De Staat léist eis Betriber net am Ree stoen

Nieft ë.a. der Verlängerung vum Chômage partiel, huet de Mëttelstandsminister Lex Delles 3 zousätzlech Hëllefen an d’Liewe geruff, déi besonnesch deene Secteuren hëllefen, déi am schwéierste vun der Corona-Kris betraff sinn: Horeca, Tourismus, Kultur an Evenementiel.

Nei Direkthëllef fir d’Betribskäschten ze decken

Mat dëser Direkthëllef kréien d’Betriber aus dem Tourismus-, Horeca-, Kultur- an Eventsecteur en Deel vun hire Käschte vum 1. November 2020 bis den 30. Mäerz 2021 kompenséiert. „Bei ville Betriber komme keng Suen eran, d’Käschte bleiwen awer“, esou de Rapporter vum Gesetzesprojet, Guy Arendt.

Bei micro a klengen Entreprise si 90% vun de Käschten eligibel, bei mëttleren a groussen Entreprise sinn et der nach 70%. Wann de Betrib muss zoumaachen, gëllen esouguer 100% vun de Käschten als eligibel. 120 Milliounen Euro sti fir dës Hëllef bereet.

De Fonds de Relance gëtt verlängert an erweidert

„Déi aktuell sanitär Kris ass nach net iwwerstanen. Dat spieren och eis Betriber,“ huet d’Rapportrice Simone Beissel op der Chamberstribüne ënnerstrach. Am Kader vum Fonds de relance et de solidarité gëtt dofir d’Aide de relance fir Entreprisen aus dem Tourismus- Horeca- Kultur- an Eventsecteur verlängert an ausgebaut. An Zukunft kënnen nämlech och Betriber aus dem Commerce, Betriber vun assimiléierten Aktivitéiten ewéi de Soins à la personne, a Betriber aus dem Beräich vun der Formation professionnelle vun dëser Hëllef profitéieren. Déi eligibel Entreprisë kréie vun Dezember 2020 bis Mäerz 2021 eng net-remboursabel Direkthëllef an Héicht vun 1.250 Euro pro Salarié, dee schafft. Fir all Salarié, deen nach muss am Chômage partiel bleiwen, kritt d’Entreprise 250 Euro.

Kompensatioun vun der Mindestlounerhéijung

„D’DP war sech bewosst, datt d’Mindestlounerhéijung d’Betriber staark belaaschte wäert, besonnesch elo an enger Zäit, wou d’Ekonomie wéinst der weltwäiter Covid-Kris net méi ronn dréint an esouguer verschidde Secteuren hir Aktivitéiten eng zweete Kéier hu musse stoppen, fir de Virus an de Grëff ze kréien, a fir datt eis Klinicken net iwwerlaascht sinn. Dofir hu mir eis fir dës nei Hëllef agesat, déi den am stäerkste vun der Kris betraffene Secteuren ënnert d’Äerm gräift an eng Kompensatioun fir d’Erhéijung vum Mindestloun duerstellt.“, esou d’Rapportrice Carole Hartmann. Den Tourismus, den Horecaberäich, den Eventsecteur, de Commerce, d’Centres de formation a verschidden Entreprisen aus dem kulturelle Beräich, kréien elo eng net-remboursabel Direkthëllef vu 500 Euro pro Salarié, deem säi Salaire tëschent dem onqualifizéierten an dem qualifizéierte Mindestloun läit. Op dës Manéier gouf en zousätzlechen Outil geschaf, fir den Emploi ze stäerken an deen de Betriber d’Méiglechkeet gëtt, fir hir Leit an dëse schwéieren Zäiten an der Aarbecht ze halen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider Artikelen

Gratis Maison Relais a Museksunterrecht

D’Crèchen, d’Maisons relaisen, d’Foyers scolaires an d’Dageseltere spillen eng wichteg Roll an der Ëmsetzung vun der Bildungspolitik vum Ressortminister Claude Meisch, fir all Kand déi nämmlecht Start- a Bildungschancen am Liewen ze ginn.

D’DP ass de Garant fir soziale Fridden am Land

D’Bilanspressekonferenz vun der DP-Fraktioun iwwert déi leschte Chamber-Sessioun gouf dominéiert vun de laangfristege Suite vun der Covid-Pandemie a vun den direkte Konsequenze vum Krich an der Ukrain.

Agny Durdu – D’Éislek dierf keen Naturreservat ginn

Wann ee mech freet, wou ech wunnen, da soen ech léiwer Hamiville. Heesdref verwiesselen der vill mat Heeschdref bei Walfer, laacht d’Agny Durdu virun hirem Büro op der Haaptstrooss. Net wäit ewech ass si um Bauerenhaff grouss ginn. Haut wunnt si mat hirer Mamm an hirem Brudder do.