Teletravail - Fraktioun

Iddi vum Mount – Teletravail

Vun doheem aus schaffen? Dat ass an de leschte Méint fir vill Leit eng Realitéit ginn. An et fonctionéiert!: Dat seet op alle Fall eng rezent Etüd vum STATEC. Eng grouss Majoritéit vun de Befroten huet eng positiv Erfarung mam Teletravail gemaach. Vun doheem aus schaffen, dat heescht virun allem, de Wee op d’Aarbecht spueren. Dat bedeit och méi Zäit fir Famill, Frënn an Hobbyen. An och de Patron profitéiert, well seng Mataarbechter si méi zefridden a besser motivéiert. Also eng klassesch Win-Win-Situatioun!

D‘DP als Virreider

D’DP-Fraktioun war scho virun der Pandemie vun de Virdeeler vum Teletravail iwwerzeegt. Zanter Ufank vum Joer hunn nämlech all d‘Mataarbechter d’Recht krut, fir zwee Deeg an der Woch vun doheem aus ze schaffen – antëscht sinn et schonn 3 Deeg. Och de Minister vum ëffentlechen Déngscht Marc Hansen huet kee Virus gebraucht, fir zejoert Pilotprojeten an eenzele Verwaltungen ze lancéieren. 

Am Mäerz huet de Ressortminister dunn zéngdausende Beamten an den Teletravail geschéckt: Eng Herkulesaarbecht, déi exemplaresch gemeeschtert ginn ass.

Steierlech Ureizer an e klore Kader

Mir wäerten den Teletravail och an Zukunft fërderen, andeems mir steierlech Ureizer fir d‘Betriber a fir d‘Salariéeë schafen, déi vum Teletravail profitéieren. An der Fonction Publique huet bis op Weideres all Beamten d’Recht op dräi Deeg Teletravail an der Woch. Gläichzäiteg wäerte mir verhënneren, datt de soziale Kontakt zum Betrib an zu den Aarbechtskolleege verluer geet. Dofir setze mir eis fir e gesetzleche Kader an, deen d’Rechter an d’Flichten am Teletravail kloer definéiert.

Den Teletravail ass natierlech och interessant fir déi ronn 200.000 Frontalieren. De Finanzminister Pierre Gramegna huet et fäerdeg bruecht, datt si bis Enn dës Joer vun doheem aus schaffe kënnen, ouni steierlech Nodeeler ze hunn. Mir setzen alles drun, datt an Zukunft all Frontalier op d‘mannst een Dag an der Woch vum Teletravail profitéiere kann.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider Artikelen

Gratis Maison Relais a Museksunterrecht

D’Crèchen, d’Maisons relaisen, d’Foyers scolaires an d’Dageseltere spillen eng wichteg Roll an der Ëmsetzung vun der Bildungspolitik vum Ressortminister Claude Meisch, fir all Kand déi nämmlecht Start- a Bildungschancen am Liewen ze ginn.

D’DP ass de Garant fir soziale Fridden am Land

D’Bilanspressekonferenz vun der DP-Fraktioun iwwert déi leschte Chamber-Sessioun gouf dominéiert vun de laangfristege Suite vun der Covid-Pandemie a vun den direkte Konsequenze vum Krich an der Ukrain.

Agny Durdu – D’Éislek dierf keen Naturreservat ginn

Wann ee mech freet, wou ech wunnen, da soen ech léiwer Hamiville. Heesdref verwiesselen der vill mat Heeschdref bei Walfer, laacht d’Agny Durdu virun hirem Büro op der Haaptstrooss. Net wäit ewech ass si um Bauerenhaff grouss ginn. Haut wunnt si mat hirer Mamm an hirem Brudder do.