Frank Colabianchi

Rapport iwwert den ëffentleche Finanzement vu Spidolsinvestissementer

Fir gutt Spideeler brauche mir déi néideg Investissementer fir de Bau, d‘Moderniséierung an den Entretien vun den Infrastrukturen.

Fir datt déi Investissementer am Aklang mat de Gesetzer sinn, huet de Lëtzebuerger Rechnungshaff e Spezialrapport iwwert den ëffentlechen Finanzement vun de Spidolsinvestissementer aus de Joren 2007 bis 2017 gemaach. Dee Rapport ass an der zoustänneger Budgetskontroll-Kommissioun ënnert d‘Lupp geholl ginn. Et gouf dofir Entrevue mat der Regierung a mat der Cour des comptes.

Den DP-Deputéierten a Kommissiounsmember Frank Colabianchi ass mam Rapport beoptragt ginn, an deem hie verschidde Constate vum Rechnungshaff beliicht an och Recommandatiounen zu de kommenden Investissementer am Spidolswiese formuléiert huet.

Dobäi gouf ë.a. festgehalen, datt de Monitoring vun de Projete säitens der Santé misst verbessert ginn. An enger anerer Recommandatioun gëtt ënnerstrach, datt gemeinsam Reegele musse fir déi kommend Investitiounen opgestallt ginn – egal ob de Staat Bauhär ass oder nëmmen ëffentlech Gelder fir de Projet zur Verfügung stellt.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Zäit fir en Tëschebilan

D’DP mécht Politik, déi d’Mënschen zu Lëtzebuerg am Alldag spieren. D’Parteipresidentin Carole Hartmann an de Fraktiounspresident Gilles Baum zéien no zwee an hallef Joer Bilan.

weiderliesen...

Press Recap

E Bléck op déi politesch Woch mat eisen DP-Mandatairen an der Press. Et goung ënner anerem ëm finanziell Hëllef fir Betriber, d’Roll vum Staat an der Economie an d’Wichtegkeet vun enger kritescher Kulturzeen.

weiderliesen...

Politik gräifbar maachen a präsent sinn

De President vun der DP Süde Marc Meyer huet de Sonndeg, 10. Mee 2026 um Bezierkskongress am Beetebuerger Schlass vun Zesummenhalt a Kollegialitéit geschwat, awer och vu Visibilitéit a vu Kommunikatioun, ouni déi Politik net méiglech wier.

weiderliesen...