Ufank vun enger neier Dynamik zu Esch-Uelzecht

De Süde vum Land – a virop Esch-Uelzecht – stin am Mëttelpunkt vum europäesche Kulturjoer 2022.

Ee vun responsabele Leit hannert der Organisatioun ass den Escher Kulturschäffe Pim Knaff. 

An der Hallschent vun Esch2022 zitt den DP-Deputéierten e méi wéi positive Bilan. D’Zesummenaarbecht mat den 10 Gemenge vu Pro-Sud géing optimal fonctionéieren an  d’Manifestatioune wire gutt besicht. Iwwerdeems géingen d’Renovatiounen a d’Reaffectiounen z.B. vum Bruderhaus oder vum Ariston fir en neie Wand zu Esch suergen.

E ganz wichtegen Aspekt vum Kulturjoer ass awer den Ufank vun enger verbesserter Perceptioun vun Esch, déi Hand an Hand mat der wirtschaftlecher an touristescher Promotioun vun der Stad geet, esou de Pim Knaff: D’Kulturjoer stellt d’Weichen, op deene mer nom Kulturjoer musse virufueren. Mir musse vun der fräigesatener Dynamik an Energie profitéieren, fir den Image an d’Entwécklung vun eiser Stad an alle Beräicher virunzebréngen.

Fotoen: © Ville d’Esch-sur-Alzette/Emile Hengen

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider Artikelen

Gratis Maison Relais a Museksunterrecht

D’Crèchen, d’Maisons relaisen, d’Foyers scolaires an d’Dageseltere spillen eng wichteg Roll an der Ëmsetzung vun der Bildungspolitik vum Ressortminister Claude Meisch, fir all Kand déi nämmlecht Start- a Bildungschancen am Liewen ze ginn.

D’DP ass de Garant fir soziale Fridden am Land

D’Bilanspressekonferenz vun der DP-Fraktioun iwwert déi leschte Chamber-Sessioun gouf dominéiert vun de laangfristege Suite vun der Covid-Pandemie a vun den direkte Konsequenze vum Krich an der Ukrain.

Agny Durdu – D’Éislek dierf keen Naturreservat ginn

Wann ee mech freet, wou ech wunnen, da soen ech léiwer Hamiville. Heesdref verwiesselen der vill mat Heeschdref bei Walfer, laacht d’Agny Durdu virun hirem Büro op der Haaptstrooss. Net wäit ewech ass si um Bauerenhaff grouss ginn. Haut wunnt si mat hirer Mamm an hirem Brudder do.