DP-Remeleng: Eng blo Equipe an der Stad vum roude Buedem

2017 ass der jonker Equipe ronderëm de „Mini“ Wagner zu Rëmeleng e richtege Coup gegléckt. Zanter méi wéi 30 Joer ass nämlech eng nei Faarf an der Stad vum roude Buedem vertrueden: déi blo.

Meckere geet net duer

„D’Majoritéit war därmoosse gewinnt, un der Muecht ze sinn, dass villes an der Gemeng schif gelaf ass. Vill Leit waren onzefridden, mee déi politesch Optioune ware begrenzt: entweder rout oder schwaarz. Dat ass dach kee Choix!“, hält de Mini fest. A well mecke-ren net duer geet, wann een eppes ännere wëll, huet hie mat anere Leit zesummen eng DP-Sektioun zu Rëmeleng gegrënnt – knapp véier Méint virun de Walen. „Et war definitiv eng Erausfuerderung. Mee mir krute vill Ënnerstëtzung vun de Kolleege vun der DP-Käl-Téiteng. De Wëlle fir Verännerung war do a mir hate vill motivéiert Jonker, déi sech engagéiere wollten. Et geet eis net ëm politique politicienne. Mir wëlle konkret eppes beweegen an eis fir d’Leit asetzen.“

Nei Dynamik

Rëmeleng nees méi no vir bréngen a fir frësche Wand an der südlechster Gemeng vum Land ze suergen. Dat ass d’Haaptuleies vun der Rëmelenger DP-Sektioun. „Soss war hei ëmmer eng lass. Et goufe Kinoen, Diskoen, souguer en Tram ass hei gefuer. Haut gëtt et mol keng Bank méi, an d’Post gëtt och deemnächst zougemaach. Mir brauchen eng nei Dynamik an eiser Gemeng.“ Eng Haaptprioritéit ass d’Mobilitéit. Besonnesch wat de Beruffstrafic betrëfft setzt sech d’DP-Rëmeleng fir eng Verkéiersberouegung an d’Stäerke vum ëffentlechen Transport an. Donieft soll d’Situatioun och duerch en neit Park-Konzept a d’Schafe vun engem Shared-Space verbessert ginn.

Konkret Virschléi

D’Rëmelenger DP wëll konkret Politik fir d’Leit maachen. D’Bierger sollen nees méi staark agebonnen an et soll op hir Suerge gelauschtert ginn. Och Rëmeleng wiisst a brauch modern Infrastrukturen, déi un d’Besoine vun de Leit ugepasst ginn. Sief et beim Sport, an der Schoul oder am soziale Beräich. Glécklecherweis konnt den Dossier fir en neit Altersheem mat Hëllef vun der Familljeministesch deblockéiert ginn. Eng aner wichteg Fuerderung vun der lokaler DP ass d’Valoriséierung vum industrielle Patrimoine. „Jidderee kennt de Grouwen-Musée, mee et ginn nach vill aner flott Plazen, déi et derwäert sinn, entdeckt ze ginn!“ Grad elo wier mam Unesco-Programm Man & Biosphere am Kulturjoer Esch2022 de richtege Moment, fir den een oder anere spannende Projet an deem Beräich ze realiséieren. Op deem Wee kéint och den Tourismus am Süden nach méi gefërdert ginn.

Patrick Wagner genannt “Mini”

De Mini Wagner huet a sengem Liewe scho villes gemaach, am bekanntsten ass de fréiere Proprietär vun enger Wiertschaft awer fir seng Travestie-Show Mini’s Crazy Show, déi och nach haut queesch duerch d’Land populär ass. De 55-Järegen ass eréischt spéit an d’Politik komm.

„Et huet mer guer net gefall, wéi d’Saachen hei zu Rëmeleng gelaf sinn, mee et ass ëmmer méi einfach ze meckeren, wéi sech selwer z’engagéieren an et besser ze maachen. Ech wollt eppes veränneren.“

Fir de liberale Conseiller ass et besonnesch wichteg, och de Jonken an der Politik eng Stëmm ze ginn an op si ze lauschteren. Dass d’Jugend engagéiert ass a gutt Iddien huet, dovunner brauch keen hien z’iwwerzeegen: 2017 huet d’DP-Rëmeleng eng vun de jéngste Lëschten am ganze Land presentéiert

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider Artikelen

Gratis Maison Relais a Museksunterrecht

D’Crèchen, d’Maisons relaisen, d’Foyers scolaires an d’Dageseltere spillen eng wichteg Roll an der Ëmsetzung vun der Bildungspolitik vum Ressortminister Claude Meisch, fir all Kand déi nämmlecht Start- a Bildungschancen am Liewen ze ginn.

D’DP ass de Garant fir soziale Fridden am Land

D’Bilanspressekonferenz vun der DP-Fraktioun iwwert déi leschte Chamber-Sessioun gouf dominéiert vun de laangfristege Suite vun der Covid-Pandemie a vun den direkte Konsequenze vum Krich an der Ukrain.

Agny Durdu – D’Éislek dierf keen Naturreservat ginn

Wann ee mech freet, wou ech wunnen, da soen ech léiwer Hamiville. Heesdref verwiesselen der vill mat Heeschdref bei Walfer, laacht d’Agny Durdu virun hirem Büro op der Haaptstrooss. Net wäit ewech ass si um Bauerenhaff grouss ginn. Haut wunnt si mat hirer Mamm an hirem Brudder do.