Conseil komm. Zanter dem 1. September sinn ech Schäffen. Dat ass eng grouss Responsabilitéit, déi ech awer gären a mat ganzem Devouement ugeholl hunn.“

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider Artikelen

Gratis Maison Relais a Museksunterrecht

D’Crèchen, d’Maisons relaisen, d’Foyers scolaires an d’Dageseltere spillen eng wichteg Roll an der Ëmsetzung vun der Bildungspolitik vum Ressortminister Claude Meisch, fir all Kand déi nämmlecht Start- a Bildungschancen am Liewen ze ginn.

D’DP ass de Garant fir soziale Fridden am Land

D’Bilanspressekonferenz vun der DP-Fraktioun iwwert déi leschte Chamber-Sessioun gouf dominéiert vun de laangfristege Suite vun der Covid-Pandemie a vun den direkte Konsequenze vum Krich an der Ukrain.

Agny Durdu – D’Éislek dierf keen Naturreservat ginn

Wann ee mech freet, wou ech wunnen, da soen ech léiwer Hamiville. Heesdref verwiesselen der vill mat Heeschdref bei Walfer, laacht d’Agny Durdu virun hirem Büro op der Haaptstrooss. Net wäit ewech ass si um Bauerenhaff grouss ginn. Haut wunnt si mat hirer Mamm an hirem Brudder do.