De satiresche Eck

De satireschen Eck – Januar 2021

Nodeems mir am Dezember drop verzicht hunn, Réckblécker ze liesen, well mer souwisou scho wossten, datt dat Corona-Déngen do d’ganz Joer dominéiert – a mer esou lues och d’Flemm hunn, doriwwer ze liesen – proposéieren ech Iech haut e positiven Ausbléck op 2021. A si mer éierlech, vill méi schlecht kann et souwisou net ginn. An dobäi denken ech emol net un d’Sondageresultater vun der CSV.

D’Corinne Cahen an de Claude Lamberty – an e Grappvoll hardcore Ech-ginn-op-all-AG-Groupië – mussen dëst Joer net op 171 Generalversammlunge vun den DP-Sektioune flitzen. Dat eleng verbessert de Lëtzebuerger Klimabilan ëm 0,0074%. Héich Zäit deemno fir de grénge Punkt am DP-Logo e bëssi ze vergréisseren. Bei deene Grénge fält dat net wierklech an d’Gewiicht. Do geet traditionell keen op d’AGen a wann awer, dann demonstrativ mam Vëlo. De Verzicht op Generalversammlungen an op Neijoerschpätt huet och e positiven Afloss op d’Gesondheet: manner Alkohol a manner Schnittercher. Wann dir eemol en alkoholfräie Mount wëllt duerchzéien, de Januar 2021 ass wéi dofir gemaach!

D’CSV bleift och dëst Joer op der Sich no engem Leader, engem Kapitän, no engem neie Juncker, quoi. Mëttlerweil hu se awer gemierkt, datt esou een net vum Himmel fält an d’Hoffnung, e Messias bis 2023 ze fannen, gëtt ëmmer méi kleng. Dofir sot d’Martine Hansen och op RTL, datt si sech gutt virstelle kann, als Team an déi nächst Walen ze goen. Dat erënnert e bëssi un eng Futtballsekipp, déi keen aussergewéinleche Spiller an hire Reien huet, deen e Match ganz eleng entscheede kann. An deem Fall gëtt da vun der Stäerkt vun der Ekipp geschwat. Spannung versprécht bestëmmt den nächsten CSV-Kongress (vläicht erëm digital! do géif ech mech freeën). Ob d’CSV do en neie President wäert wielen? Deen aktuellen (jo, et ass nach ëmmer de Frank Engel) ass jiddefalls ugeschloen. Et war sécherlech nach ni sou einfach, President vun der gréisster Oppositiounspartei ze ginn. Déi Jonk hunn et generell schwéier sech bei der CSV-Wielerschaft duerchzesetzen (nedu, Serge Wilmes). Wat mécht eigentlech d’Astrid Lulling?

Vill Onrou gouf et an der Gaardenhaische-Gemeng Déifferdeng a bei all den Enseignanten am Land, well e fréieren Ersetzer am Fondamental gemengt huet, datt d’Kanner an der Cité du Fer besonnesch schlecht erzu wieren an d’Enseignante jo näischt ze schaffen hätten. Dëse „kontroverste Youtuber aus Lëtzebuerg“ (ech hunn en net kannt) ass zoustänneg fir d’Sozial Medie bei de Piraten (dat wonnert een net), a krut dunn awer ze spieren, datt een ni dierf géint déi wichtegst Reegel op de soziale Medie verstoussen: So näischt géint d’Enseignanten zu Lëtzebuerg! Hie krut awer och ze spieren, datt een ni soll seng Rolex op Facebook zum Verkaf ubidden a se da samschdes owes hannert d’Gare verklappe goen. Jiddefalls wëll de gudde Jong sech eng nei Rolex kafen. Da soll nach ee mir soen, d’DP wier d‘Bling-Bling-Partei!

Et ginn awer och Saachen, op déi een sech dëst Joer ka freeën: nees keng Päischtcroisière, de Cristiano Ronaldo muss nach eemol an de Josy Barthel-Stadion, genuch Wëllschwäi fir déi nächst Klappjuegten an dir braucht de Journal net méi an de Recycling Center ze féieren, well dee gëtt et nëmmen nach digital.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider Artikelen

Gratis Maison Relais a Museksunterrecht

D’Crèchen, d’Maisons relaisen, d’Foyers scolaires an d’Dageseltere spillen eng wichteg Roll an der Ëmsetzung vun der Bildungspolitik vum Ressortminister Claude Meisch, fir all Kand déi nämmlecht Start- a Bildungschancen am Liewen ze ginn.

D’DP ass de Garant fir soziale Fridden am Land

D’Bilanspressekonferenz vun der DP-Fraktioun iwwert déi leschte Chamber-Sessioun gouf dominéiert vun de laangfristege Suite vun der Covid-Pandemie a vun den direkte Konsequenze vum Krich an der Ukrain.

Agny Durdu – D’Éislek dierf keen Naturreservat ginn

Wann ee mech freet, wou ech wunnen, da soen ech léiwer Hamiville. Heesdref verwiesselen der vill mat Heeschdref bei Walfer, laacht d’Agny Durdu virun hirem Büro op der Haaptstrooss. Net wäit ewech ass si um Bauerenhaff grouss ginn. Haut wunnt si mat hirer Mamm an hirem Brudder do.