Digitalkongress 2020

DP-Digitalkongress

D’DP huet de 15. Juni den éischten digitale Parteikongress zu Lëtzebuerg ofgehalen.

#INNOVATIV

Permanent iwwer 600 Memberen hunn iwwer „Zoom“ an iwwer eis Live-Streams op Facebook, Youtube an dp.lu um Kongress deelgeholl.

#INTERAKTIV

76 Froe goufe wärend dem Live Q&A un d’DP-Ministere gestallt, 12 Memberen hu live geschwat.

#DEMOKRATESCH

131 Kandidate sinn ugetrueden an et hunn duebel esou vill Memberen hir Stëmm ofginn, wéi um Kongress dat Joer virdrun.

Digitalkongress 2020

De 15. Juni um 9 Auer owes huet d’DP Geschicht geschriwwen. Mir hunn als éischt Partei zu Lëtzebuerg en digitale Kongress erfollegräich organiséiert. Den Nationalkongress ass all Joer de wichtegste Rendezvous vun eiser Partei. Mir erënneren eis gären un d’Biller vun engem struppevollen Tramsschapp. An dat seet eis och schonn, firwat e klassesche Kongress wärend der COVID-19-Pandemie net méiglech war.

„Fir d’DP ass et elo eng Prioritéit, FIR an d’Mënschen an an d’Betriber z’investéieren.” 

CORINNE CAHEN

Digitalkongress 2020 - Corinne Cahen

Nieft dem digitalen a participativen Aspekt waren et natierlech virun allem déi politesch Rieden, déi eisen Nationalkongress marquéiert hunn. D’Parteipresidentin Corinne Cahen huet an hirer Ried e staarke Plädoyer fir déi lokal Betriber a fir d’Produktiounskette gemaach, déi grad elo Hëllef bräichten. D’DP wäert deemno och an Zukunft d’Investitiounen héichhalen, Vertraue schafen an an d’Mënschen an an eis Betriber investéieren.

„Et ass wichteg, FIR eis Fräiheeten ze stäerken an dofir ze kämpfen, dass eis Demokratie – esou wéi mir se schätzen – och staark bleift.” 

XAVIER BETTEL

Digitalkongress 2020 - Xavier Bettel

Dat gesäit och de Premier Xavier Bettel esou, deen a senger Ried op de mënschlechen Aspekt vun der sanitärer Kris agaangen ass. D’Land hätt de Wäert vum soziale Kontakt virun Ae gefouert kritt a gespuert, wéi et sech ufillt, wann eis Fräiheeten a Gefor sinn.

D’DP léisst et sech natierlech net huelen, de Kongress am richtege Liewen nozehuelen, esoubal déi sanitär Situatioun dat erlaabt – dann och mat engem gudde Patt an interessante Gespréicher. Mir freeën eis, fir Iech alleguerten erëmzegesinn!

Digitalkongress 2020
Digitalkongress 2020
Digitalkongress 2020
YouTube

By loading the video, you agree to YouTube's privacy policy.
Learn more

Load video

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider Artikelen

Gratis Maison Relais a Museksunterrecht

D’Crèchen, d’Maisons relaisen, d’Foyers scolaires an d’Dageseltere spillen eng wichteg Roll an der Ëmsetzung vun der Bildungspolitik vum Ressortminister Claude Meisch, fir all Kand déi nämmlecht Start- a Bildungschancen am Liewen ze ginn.

D’DP ass de Garant fir soziale Fridden am Land

D’Bilanspressekonferenz vun der DP-Fraktioun iwwert déi leschte Chamber-Sessioun gouf dominéiert vun de laangfristege Suite vun der Covid-Pandemie a vun den direkte Konsequenze vum Krich an der Ukrain.

Agny Durdu – D’Éislek dierf keen Naturreservat ginn

Wann ee mech freet, wou ech wunnen, da soen ech léiwer Hamiville. Heesdref verwiesselen der vill mat Heeschdref bei Walfer, laacht d’Agny Durdu virun hirem Büro op der Haaptstrooss. Net wäit ewech ass si um Bauerenhaff grouss ginn. Haut wunnt si mat hirer Mamm an hirem Brudder do.