Méi Renaturéierung an e bessere Warnsystem

D’Iwwerschwemmungen dëse Summer hunn eist Land onerwaart schro getraff. Am Verglach mat den Nopeschlänner, hat Lëtzebuerg Chance, dass kee Mënsch blesséiert ginn ass. Ma och bei eis hu sech dramatesch Zeenen ofgespillt an d’Waasser huet en enorme Schued gemaach. Dat zousätzlech zu enger Corona-Kris, déi scho fir sech eleng vill Leit a Betriber belaascht.

Mee grad ewéi an der Pandemie hunn d’Leit och beim Héichwaasser eemol méi gewisen, wat Solidaritéit heescht: Pompjeeën, déi ronderëm d’Auer am Asaz waren, Noperen, déi sech ënner d’Ärem gegraff hunn, a Fräiwëlleger aus dem ganze Land, déi gehollef hu fir de Knascht ewechzeraumen. Den Zesummenhalt an der Krisesituatioun war immens grouss.

Iechternach war eng vun de Gemengen, déi et am Schlëmmsten erwëscht huet. Fir d’Deputéiert an Gemengeconseillère Carole Hartmann si vill Leit vun den Ausmoosse vun den Iwwerschwemmungen iwwerrascht ginn oder hunn d’Allerten net eescht geholl. Op deem Wee hätt de Schued awer kéinten op mannst deelweis reduzéiert ginn. Dowéinst misst de Warnsystem verbessert ginn, fir dass déi betraffe Leit och alleguer a mat Zäit kënnen erreecht ginn.

Och zu Beetebuerg stoung d’Waasser an de Kelleren. Dem Schäffen an Deputéierte Gusty Graas no, brauch d’Waasser erëm méi Plaz fir sech do auszebreeden, wou et kee Schued mécht. Gemengen, an deene Baachen a Flëss scho renaturéiert gi sinn, ware vum Héichwaasser effektiv manner betraff. De Gusty Graas huet dowéinst eng Interpellatioun an der Chamber ugefrot, fir dass an deem Beräich an Zukunft eppes ënnerholl gëtt.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

André Bauler

Talent attraction zu Lëtzebuerg

A senger Tribune Libre um Radio huet eisen Deputéierten André Bauler dës Woch doriwwer geschwat, wéi wichteg et fir Lëtzebuerg ass, fir weider attraktiv fir héichqualifizéiert an innovativ Talenter och aus dem Ausland ze bleiwen; besonnesch am Finanzsekteur.

weiderliesen...
Gusty Graas

E raisonnabelen Accord salarial an der Fonction publique

A senger Tribune Libre um Radio huet de Gusty Graas dës Woch iwwert de leschten Accord salarial an der Fonction publique geschwat. Fir eisen Deputéierten ass dat e raisonnabelen Accord, dee weist, datt de Ressortminister Marc Hansen an d’CGFP e konstruktiven Dialog gefouert hunn, deen och an Zukunft fir soziale Fridden am ëffentlechen Déngscht suergt.

weiderliesen...
Guy Arendt

Eng Digitalisatioun fir all Mënsch

A der Tribune Libre vun der DP huet eisen Deputéierte Guy Arendt dës Woch iwwer d’Wichtegkeet vun der digitaler Inclusioun zu Lëtzebuerg geschwat. Dat heescht iwwer d’Efforten, déi hei am Land geholl ginn, fir datt all Mënsch ka mat an dat neit, digitaalt Zäitalter geholl ginn.

weiderliesen...