Firwat ass den Helleg-Geescht-Parking nach ëmmer net fir de Public op?

Den DP-Deputéierte Carole Hartmann a Claude Lamberty ass zu Ouere komm, dass nach ëmmer keng Ausschreiwung fir en Exploitant vum Helleg-Geescht-Parking ze fanne gemaach ginn ass. Dowéinst hu si beim zoustännege Minister nogefrot, ob dat sou ass a wat d'Grënn heifir sinn.

„D’Renovatiounsaarbechten um Helleg-Geescht-Parking an der Stad sinn zënter enger Rei Méint ofgeschloss. Allerdengs ass de Parking zënterhir net wéi virgesinn fir d’Ëffentlechkeet owes a wärend dem Weekend opgaang.

Et ass eis zu Ouere komm, dass de Grond heifir dee wier, dass bis elo nach ëmmer keng Ausschreiwung fir en Exploitant vum Parking ze fannen gemaach ginn ass.

An deem Kader wollte mir dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:

  • Huet d’Administration des bâtiments publics schonn eng Ausschreiwung fir d’Exploitatioun vum Helleg-Geescht-Parking gemaach?
  • Wa jo, wéini ass dës Ausschreiwung verëffentlecht ginn? Goufen et scho Soumissiounen? Bis wéini ass geplangt, en Exploitant ze designéieren?
  • Wann net, wat sinn d’Grënn heifir?
  • Wéi steet den Här Minister dozou, de Parking op mannst fir d’Mataarbechter aus der Cité judiciaire, fir Leit, déi e Rendez-vous um Geriicht hunn, grad ewéi fir hir Affekoten a Begleeder opzemaachen?“

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi kann d’Gesondheet vun de Kanner verbessert ginn ?

D’Gesondheetsproblemer bei de Kanner klammen an den Accès zu Pediatere gëtt ëmmer méi schwiereg. D’DP-Deputéiert Mandy Minella a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi eng Mesüre virgesi sinn fir d’Situatioun ze verbesseren, ob eng national Strategie fir d’Gesondheet vun de Kanner envisagéiert gëtt an ob een nationale Coordinateur fir d’Kannergesondheet agesat sollt ginn.

weiderliesen...

Concasséiere vu Material an der Gréngzone

D’DP-Deputéiert Luc Emering an André Bauler hunn dem Ëmweltminister eng Rei Froen zum Concasséiere vu Material an der Gréngzone gestallt. Si wollten ënnert anerem wëssen, ob eng Naturschutzautorisatioun dofir néideg ass, a firwat net an all Autorisatioun fir Bauten an der Gréngzone vermierkt gëtt, datt mat recycléiertem Material soll geschafft ginn.

weiderliesen...

Gëtt een zweete PET-CT ugeschaaft?

Déi fréier Gesondheetsministesch hat matgedeelt, datt eventuell een zweete PET-CT ugeschaaft kéint ginn, fir d’Waardezäit fir d’Patienten ze verkierzen. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der aktueller Gesondheetsministesch nogefrot, wou d’Uschafung vun dësem zweete PET-CT drun ass, ob dësen Apparat eventuell an d’Spidol zu Ettelbréck kéint kommen a wéi sech d’Zuel vun de Behandlungen an de leschten 10 Joer an deem Beräich entwéckelt hunn.

weiderliesen...