Méi Renaturéierung an e bessere Warnsystem

D’Iwwerschwemmungen dëse Summer hunn eist Land onerwaart schro getraff. Am Verglach mat den Nopeschlänner, hat Lëtzebuerg Chance, dass kee Mënsch blesséiert ginn ass. Ma och bei eis hu sech dramatesch Zeenen ofgespillt an d’Waasser huet en enorme Schued gemaach. Dat zousätzlech zu enger Corona-Kris, déi scho fir sech eleng vill Leit a Betriber belaascht.

Mee grad ewéi an der Pandemie hunn d’Leit och beim Héichwaasser eemol méi gewisen, wat Solidaritéit heescht: Pompjeeën, déi ronderëm d’Auer am Asaz waren, Noperen, déi sech ënner d’Ärem gegraff hunn, a Fräiwëlleger aus dem ganze Land, déi gehollef hu fir de Knascht ewechzeraumen. Den Zesummenhalt an der Krisesituatioun war immens grouss.

Iechternach war eng vun de Gemengen, déi et am Schlëmmsten erwëscht huet. Fir d’Deputéiert an Gemengeconseillère Carole Hartmann si vill Leit vun den Ausmoosse vun den Iwwerschwemmungen iwwerrascht ginn oder hunn d’Allerten net eescht geholl. Op deem Wee hätt de Schued awer kéinten op mannst deelweis reduzéiert ginn. Dowéinst misst de Warnsystem verbessert ginn, fir dass déi betraffe Leit och alleguer a mat Zäit kënnen erreecht ginn.

Och zu Beetebuerg stoung d’Waasser an de Kelleren. Dem Schäffen an Deputéierte Gusty Graas no, brauch d’Waasser erëm méi Plaz fir sech do auszebreeden, wou et kee Schued mécht. Gemengen, an deene Baachen a Flëss scho renaturéiert gi sinn, ware vum Héichwaasser effektiv manner betraff. De Gusty Graas huet dowéinst eng Interpellatioun an der Chamber ugefrot, fir dass an deem Beräich an Zukunft eppes ënnerholl gëtt.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Geziilt Inklusioun an der Grondschoul

Den Educatiounsminister Claude Meisch huet den Nationalen Aktiounsplang fir d’Inklusioun an der Grondschoul presentéiert. Dee soll méi effikass, méi séier a méi cibléiert funktionéieren, fir dass all Kand seng Plaz fënnt, an och d’Elteren an d’Enseignanten déi néideg Ënnerstëtzung kréien.

weiderliesen...

Entrevue mat der ALEBA

De 25. Mäerz hat d‘DP-Fraktioun een interessanten Echange mat der ALEBA. Et goung ëm d’Nohaltegkeet vun eisem Pensiounssystem, de wirtschaftleche Wuesstem an d’Attraktivitéit vun eisem Standuert.

weiderliesen...

Noen Osten/Energie: Entwécklung am A behalen

An der Tribune Libre vun der DP kuckt den Deputéierte Gusty Graas haut a wéi wäit sech d’Situatioun am Noen Oste kéint op Lëtzebuerg auswierken. Fir de President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun muss d’Regierung dobäi och, an zemol, d’Energie am A behalen.

weiderliesen...