Eric Thill

Am Spotlight: Eric Thill

Am Spotlight vun der éischter Editioun vum DP Magazin steet de jéngste Gemengepapp vum Land, den Eric Thill.

De 26-järege Politikwëssenschaftler leet net nëmmen d’Geschécker vu senger Heemechtsgemeng Schieren, ma hien ass och de jéngste Bezierkspresident an der Geschicht vun der DP.

Mir hunn eis mam Eric iwwert seng Gemeng, de Bezierk Norden an iwwert seng politesch Prioritéiten ënnerhalen.

Eric, trotz dengem jonken Alter bass du a politesche Kreesser keen onbeschriwwent Blat méi. Wéi hues du déi lescht zwee Joer erlieft?

ET: Déi zwee Joer ware sécherlech intensiv an extrem léierräich. Ech hu mech engagéiert, well ech net zu deene wollt gehéieren, déi nëmme Saache kritiséieren ouni selwer eng Hand unzepaken. Ech wollt neie Wand an d’Lokalpolitik erabréngen a probéieren, fir meng Iddien duerchzesetzen. Zesumme mam Gemengerot si mir do um gudde Wee.

Du waars Éischtgewielte bei de leschte Walen? Hues du domadder gerechent?

ET: Neen, dat war och fir mech eng grouss Iwwerraschung. Ech hunn zwar säit laangem d’Gemengepolitik zu Schieren verfollegt, a wosst och, wou de Schong géif bei ville Bierger drécken, mä dat Resultat hat ech mir net erwaart. Dat huet awer och gewisen, datt d’Schierener Leit eng Verännerung a méi jonkt Blutt am Gemengerot wollten. Ech hunn deen Challenge mat Houfert ugeholl.

„D’Dezentraliséierung an d’fërdere vum Télétravail si fir mech prioritär”

Eric Thill

D’Gemeng Schieren féiert den Ament Fusiounsgespréicher. Wéi stees du zum Projet Nordstad?

ET: Ech stinn der Fusioun ganz positiv géigeniwwer. D’Nordstad ass fir mech eng eemoleg Chance fir déi betraffe Gemengen a fir déi ganz Regioun. D’Liewensqualitéit an d’Wuel vun de Bierger mussen am Mëttelpunkt vun de Fusiounsgespréicher stoen. Ech sinn der Meenung, datt d’Bierger sollte reegelméisseg iwwert den aktuelle Stand vun de Gespréicher informéiert ginn; mir fänken dofir geschwë mat Informatiounsversammlungen un. Dat ass immens wichteg, well d’Bierger behalen dat lescht Wuert. Et dierf näischt iwwert hire Kapp ewech decidéiert ginn.

Wou leien deng perséinlech Prioritéiten?

ET: D’Dezentraliséierung vun den ëffentleche Verwaltungen a Betriber an d’Fërdere vum Teletravail si fir mech prioritär. Ech gesinn doranner virun allem e Gewënn un Zäit an eng Verbesserung vun der Liewensqualitéit fir d’Leit am Norden. D’Regierung huet an deem Beräich schonn éischt Akzenter gesat. Dorobber muss elo opgebaut ginn. Ma och déi ëffentlech Investitioune musse weider héichgehale ginn.

Wéi eng Léieren zitts du aus der Corona-Kris?

ET: Déi lescht Wochen a Méint hunn eis drun erënnert, wéi wichteg eis lokal Ekonomie an eis lokal Betriber sinn. An deem Beräich musse mir eis Ofhängegkeet vum Ausland däitlech reduzéieren a verstäerkt op déi lokal Produktioun, dat lokaalt Handwierk an op de lokale Commerce setzen. Dat hëlleft eise Betriber, fir nees méi séier Buedem ënnert d’Féiss ze kréien. Et ass zu eisem an zu eiser Ëmwelt hirem Virdeel.

Wat hues du dir als President vun der DP-Norde fir déi nächst Zäit virgeholl?

ET: 2023 steet ee Superwaljoer virun der Dir. Ech sinn de Moment vill am Norden ënnerwee, fir de Bols bei eise Sektiounen ze fillen a fir mech mat hinnen auszetauschen. Dat ass mir am Virfeld vun de kommenden Aufgaben immens wichteg. Mir sinn nach net iwwerall do, wou mir hi wëllen. Ech sinn awer ganz zouversiichtlech, datt mir gutt gestiwwelt an déi nächst Wale ginn. Dir kënnt iech op den Norde verloossen!

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider Artikelen

Gratis Maison Relais a Museksunterrecht

D’Crèchen, d’Maisons relaisen, d’Foyers scolaires an d’Dageseltere spillen eng wichteg Roll an der Ëmsetzung vun der Bildungspolitik vum Ressortminister Claude Meisch, fir all Kand déi nämmlecht Start- a Bildungschancen am Liewen ze ginn.

D’DP ass de Garant fir soziale Fridden am Land

D’Bilanspressekonferenz vun der DP-Fraktioun iwwert déi leschte Chamber-Sessioun gouf dominéiert vun de laangfristege Suite vun der Covid-Pandemie a vun den direkte Konsequenze vum Krich an der Ukrain.

Agny Durdu – D’Éislek dierf keen Naturreservat ginn

Wann ee mech freet, wou ech wunnen, da soen ech léiwer Hamiville. Heesdref verwiesselen der vill mat Heeschdref bei Walfer, laacht d’Agny Durdu virun hirem Büro op der Haaptstrooss. Net wäit ewech ass si um Bauerenhaff grouss ginn. Haut wunnt si mat hirer Mamm an hirem Brudder do.