Carole Olinger

Eng staark DP-Ekipp fir d’Forge du Sud

D’Demokratesch Partei ass nees zu Diddeleng vertrueden. Déi 2018 gegrënnte Sektioun zielt aktuell 14 Memberen an ass motivéiert, eppes zu Diddeleng ze beweegen an d’Forge du Sud bei den nächste Gemengewalen 2023 méi blo ze fierwen. D’Sektioun huet eng Panoplie un Iddien, wéi een d’Liewe fir all d’Diddelenger verbessere kann. 5 Prioritéite wëlle mir iech hei virstellen.

D’DP-Diddeleng wëll sech fir ee méi koherent an zukunftsfäegt Mobilitéitskonzept asetzen, dat sech ënnert Anerem duerch besser Infrastrukture fir de Vëlo, eng Verbesserung vun der Beschëlderung a méi direkt Zuchverbindungen tëschent der Stad Lëtzebuerg an Diddeleng auszeechent. Eng vun den Top-Prioritéite vun der Sektioun ass et nämlech, de Stroossentrafic, souwuel am Diddelenger Stadkär, wéi och an de Wunnquartieren, ze reduzéieren.

D’Moderniséierung vun de Schoulinfrastrukturen a méi héich Investissementer beim informateschen Equipement vun de Grondschoulen a vun de Maisons relaise si weider Prioritéiten.Diddeleng ass déi véiertgréisste Stad vum Land a wäert an den nächste Joren nach weider wuessen. Dowéinst ass et der liberaler Partei wichteg, de Spidol-Standuert Diddeleng z’erhalen, fir den Awunner och an Zukunft een exzellenten Accès un d’Gesondheetsservicer z’erméiglechen.

D’Sektioun wëll all den Diddelenger d’Méiglechkeet bidden, sech weider z’entwéckelen an hinne méi Perspektiven ze schafen. Dofir maache mir eis staark fir eng méi grouss Offer u Formatioune fir Erwuessener a Senioren.

Mir setzen eis insgesamt fir Nohaltegkeet, Klima- a Naturschutz an. Eng verstäerkt Sensibiliséierung zu Ëmweltsujeten, wéi Littering, Upcycling an Anti-Gaspillage ass een Haaptuleies, well eng propper Stad méi Liewensqualitéit fir jidderee bedeit. 

Carole Olinger

DP-Diddeleng

D’Presidentin Carole Olinger ass 40 Joer jonk an Enseignante an der Grondschoul zu Diddeleng. Si verbréngt gären Zäit mat der Famill a mat Frënn, och an der Natur. D’Carole huet vill Freed u Sport a Reesen, a genéisst kachen a liesen. Mir hunn d’Carole gefrot, firwat hatt sech politesch engagéiert:

„Engagéiert hunn ech mech, well ech denken, datt et wichteg ass, datt méi Fraen a jonk Mammen sech politesch engagéieren, an d’Zukunft vun hire Kanner matgestalten. Ech sinn och der Meenung, datt et wichteg ass, datt Leit, déi um Terrain schaffen, hier Erfarung a Form vun direktem Feedback mat an d’Politik afléisse loossen. Nodeems ech gefrot gi sinn, fir mech als Kandidatin fir d’Chamberwalen opzesetzen, war et fir mech eng logesch Konsequenz,  och matzehëllefen eng DP-Sektioun zu Diddeleng ze grënnen.”

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider Artikelen

Gratis Maison Relais a Museksunterrecht

D’Crèchen, d’Maisons relaisen, d’Foyers scolaires an d’Dageseltere spillen eng wichteg Roll an der Ëmsetzung vun der Bildungspolitik vum Ressortminister Claude Meisch, fir all Kand déi nämmlecht Start- a Bildungschancen am Liewen ze ginn.

D’DP ass de Garant fir soziale Fridden am Land

D’Bilanspressekonferenz vun der DP-Fraktioun iwwert déi leschte Chamber-Sessioun gouf dominéiert vun de laangfristege Suite vun der Covid-Pandemie a vun den direkte Konsequenze vum Krich an der Ukrain.

Agny Durdu – D’Éislek dierf keen Naturreservat ginn

Wann ee mech freet, wou ech wunnen, da soen ech léiwer Hamiville. Heesdref verwiesselen der vill mat Heeschdref bei Walfer, laacht d’Agny Durdu virun hirem Büro op der Haaptstrooss. Net wäit ewech ass si um Bauerenhaff grouss ginn. Haut wunnt si mat hirer Mamm an hirem Brudder do.