Corinne Cahen

Interview mat der Familljeministesch Corinne Cahen

DP: Corinne, du gees reegelméisseg d’Alters- a Fleegeheemer besichen. Wéi geet et de Leit?

CC: Et geet de Bewunner gréisstendeels gutt. Allerdéngs kréien ech all Dag vun eelere Mënsche gesot, se wéilten ni méi agespaart sinn. Ech kann dat ganz gutt verstoen. Mir wäerten dofir alles maachen, fir dass jidderee säi Liewe selbstbestëmmt liewe kann, och an den Alters- a Fleegeheemer. Parallel dozou wäerte mer natierlech och d’Bewunner esou gutt ewéi méiglech schütze virum Covid-19. D’Bewunner vun den Alters- a Fleegeheemer si bal alleguerte geimpft. Ech hoffen, dass de Covid 19 geschwënn nëmmen nach e schlechte Souvenir ass.

DP: Wat huet de Familljeministère bis elo konkret an der Kris gemaach?

CC: Mir hunn eis direkt am Mäerz zejoert dofir agesat, dass d’Haiser dat néidegt Schutzmaterial kréichen. Dat war deen Ament guer net evident, et huet un allem gefeelt. Zesumme mat de Chargés de direction hu mer am éischte Lockdown gekuckt, fir d’Bewunner mental a kierperlech a Beweegung ze halen. Mir hunn och Recommandatioune mat der Santé a mat der COPAS (also dem Secteur) ausgeschafft an ugepasst, un déi d’Haiser sech alleguerte gehalen hunnAn deene Recommandatiounen ass gereegelt, wéi d’Gestionnairen, d’Personal, d’Residenten sech ze verhalen hunn an den ënnerschiddlechste Situatiounen, wéi ee Material si musse benotzen, wéi eng Prozeduren se mussen uwenden.

Et war eis zu all Ament wichteg, differenzéiert Äntwerten op ganz ënnerschiddlech Situatiounen ze ginn.

Corinne Cahen

Mir hunn doriwwer eraus zesumme mat den Doktere sougenannte Lignes de garde organiséiert, fir dass d’Leit konnten doheem behandelt a gefleegt ginn – och nuets an de Weekend. Et war eis wichteg, ëmmer en Equiliber ze fannen tëschent dem Schutz virum Virus an der perséinlecher Fräiheet. An d’Mesuren hunn esou musse sinn, dass se d’Leit net méi krank gemaach hunn ewéi de Covid selwer.

Mir hu Kit Covid organiséiert (di richteg Medikamenter, fir dass d’Leit konnte richteg versuergt ginn), mir hunn Hygiènesformatiounen organiséiert a mir hunn Indicateure fir e Monitoring en place gesat. Dat alles nieft dem permanente Kontakt, deen ech ëmmer mat den Direktiounen hat, fir op all eenzel Situatioun kennen zesummen ze reagéieren.

Mir haten och direkt d’Réserve sanitaire en place gesat, op déi d’Gestionnairen och zeréckgegraff hunn. Et däerf een net vergiessen, dass wéinst Quarantainen an Isolatioun ëmmer nees Personal ewechgefall ass.

Mam LST hu mer e systemateschen Testing am Hierscht 2020 an den Haiser agefouert, souwuel d’Bewunner wéi och d’Personal goufe reegelméisseg getest an Enn Dezember 2020huet dunn d’Vaccinatiounscampagne ugefaangen.

Wéi lescht Joer endlech fiabel Schnelltester do waren, sinn déi an d’COVID-Gesetz mat agefloss an si ginn haut nach systematesch benotzt bei de Residenten, beim Personal a beim Besuch.

DP: Wat war fir dech am schlëmmsten an där Zäit?

CC: Dat allerschlëmmst ass, wa Mënsche krank ginn a stierwen. Ech hu selwer esouvill uerg Situatioune matkritt, dat geet immens un een. Et huet mer och immens wéi gedoen, wann d’Leit gekrasch hunn, well se hier Famill net hunn däerfe gesinn. Et ass schrecklech, wann ee muss Mënschen hier Fräiheet ewechhuele fir se ze schützen. An dann de Spagat maachen, tëschent deene Leit, déi immens Angscht virum Virus hunn, an deenen, déi léiwer de Risiko aginn, fir hir Léifsten an den Aarm ze huelen, ewéi isoléiert ze sinn. Dofir hu mir am Hierscht och déi Decisioun geholl, d’Haiser net méi zouzemaachen, mee de Sécherheetsdispositif ronderëm d’Haiser substantiell ze erhéijen, mat de Lignes de garde, dem Testing an dono der Vaccinatioun.

DP: Wéi preparéiert de Secteur sech op den Hierscht ?

CC: D’Residente si wéi gesot bal alleguer geimpft a si wäerten elo och d’Recht op eng drëtt Impfung kréie fir hier Anticorpen nachemol eropzeschrauwen. Dat heescht, dass de Krankheetsverlaf bei enger Infektioun net méi esou schlëmm dierft sinn. Ech wier frou, wann d’Impfquot och beim Personal nach mi héich géing ginn.

Ech wäert nei Recommandatiounen erausginn, déi mer zesumme mam Secteur a mat der Santé ausgeschafft hunn. Et geet do virun allem drëms, wéi een sech verhale muss, wann e puer Bewunner nees positiv sinn. An déi Leit, déi nei an d’Strukture plënneren, mussen a Quarantaine goen, wa se net geimpft sinn. 

DP: Kann een awer nees op Besuch goen an d’Alters- a Fleegeheemer ?

CC: Jo, de Besuch ass essentiell fir di eeler Leit. Dofir wëlle mer alles maachen, fir de Besuch net méi anzeschränken. Et gëllt jo de « Covid-Check » wann een an en Alters- oder Fleegeheem op Besuch geet.

Dat funktionéiert ganz gutt an dat hale mer och bäi. De Besuch soll awer d’Mask unhalen a wa méiglech och Distanz halen. Jidderee muss mat hëllefen, de Virus aus den Haiser erauszehalen. An dat geet am Beschten, wann d’Gestes barrières weider respektéiert ginn.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Eis Kandidate fir Europa

D’Demokratesch Partei geet mat enger kompetenter, diverser an héichmotivéierter Lëscht an d’Europawale vum 9. Juni 2024. De Charles Goerens an d’Amela Skenderović féieren d’Lëscht als Spëtzekandidaten un.

weiderliesen...