Iddi vum Mount – Gratis Museksunterrecht

De 16. Juli huet de Regierungsrot säin Accord fir d‘Reform vum Lëtzebuerger Museksunterrecht ginn. Den DP-gefouerten Educatiounsministère huet a Consultatioun mat de betraffenen Acteuren 8 verschidde Mesuren ausgeschafft, fir d’Qualitéit an d’Accessibilitéit vum Museksunterrecht ze verbesseren, de Stellewäert vun der Musek ze stäerken, an d’Zesummenaarbecht tëschent de Museksschoulen, de Bildungs- an de Kannerbetreiungsstrukturen ze vereinfachen.

Déi wichtegst Mesure dovunner: d‘Aféierung vu gratis Musekscoursen. Genee wéi d’DP dat an hirem Walprogramm gefuerdert huet, wäerten d‘Kanner an déi Jugendlech vun engem landeswäite gratis Museksunterrecht profitéiere kënnen, an zwar vun der Rentrée 2022/2023 un.

„D’Museksschoule sinn e wichtege Pilier vun eiser Bildungslandschaft, genee sou wéi d’Schoulen, d’Kannerbetreiungsstrukturen oder d’Jugendhaiser. All Kand an all Jugendleche soll dofir d’Méiglechkeet hunn an eng Museksschoul ze goen, sief et fir ze musizéieren, ze sangen, ze danzen oder d’Konscht vum Schwätzen ze léieren.“

Claude Meisch, Bildungsminister

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Eng Stëmm fir Recht a Solidaritéit

D’Fräiheet verdeedegen, Partnerschafte stäerken an d’Interessie vu Lëtzebuerg an enger onsécherer Welt vertrieden: Dat waren d’Schwéierpunkte vum Vize- an Ausseminister Xavier Bettel senger Deklaratioun zur Aussepolitik.

weiderliesen...

Am Dialog zu Munneref

D’Ministere Xavier Bettel a Lex Delles, souwéi d’Deputéiert Carole Hartmann a Gilles Baum stoungen de Biergerinnen a Bierger de 27. Oktober 2026 Ried an Äntwert.

weiderliesen...