Budget 2021: Ee Budget am Zeeche vun der Solidaritéit a vun der nohalteger Relance!

Pierre Gramegna

„De Budget 2021 ass en aussergewéinleche Budget fir aussergewéinlech Zäiten“, esou de Constat vum Finanzminister Pierre Gramegna bei der Presentatioun vum Budget am Oktober.

Dank der zukunftsorientéierter Finanzpolitik konnt d‘Staatsschold déi lescht Joren trotz Rekordinvestissementer schrëttweis ofgebaut ginn. An ouni Coronakris wier d’Schold esouguer op de Stand vun 2011 zeréckgaangen.

Lëtzebuerg war finanziell gutt op dës Kris virbereet

Am Géigesaz zu deene meeschten aneren EU-Staaten hat Lëtzebuerg dofir den néidege Sputt wéi d’Pandemie komm ass.

Déi Marge huet et der Regierung erlaabt, fir e Stabiliséierungs- a Relanceplang opzestellen, fir de Leit, Betriber an Independanten an dëse schwieregen Zäiten zur Säit ze stoen.

De Budget 2021 schreift sech an d’Kontinuitéit vun de Mesuren am Kampf géint d’COVID-Kris an. Et gi weider Accente gesat, fir méi séier duerch d’Kris ze kommen an eis Wirtschaft méi resilient an nohalteg op d’Zukunft ze preparéieren.

Dëse Budget steet also am Zeeche vun der Solidaritéit a vun der nohalteger Relance. Dofir si fir dat nächst Joer verstäerkt Moossname virgesinn, déi fir eng qualitativ orientéiert Entwécklung, konsequent Investissementer a punkto Solidaritéit, Logement an Nohaltegkeet, a fir infrastrukturell Attraktivitéit suerge wäerten.

De Budget 2021 gesäit Investissementer vun 2,8 Milliarden Euro vir. Dat ass méi wéi déi ordinär Investissementer vum leschte Joer. Héich Investissementer sinn déi richteg Entscheedung, fir Aarbechtsplazen ofzesécheren, Betriber an Independanten duerch d’Kris ze hëllefen an déi wirtschaftlech Relance ze beschleunegen.

De sozialen Zesummenhalt am Virdergrond

D’DP wëll an dësen onsécheren Zäiten grad déi nach méi schützen, déi am vulnerabelste sinn.

Deementspriechend wäert d’Allocation de vie chère dëst Joer ëm 10% an d’Luucht goen – an dat nodeems se am Kader vun der COVID-Kris verduebelt gi war. Och de REVIS wäert an dësem Zesummenhang no uewen ugepasst ginn.

Op den 1. Januar vun dësem Joer ass de Mindestloun ëm 2,8% erhéicht ginn, sou wéi dat reegelméisseg all zwee Joer geschitt, an hei op Basis vun der Evolutioun vun de Salairen an de Joren 2018 an 2019.

Fir d’Entreprisen, déi am meeschte vun der Kris betraff sinn – an dowéinst eng zousätzlech Belaaschtung duerch d’Erhéijung vum Mindestloun nëmme schwéier packe kënnen – wäert eng Hëllef vu 500 Euro pro Salarié iwwert de Mëttelstandsministère ausbezuelt ginn. Eng 40.000 Leit aus dem HORECA-Secteur, dem Eenzelhandel an aus dem Evenementiel wäerten dovunner profitéieren.

Pierre Gramegna
Pierre Gramegna

Aarbechtsplazen ofsécheren

Niewent der Verlängerung vun de Régimes d’aides an der Suite vum Relanceplang Neistart Lëtzebuerg, gesäit de Budget eng Verlängerung vum geziilte Régime vun der Deelzäitaarbecht bis d‘Mëtt vum Joer vir. De Chômage partiel ass eng wichteg Mesure, fir Aarbechtsplazen z‘erhalen. Ouni dëse Régime hätt sech de Chômage verduebelt (STATEC).

De Logementsministère iwwerdeems wäert 11% méi Mëttel kréien an de Spezialfong fir d’Schafe vun abordabelem Wunnraum gëtt bis 2024 verduebelt.

A fir d’Lutte géint de Klimawandel ass eng CO2-Steier agefouert ginn, esou wéi a villen anere Länner och. Nom Prinzip vum Pollueur-Payeur wäert d’Steier bis 2023 vun 20 op 30 Euro d’Tonn eropgoen. Konkret heescht dat, datt de Bensin an den Diesel dëtt Joer 5 Cent méi deier gi sinn.

D‘CO2-Steier ass keng gewéinlech Steier. Mat engem sozial gerechte Crédit d’impôt vu 96 Euro d‘Joer gëtt dës Steier fir déi méi sozial schwaach Stéit ofgefiedert.