DP Schwaarz Iernz – en Neistart an der Pandemie

Ufank 2020, wéi d’Gespréicher ëm d’Relance vun enger DP-Sektioun an de Gemenge Konsdref, Bech, Beefort, Bäerdref a Waldbëlleg ugaange sinn, huet nach kee vum Covid-19 zu Lëtzebuerg geschwat. Ma déi Liberal op der Plaz hu sech net vun hirem Plang ofhale gelooss an am Juni virun 2 Joer hu si déi nei DP-Sektioun Schwaarz Iernz gegrënnt. 

An der Comitéssëtzung vum 7. Juli 2022 ass en neien Tresorier gewielt ginn, de Jean-Luc Nosbusch, éischte Schäffe vu Beefort. D’Presidentin ass d’Edith Jeitz a Sekretärin ass d’Yolande Kirsch. D’Sektioun ass awer nach op der Sich no aktive Comitésmemberen.

D’Sektioun aus der Regioun vum Mëllerdall huet 2 DP-Buergermeeschteren an hire Reien: D’Edith Jeitz vu Konsdref an de Joe Nilles vu Bäerdref. Der Sektioun hier gréisst Erausfuerderung fir 2023 ass d‘Gemeng Beefort, déi elo iwwer 3.000 Awunner huet an d’nächst Joer nom Proporzsystem wielt. De Schäffen- a Gemengerot schafft exzellent zesummen an dofir wëllen si zesummen als Biergerlëscht fir d‘Walen untrieden.

Mam Jean-Luc Nosbusch huet d’DP e Schäffen an der Gemeng Beefort, dee mir hei an engem kuerze Portrait virstellen.

De Jean-Luc Nosbusch kuckt mat Wäitsiicht op seng Gemeng

  • 1969 an der Stad gebuer
  • Hien huet e groussen Deel vu senger Jugend am Süde vum Land verbruecht a wunnt zanter 2012 am nërdlechen Deel vum Osten, zu Beefort
  • Bestuet a Papp vun 3 Kanner
  • Vu Formatioun ass hien Ingenieur, hien huet duerno eng national an international Carrière an de Finanze gemaach, an ass haut kommerziellen Direkter vun enger Entreprise, déi Finanzservicer ubitt. 

Fir de Jean-Luc war d’Gemeng Beefort Léift op den éischte Bléck. Dofir huet hie sech och séier lokal engagéiert: Bei de fräiwëllege Pompjeeën, an der Chorale an am Theaterveräin. 

Bei de Gemengewale vun 2017 huet hie schliisslech kandidéiert an ass direkt an de Conseil gewielt ginn. 2019 ass hien du Schäffe ginn. 

Politesch ass dem Jean-Luc d’Wäitsiicht immens wichteg: Mir mussen déi zukünfteg Beeforter Generatioune stäerken, andeems mir déi wirtschaftlech Attraktivitéit verbesseren an zousätzlech eis eenzegaarteg Natur an den historesche Patrimoine valoriséieren.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider Artikelen

Gratis Maison Relais a Museksunterrecht

D’Crèchen, d’Maisons relaisen, d’Foyers scolaires an d’Dageseltere spillen eng wichteg Roll an der Ëmsetzung vun der Bildungspolitik vum Ressortminister Claude Meisch, fir all Kand déi nämmlecht Start- a Bildungschancen am Liewen ze ginn.

D’DP ass de Garant fir soziale Fridden am Land

D’Bilanspressekonferenz vun der DP-Fraktioun iwwert déi leschte Chamber-Sessioun gouf dominéiert vun de laangfristege Suite vun der Covid-Pandemie a vun den direkte Konsequenze vum Krich an der Ukrain.

Agny Durdu – D’Éislek dierf keen Naturreservat ginn

Wann ee mech freet, wou ech wunnen, da soen ech léiwer Hamiville. Heesdref verwiesselen der vill mat Heeschdref bei Walfer, laacht d’Agny Durdu virun hirem Büro op der Haaptstrooss. Net wäit ewech ass si um Bauerenhaff grouss ginn. Haut wunnt si mat hirer Mamm an hirem Brudder do.