Mobilitéit

Gratis ëffentlechen Transport – Eng DP-Iddi geet hire Wee

Lëtzebuerg huet als 1. Land op der Welt de gratis ëffentlechen Transport agefouert. Zanter dem 1. Mäerz 2020 ass d’Fuere mam Zuch, Bus an Tram a ganz Lëtzebuerg gratis. D’Iddi vum Aféiere vum gratis ëffentlechen Transport staamt aus dem DP-Walprogramm 2018. Mir hunn derfir gesuergt, datt dës Iddi am Regierungsaccord festgehalen an elo ëmgesat gëtt.

Den ëffentlechen Transport als gläichwäerteg Alternativ zum Auto

D’DP ass sech natierlech bewosst, datt de gratis ëffentlechen Transport keen Allheelmëttel fir all d’Aspekter vun der Mobilitéit duerstellt. Den Ament falen ëmmer nach ze vill Zich a Busser aus, hu Verspéidung oder sinn zu Spëtzenzäiten iwwerfëllt. Dobäi gi mir bei der Verbesserung vun der Mobilitéit net ideologesch vir a verdäiwelen den Auto net. Fir d’DP soll am Endeffekt de Bierger selwer entscheeden, op wat fir e Verkéiersmëttel hien zréckgräife wëll. Den ëffentlechen Transport soll an deem Mooss gestäerkt ginn, datt e gréisstendeels eng gläichwäerteg oder esouguer besser a klimafrëndlech Alternativ zum Individualtransport bitt. D’Autofuerer wäerten an deem Sënn profitéieren, datt eng méi staark Notzung vun Zuch, Bus an Tram zu enger spierbarer Entlaaschtung vun den Haaptverkéiersachse bäidroe wäert.

Paradigmewiessel an héich Investitiounen

Virun allem an de ländleche Regiounen ass den ëffentlechen Transport nach keng gläichwäerteg Alternativ zum Auto. D’DP wäert d’Erausfuerderung an der Mobilitéit als e Ganzt ugoen: dat geet vun der grondsätzlecher Vermeidung vun onnéidegem Verkéier – zum Beispill duerch dezentral Aarbechtsplazen an duerch den Teletravail – bis hin zu massiven Investitiounen an den ëffentlechen Transport an an d’Verkéiersinfrastruktur. Den Ausbau vum Schinnenetz, vu P&R-Opfangplazen a vun Expressbuslinnen ass just en Deel vun eiser Mobilitéitsstrategie fir d’Zukunft.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider Artikelen

Gratis Maison Relais a Museksunterrecht

D’Crèchen, d’Maisons relaisen, d’Foyers scolaires an d’Dageseltere spillen eng wichteg Roll an der Ëmsetzung vun der Bildungspolitik vum Ressortminister Claude Meisch, fir all Kand déi nämmlecht Start- a Bildungschancen am Liewen ze ginn.

D’DP ass de Garant fir soziale Fridden am Land

D’Bilanspressekonferenz vun der DP-Fraktioun iwwert déi leschte Chamber-Sessioun gouf dominéiert vun de laangfristege Suite vun der Covid-Pandemie a vun den direkte Konsequenze vum Krich an der Ukrain.

Agny Durdu – D’Éislek dierf keen Naturreservat ginn

Wann ee mech freet, wou ech wunnen, da soen ech léiwer Hamiville. Heesdref verwiesselen der vill mat Heeschdref bei Walfer, laacht d’Agny Durdu virun hirem Büro op der Haaptstrooss. Net wäit ewech ass si um Bauerenhaff grouss ginn. Haut wunnt si mat hirer Mamm an hirem Brudder do.