DP Wooltz – eng dynamesch Ekipp mat villen Erausfuerderunge fir 2023

Zu Wooltz huet d’DP zwee Conseilleren; de Jean Jacquemart an den Amel Cosic, deen 2020 fir de Guy Herbin nogeréckelt ass. Déi zwee kënne sech op eng dynamesch a motivéiert Sektioun verloossen, déi wäert mat enger staarker Ekipp bei de Gemengewalen dat anert Joer untrieden. D’Sektioun huet eng 100 Memberen. 

D’DP vu Wooltz setzt sech virun allem fir eng Erweiderung vun den ëffentleche Servicer an. Z.B. bei der Post, der Steierverwaltung, dem Office social, asw. D’Gemeng wiisst séier, dofir géing et net just duer fir Wunnengen ze bauen. Och de Populatiounsbüro ass chronesch ënnerbesat a mam Bau vun der Maison médicale mat engem IRM, engem Scanner a mat engem Röntgenapparat, geet et och net richteg
virun.
Mir hunn och bei wäitem net genuch Generalisten an der Gemeng, bedauert de Sektiounscomité.

D’Zil vun der DP ass méi Mixitéit bei der Populatioun, een attraktive Commerce,  verschidde Wunnméiglechkeeten a performant Infrastrukturen. Grouss Projeten ewéi Wunne mat der Wooltz an Op Heidert wieren ze begréissen, ma d’Gemeng wier einfach net gutt genuch op dee staarken Awunnerzouwuess preparéiert.

Amel Cosic vun null op honnert

  • Den Amel huet 32 Joer 
  • Hien huet commerce administratif geléiert
  • Den Amel schafft am Centre hospitalier du Nord
  • Hien ass Member vum FC Wiltz 71 

Nom Récktrëtt vum Guy Herbin ass den Amel Cosic de 16. Dezember 2020 als Conseiller zu Wolz nogeréckelt. Kuerz nom Dout vum Henri Roemer huet hien och deem säi Mandat als Sektiounspresident iwwerholl. Vun null op honnert, beschreift hie selwer säi Wee an der Politik. 2017 ass den Amel eng éischte Kéier mat der DP an d’Gemengewale gaangen. 

De jonke Politiker wëll sech fir d’Leit zu Wooltz engagéieren an do speziell fir déi Jonk. Hie wëll hinnen eng Perspektiv op Aarbecht, Wunnen a Liewensqualitéit bidden. 

Den Amel war laang Member beim FC Wiltz 71, hie spillt awer elo zu Harel, wou hien och Trainer ass.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider Artikelen

Gratis Maison Relais a Museksunterrecht

D’Crèchen, d’Maisons relaisen, d’Foyers scolaires an d’Dageseltere spillen eng wichteg Roll an der Ëmsetzung vun der Bildungspolitik vum Ressortminister Claude Meisch, fir all Kand déi nämmlecht Start- a Bildungschancen am Liewen ze ginn.

D’DP ass de Garant fir soziale Fridden am Land

D’Bilanspressekonferenz vun der DP-Fraktioun iwwert déi leschte Chamber-Sessioun gouf dominéiert vun de laangfristege Suite vun der Covid-Pandemie a vun den direkte Konsequenze vum Krich an der Ukrain.

Agny Durdu – D’Éislek dierf keen Naturreservat ginn

Wann ee mech freet, wou ech wunnen, da soen ech léiwer Hamiville. Heesdref verwiesselen der vill mat Heeschdref bei Walfer, laacht d’Agny Durdu virun hirem Büro op der Haaptstrooss. Net wäit ewech ass si um Bauerenhaff grouss ginn. Haut wunnt si mat hirer Mamm an hirem Brudder do.