Waasser aus der Musel fir jonk Riewen ze nätzen?

Zu Lëtzebuerg gëtt et haut schonn d'Méiglechkeet, Waasser aus der Musel ze huele fir jonk Riewen ze nätzen, wann et ze waarm an dréchen ass. Dat lescht Joer ass keng Demande beim Waasserwirtschaftsamt rakomm, quitt dass de President vun de Privatwënzer an engem rezenten Interview awer dofir plädéiert huet. Wat ass de Grond dofir? Misst méi iwwer dës Méiglechkeet informéiert, respektiv den administrativen Opwand reduzéiert ginn? Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet bei den zoustännege Ministeren nogefrot.

« Dans une interview parue récemment dans la presse écrite, le président des vignerons indépendants regrette que les viticulteurs luxembourgeois – contrairement aux vignerons allemands – ne puissent pas prélever de l’eau de la Moselle pour arroser les jeunes vignes pendant les périodes de sécheresse.

Or, la législation luxembourgeoise permet d’ores et déjà l’utilisation d’eau de la Moselle en cas de forte chaleur par les vignerons, sous condition d’introduire une demande d’autorisation à l’Administration de la gestion de l’eau.

Dans leur réponse à la question parlementaire n°2735 du 27 août 2020, Madame et Monsieur les Ministres indiquent qu’aucune demande d’autorisation n’a été introduite en 2020. Par ailleurs, il est précisé dans la même réponse que « tenant compte de la problématique énoncée et suite à une prise de contact récente de l’Institut viti-vinicole et de la Fédération viticole, une solution concrète respectant les contraintes de la législation sur l’eau sera recherchée et élaborée avec les acteurs concernés en cas de besoin. »

Au vu de ce qui précède, j’aimerais poser les questions suivantes à Madame la Ministre de l’Environnement, du Climat et du Développement durable et à Monsieur le Ministre de l’Agriculture, de la Viticulture et du Développement rural :

– Quel est l’état d’avancement de l’élaboration de la solution susmentionnée ? Madame et Monsieur les Ministres peuvent-ils déjà donner des précisions à ce sujet ?

– Madame et Monsieur le Ministre estiment-ils nécessaire de simplifier les démarches administratives afin de faciliter l’attribution d’une autorisation ?

– Est-ce que les demandes d’autorisation sont traitées en concertation avec les autorités allemandes afin de coordonner les prélèvements d’eau autorisés aux vignerons luxembourgeois et allemands ?

– Quelle est selon les ministres, la raison pour laquelle aucun vigneron n’ait demandé en 2020 l’autorisation de pouvoir prélever de l’eau de la Moselle ?

– Est-ce que la qualité d’eau actuelle de la Moselle répond aux normes prescrites pour pouvoir arroser les jeunes vignes ?

– Est-il prévu de sensibiliser davantage les vignerons quant à la possibilité de prélever de l’eau de la Moselle par temps de chaleur forte ? »

Äntwert

Déi lëtzebuergesch an déi däitsch Autoritéite géifen aktuell un enger gemeinsamer Approche fir Waasser aus der Musel ze huele schaffen, dat schreiwen d’Ministeren an hirer Äntwert. Wat Lëtzebuerg betrëfft, wier decidéiert ginn en Aarbechtsgrupp anzesetze fir d’Prozedure fir eng Autorisatioun ze kréien ze vereinfachen. Firwat 2020 allerdéngs guer keng Demande rakomm ass, dat wéissten d’Ministeren och net, op de Wäibaudeeg 2020 an 2021 hätten d’Wënzer op alle Fall all déi néideg Informatiounen zu deem Sujet presentéiert kritt.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Soll Cattenom ausgebaut ginn?

Wéi et rezent an der Press stoung, huet de Buergermeeschter vu Cattenom d’Kandidatur vu senger Gemeng eragereecht fir dass nei Reakteren do gebaut solle ginn. D’DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn hunn nogefrot, wéi d’Regierung heizou steet, an ob et Projeten am Beräich vun den erneierbaren Energië mat Frankräich gëtt fir eis Noperen z’encouragéiere Cattenom zouzemaachen.

weiderliesen...

Wisou hunn d’Aktivitéite vun der ONG ‘Eng oppen Hand fir Malawi’ mussen agestallt ginn?

Joerzéngtelaange waren d’Schwëstere vun der Lëtzebuerger Zithaklinik am St. Gabriel Spidol am Malawi aktiv fir der lokaler Bevëlkerung esou gutt et geet eng medezinesch Grondversuergung ze erméiglechen. Enn Januar hunn si hir Aktivitéiten awer missen op Uerder vum Bëschof an ouni Virwarnung astellen an de Site verloossen. Bis haut gëtt et keng Explikatioun. Eisen Deputéierte Gusty Graas huet sech beim Ministère fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten informéiert.

weiderliesen...