Patrick Goldschmidt

Stad Lëtzebuerg: Méi Plaz fir d’Mënschen

Déi douce Mobilitéit weiderbréngen, de Mënsche méi Plaz am ëffentleche Raum ginn, d’Stad nach méi attraktiv maachen: Scho virun der Pandemie ass um Knuedler vill doru geschafft ginn, ma Covid huet ouni Zweiwel gehollef, fir Projeten nach méi séier ëmzesetzen. 

„Un Iddie fir d’Stad nach méi flott ze gestalten, feelt et net. Mee dat geet dacks net vun haut op muer“, sou de Stater Mobilitéitsschäffe Patrick Goldschmidt. Wichteg wier virun allem, eng sécher a biergerfrëndlech Infrastruktur ze schafen, wou d’Leit sech wuel fillen.

An deem Kontext si besonnesch zwee rezent Projete ze nennen: d’Beaumontsgaass, déi ewell Foussgängerzon ass, an de Gruef, neierdéngs „shared space“ – an och fir de Vëlo an déi zwou Richtungen op. Déi zwou Stroosse gi spéider nach duerch Bornen ofgeséchert.

Grad fir de Vëlo huet sech vill gedoen: vun der Vëlosbréck Cents-Kierchbierg, déi no jorelaangen Diskussiounen decidéiert ginn ass, iwwert déi nei Vëlospisten an der Neier an an der Aler Avenue, bis bei déi éischt „Vëlosstroossen“ am Land, an deenen de Vëlo Prioritéit huet.

„De Virworf, dass an der Stad just op den Auto gesat gëtt, loossen ech net gëllen. Den Auto huet an de leschte Jore vill Plaz zu Gonschte vum Vëlo a vum ëffentlechen Transport ofginn“, sou de Patrick Goldschmidt. „A fir déi nächst zwee Joer sinn nach en etlech Mobilitéitsprojeten an der Maach.“

Patrick Goldschmidt,
Schäffen Stad Lëtzebuerg

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Geziilt Inklusioun an der Grondschoul

Den Educatiounsminister Claude Meisch huet den Nationalen Aktiounsplang fir d’Inklusioun an der Grondschoul presentéiert. Dee soll méi effikass, méi séier a méi cibléiert funktionéieren, fir dass all Kand seng Plaz fënnt, an och d’Elteren an d’Enseignanten déi néideg Ënnerstëtzung kréien.

weiderliesen...

Entrevue mat der ALEBA

De 25. Mäerz hat d‘DP-Fraktioun een interessanten Echange mat der ALEBA. Et goung ëm d’Nohaltegkeet vun eisem Pensiounssystem, de wirtschaftleche Wuesstem an d’Attraktivitéit vun eisem Standuert.

weiderliesen...

Noen Osten/Energie: Entwécklung am A behalen

An der Tribune Libre vun der DP kuckt den Deputéierte Gusty Graas haut a wéi wäit sech d’Situatioun am Noen Oste kéint op Lëtzebuerg auswierken. Fir de President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun muss d’Regierung dobäi och, an zemol, d’Energie am A behalen.

weiderliesen...