Colette Flesch – Keng politesch Regreten

Colette Flesch

„Colette, du kanns virun der Dier parken.“

„Neen, ech kommen zu Fouss. Ech wunne jo an der Uewerstad.“

Um Punkt 3 Auer ass d’Colette Flesch do. Et si 35 Grad. Eng Fläsch Spruddelwaasser an da geet et lass.

D’Eenzelkand Colette Flesch vun Diddeleng gëtt den 10. Mee 1940 mat den Elteren no Frankräich evakuéiert. De Papp ass Chef vum Diddelenger Walzwierk a wor just 8 Deeg aus dem Spidol eraus; hie fiert 3 Deeg an 3 Nuechten duerch. Am Juli stierft hien an der Dordogne. D’Colette huet 3 Joer.

D’Colette Flesch an hir Mamm bleiwe bis 1945 am Hexagon. Gewunnt gëtt zesumme mat Grousselteren, der Matante an hire Kanner. („D’Cousine an de Cousin wore fir mech wéi Schwëster a Brudder“). Du kommen d’Colette a seng Mamm zeréck op Lëtzebuerg a wunnen an der Stad. D’Meedche ka just franséisch a muss séier lëtzebuergesch an däitsch léieren. „Wann ech franséisch geschwat hunn, da krut ech Streech vun de Spillkolleegen. Dat wor déi beschte Method, fir et séier ze léieren“. D’Mamm suergt dofir, datt hiert Colette eng gutt Jugend huet. Si geet schaffen, wat déi Zäit net evident wor.

Nom Meedercherslycée schreift d’Colette Flesch e puer Demanden un amerikanesch Universitéiten. Si kritt eng Bourse a studéiert um Wellesley College an op der Fletcher School of Law and Diplomacy am Massachusetts.

1962 mellt d’Colette Flesch sech fir eng Plaz am Ausseministère: „Ech sinn ënnert deem engen an anere Virwand ofgewimmelt ginn, am Fong ower well ech eng Fra wor“. An deem Ministère sollt et nach 9 Joer daueren, bis ënnert dem Gaston Thorn déi éischt Fra 1971 an der Carrière supérieure engagéiert gëtt.

1964 kritt d’Colette Flesch eng Plaz zu Bréissel am Generalsekretariat vum Ministerrot vun der EG. 1968 gëtt si vum Gaston Thorn als Kandidatin fir virgezunne Chamberwale gefrot. „Et wor virum 50. Anniversaire vum Fraewalrecht an ech wor als Fechterin am Oktober bei den Olympesche Spiller vu Mexiko gewiescht. Hien huet Owes um 7 Auer telefonéiert, ech hat just 15 Leit op Besuch“. D’Mamm sot direkt „ech weess scho wéis de dech decidéiers“. De Mueren drop, um Véierel op 7, rifft de Gaston Thorn nach eemol un an d’Colette seet him zou. Och d’CSV an d’Sozialisten haten ugefrot, ma d’Enkelin vum liberalen Deputéierten Dr. Auguste Flesch geet mat der DP an d’Walen.

D’Colette Flesch gëtt als 2. Ersatzkandidatin gewielt a wéi de Gaston Thorn an den Eugène Schaus aus dem Zentrum mat der CSV an d’Regierung ginn, réckelt si op de Krautmaart no. Hir Kolleegen hunn hir direkt d’Mandat am Europaparlament iwwerlooss, fir dat et deemools keng direkt Wal gouf, ma eng Designatioun vum nationale Parlament. Zu Bréissel huet d’Colette deemools 36.000 Frang verdéngt, als Deputéiert woren et nach 3.000 Frang – ouni Sécurité sociale. Hatt geet dofir hallefdaags bei den Automobilsclub schaffen. 

DU MUSS ET UNHUELEN!

E puer Méint dono kënnt et dunn zum nächste Revirement: D’Colette Flesch geet mat an d’Gemengewalen an der Stad a gëtt mat 2.000 Stëmmen Avance déi Éischtgewielten op der DP-Lëscht – virum Camille Polfer a virum Boy Konen. An der Campagne hat d’DP versprach, datt de Beschtgewielte géing Buergermeeschter ginn. D’Colette Flesch wor eenzeg Fra um Knuedler, nach ni virdrun an engem Gemengerot a bei Wäitem déi Jéngsten ënnert all de Männer: „Ech wollt am Fong guer net Buergermeeschter ginn, ma de Gaston Thorn huet gemengt Du muss et unhuelen!“. An de spéidere Premier hat nach en Tuyau: „Du muss am Ufank vill schaffen; du muss all Dossier besser kennen ewéi all déi aner“. 

Deen nämmlechte Gaston Thorn wiesselt 1981 als Kommissiounspresident op Bréissel a gëtt vum Colette Flesch an der Regierung ersat. Si gëtt Vizepremier, Ausseminister (mam Commerce extérieur a mat der Kooperatioun), Justizminister a Wirtschaftsminister (plus de Mëttelstand.) 

INDUSTRIE CRÉPUSCULAIRE

Et wor Stolkris an no hirer Vereedegung sëtzt d’Colette Flesch direkt 17 Stonnen an der Tripartite: „Du hunn ech mer geduecht, ma dat geet jo scho gutt un“. D’Kris ass grouss an och d’Nervositéit. Nom Retour vun enger Amerikarees bezeechent d’Wirtschaftsministerin d’ARBED als „industrie crépusculaire“. E Saz, dee fir vill Opreegung gesuergt huet an dee si niméi sollt lassginn: „Ech géing de Saz nach eemol esou soen, well ech louch leider richteg“, betount si haut. „Ech hu wuel een ze vill staarkt Wuert gebraucht. Ech hunn awer och dobäi gesot, datt mir d’Stolindustrie selbstverständlech rette missten, ma datt mir och onbedéngt an d‘Zukunftsindustrien investéiere missten. Et wor doriwwer eraus e Message un d’Leit baussent dem Süden – bei deenen ech e gewëssen Onmutt gespiert hat –  datt net all d’Efforte kéinten exklusiv an d’ARBED gestach ginn“.

De Sport huet der Colette Flesch an esou Amenter gehollef: „Am Sport hunn ech geléiert, ze gewannen an ze verléieren“. Eng sportlech Attitüd, déi si och vun der DP no de Wale vun 2013 erwaart hätt: „Ech hu mat Iwwerzeegung fir d’Dräier-Koalitioun gestëmmt, ma et hätt een deemools op d’mannst solle mat der CSV schwätzen“.

Di fréier Vizepremier, Deputéiert a Stater Buergermeeschter wor dacks déi éischte Fra op hire Posten, ma si bleift dobäi, datt Fraequoten net alles bréngen. Déi wichtegste Viraussetzung wier, datt d’Frae bereet sinn, sech selwer z’engagéieren. An d‘DP wier – op d’mannst zanter 1968 – ëmmer bereet, fir de Fraen eng Chance ze ginn.

Regreten huet d’Colette Flesch am Réckbléck keng. „Jiddereen, deen Entscheedungen hëlt, mécht och Feeler. Ma ech gesinn net, wou ech haut géing fundamental anescht decidéieren“.

Colette Flesch
Colette Flesch
Colette Flesch
Colette Flesch
Colette Flesch
Colette Flesch

GLÄICHSTELLUNG VUN DE FRAEN

Op nationalem Plang ass si frou an dankbar, datt si konnt un e puer ganz wichtege Reforme matschaffen: beim Ofschafe vun der Doudesstrof, der Liberaliséierung vum Avortement, beim Aféiere vun der Palliativfleeg a bei der Depenaliséierung vun der Euthanasie.

Extra um Häerz läit der Colette Flesch awer d’Reform vun den Zivilrechter vun de bestuete Fraen: d’Réforme des régimes matrimoniaux vun 1974 a besonnesch d’Reform vun den Droits et devoirs des époux vun 1972. E Gesetzesprojet vu fundamentaler Wichtegkeet, deen de Gros vun de Gesetzer zur Verbesserung vun der Gläichstellung vun de Fraen an der Gesellschaft eréischt méiglech gemaach hätt: „E Projet, deen iwwregens 1972 vum deemolege Justizminister Eugène Schaus deponéiert gi wor. An net – wéi verschidde Leit mengen – vun der DP-LSAP-Regierung vun 1974-1979“.

No enger Dräivéierelsstonn drénkt d’Colette Flesch hiert Waasser aus. Notte brauch si keng anzepaken, si hat keng dobäi. Et ass nach ëmmer waarm a schmeier.

„Colette, soll ech dech heemféieren?“

„Nee Merci, ech hunn nach e puer Saachen an der Stad ze dinn…“.

Eng grouss Damm. Mat zwee Féiss fest um Buedem.