Lex Krieps – Fir Chancen- a Leeschtungsgerechtegkeet

De Kriepse Lex gëtt 1946 zu Guildford an England gebuer. Firwat an England? Ma well seng Mamm – eng gebierteg Irin – sech do wuel gefillt huet, fir hier 3 Kanner op d’Welt ze bréngen. Och wa si ee Joer virdru bei hire Mann – de Resistenzler, Offizéier a spéidere Minister Emile Krieps – op Lëtzebuerg komm ass. Dofir steet am Lex sengem Pass och AlexandER an net AlexandRE.

D’Famill wunnt an der Stad, de Lex spillt Handball um Bouneweger Standard, ma virun allem Futtball an den Déifferdenger Red Boys. Wéi Lëtzebuerg 1964 an der Europameeschterschaft zu Amsterdam géint Dänemark spillt, schreift säi Papp him esouguer eng Entschëllegung fir mat an Holland ze fueren.

Doheem gëtt englesch a lëtzebuergesch geschwat. D’Famill wunnt zanter 1950 um Belair. De Lex huet eng flott Jugend: „Mir hu vill gespillt, mer sinn an d’Péitruss Käschte vun de Beem rësele gaangen a si vill mam Vëlo doruechter gerannt. Et war d’Zäit vum Charly Gaul.” De Lex mécht seng Première C classique am Stater Kolléisch.

Op der Televisioun kuckt hie Reportage vum Pierre Lazareff an Igor Barrère iwwert d’Medezin. Dat huet de Lex därmoosse faszinéiert, datt hien op Montpellier Medezin studéiere gaangen ass. Et war eng Zäit vun de grousse Changementer an der Medezin. Zu Montpellier studéieren deemools och de Frënn a Schwoer Carlo Bock, de Jean Bisdorff, de Jean Beissel an de Bob Steinmetzer. Et si gutt Joren. De Lex a seng Frënn schaffe vill. Ma si loossen et sech och gutt goen.  

46 Joer op der Gare

1975 installéiert de Lex sech als Generalist op der Stater Gare. Am Ufank wunnt hien och do. Um Enn huet hie 46 Joer laang a sengem Cabinet geschafft. 

„Déi éischt Joren hunn ech vill Hausvisitte gemaach, et ware laang Deeg. Ech sinn och nuets Doudeschäiner an d’Péitruss ausstelle gaangen… .” De Lex baut sech déi Zäit och eng gutt Renommée bei den Expats op, déi ufänken an d’Land ze kommen. D’Probleemer op der Gare gesäit hien éischter pragmatesch. 

„Et ginn do generell méi Drogen. An aner Zenteren ewéi Esch oder Ettelbréck hu sech zeréckgehalen, fir den Drogekranken déi néideg Infrastrukturen zebidden. D’Stroosseprostitutioun ass komm, wéi d’Bordellen zougemaach gi sinn.

An et ass eeben eng Gare, mat all de Vir- an Nodeeler!

Net ze verwiessele mat der Charly’s Gare.” 😉

Den 13. Dezember 1999 hält de Lex seng éischte Ried als liberalen Deputéierten um Krautmaart. 2018 ass hien neméi mat an d’Wale gaangen. Hien erënnert sech gären un déi Joren: „Ech si bal mat jidderengem gutt eens ginn.” An der Gemeng Conter – wou hien 3 vu senge Kanner mat senger Fra Mieke groussgezunn huet – war hien och eng kuerz Zäit am Gemengerot.

Life-Long-Learning

Dem Lex seng Dossiere waren ëmmer d’Santé an den Travail. De Generalist huet do ganz kloer Prinzippien. „D’Santé publique ass essentiell fir eist Land. Ech si géint d’Bestriewungen, fir Deeler dovunner aus der ëffentlecher Hand eraus ze ginn.” Suerge maachen him och de Manktem u Generalisten: „Dobäi ass et e schéinen a wichtege Beruff.” E Beruff, an deem ee muss um lafende bleiwen. De Lex kritt bis haut déi wichteg international Publikatiounen heem geschéckt: „Ech liesen déi all, déi sinn net fir schéin ze maachen.” Hie geet jorelaang op grouss Kongresser op Boston, op Baltimore an op Chicago, fir ëmmer um leschte Stand ze sinn: „Mir bräichten eng Reegelung fir Life-long-learning am Beruff. Dat wier ganz wichteg.”

Méi Dokter Nati a manner Dokter Pizzaferri

Den Ufank vum Lex senger Pensioun ass an d’Corona-Pandemie gefall. D’Regierung géing hir Saach grosso modo gutt maachen. Hie fënnt awer, datt elo Zäit fir eng Impfflicht wier. Op alle Fall fir Leit, déi am Kontakt mat anere Mënsche sinn. D.h. Beschäftegt am Fleege- a Gesondheetssekter, an de Maisons Relaisen oder an de Crèchen. Ma och fir Leit am ëffentleche Sekter, déi direkt mam Public ze dinn hätten. De Lex versteet net, firwat d’Gesetz vum Code du Travail iwwert de Gesetzer vun der Santé steet. „An d’Gesondheetsministesch sollt och méi op den Dokter Nati aus dem CHL lauschteren ewéi op den Dokter Pizzaferri!” A wann de Marc Fischbach behaapte géing, datt d’COPAS zanter dem leschte Summer gutt opgestallt gewiescht wier, da mengt de Lex, datt dat ee Summer ze spéit gewiescht wier. 

Leeschtungsgerechtegkeet

De Lex huet vun doheem aus eng staark sozial Oder. Dofir huet hie sech ëmmer fir Chancen- a Sozial-Gerechtegkeet agesat. Wat hien net versteet, dat si Bestriewungen, déi a Richtung Chance-Gläichheet ginn. „Ech bestinn op d’Leeschtungsgerechtegkeet. Et kann net sinn, datt eng Partie vun der Populatioun op Käschte vum Staat lieft a keng Géigeleeschtung dofir bidde muss. Jidderee muss ee Bäitrag zum Ganzen droen.”

18 Joer President

Solidaritéit a Fairness, dat sinn och Prinzippien, déi dem Lex am Rugby gefalen. Hie war 18 Joer President vun der Lëtzebuerger Rugbysfederatioun. Et vergeet kee Joer, datt hien net op d’mannst eemol e Match vum Tournoi des VI Nations kucke geet. Zesumme mat senge Kolleegen. Well de Rugby ass virun allem Gesellegkeet a Frëndschaft. An dovunner kann de Lex net genuch kréien…

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Eis Kandidate fir Europa

D’Demokratesch Partei geet mat enger kompetenter, diverser an héichmotivéierter Lëscht an d’Europawale vum 9. Juni 2024. De Charles Goerens an d’Amela Skenderović féieren d’Lëscht als Spëtzekandidaten un.

weiderliesen...