De Wee aus der Kris

Vaccine sinn déi beschte Waff géint de Covid-Virus. Si sinn déi effikasste Léisung, fir en haarden Hierscht a Wanter ze vermeiden.

Ganz vill Residentë si scho komplett geimpft. Si hunn alleguer Verantwortung iwwerholl – fir sech a fir hir Matmënschen. Déi positiv Auswierkunge vun den Impfunge sinn och däitlech an de Spideeler a bei den Doudesfäll ze spieren.

An trotzdeem huet sech eréischt all 4. Bierger hei am Land impfe gelooss. D‘Majoritéit vun de Leit, déi sech nei infizéiert hunn, waren net geimpft. E ganz groussen Deel vun de Patienten op den Intensivstatiounen an de Spideeler ass och net geimpft. An dobäi schützt grad de Vaccin viru schwéiere Covid-Erkrankungen.

Lëtzebuerg huet keng Impfflicht. D’Entscheedung fir de Vaccin bleift jidderengem säi fräie Choix. D’Regierung huet awer eng Verantwortung géigeniwwer der Allgemengheet. Fir d’Kris ze meeschteren muss den Impftaux dofir weider klammen.

D’Regierung huet grouss Efforte gemaach, fir d’Impfen esou einfach ewéi méiglech ze maachen: Ouni Rendezvous an der Victor Hugo-Hal oder am Impfbus, oder bei engem vun de ronn 250 Dokteren, déi an hirem Cabinet impfen. D’Vaccine sinn a bleiwen dat beschte Mëttel géint de Covid-Virus!

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Geziilt Inklusioun an der Grondschoul

Den Educatiounsminister Claude Meisch huet den Nationalen Aktiounsplang fir d’Inklusioun an der Grondschoul presentéiert. Dee soll méi effikass, méi séier a méi cibléiert funktionéieren, fir dass all Kand seng Plaz fënnt, an och d’Elteren an d’Enseignanten déi néideg Ënnerstëtzung kréien.

weiderliesen...

Entrevue mat der ALEBA

De 25. Mäerz hat d‘DP-Fraktioun een interessanten Echange mat der ALEBA. Et goung ëm d’Nohaltegkeet vun eisem Pensiounssystem, de wirtschaftleche Wuesstem an d’Attraktivitéit vun eisem Standuert.

weiderliesen...