Nationalkongress 2021

D’lescht Joer hu mir all zesumme Geschicht geschriwwen. Als éischt Partei zu Lëtzebuerg huet d’DP een demokrateschen, innovativen an interaktiven Digitalkongress op d’Bee gesat. Och dëst Joer war den Digitalkongress am Celo zu Hesper e grousse Succès: Méi wéi 1.300 Membere waren iwwer Zoom dobäi oder hunn de Kongress live iwwer Facebook a Youtube suivéiert. 

A Krisenzäite Verantwortung iwwerholl

No der Begréissung vum Generalsekretär Claude Lamberty huet eis Parteipresidentin Corinne Cahen d’Regierungsaarbecht wärend der Kris ervirgehuewen. D’Regierung hätt ënnert dem Lead vum Xavier Bettel eng responsabel Politik gemaach, wou d’Gesondheet vun de Leit un éischter Plaz gestanen hätt. Eng Politik, déi d’Schëff sécher duerch déi stiermesch Zäite bruecht hätt. De Premier Xavier Bettel huet ënnerstrach, datt Lëtzebuerg vun Ufank u säin eegene Wee gaange wier. Et hätt een d’Pandemie am internationale Verglach gutt gemeeschtert.

De Fraktiounspresident Gilles Baum, den Europadeputéierte Charel Goerens, d’FCCD-Presidentin Martine Dieschburg-Nickels, d’Jonk Demokraten an d’Bezierkspresidente si per Video um Kongress intervenéiert.

Live Q&A

D’Corinne Cahen an de Xavier Bettel hu sech och nees am Kader vun enger Live-Froeronn Q&A de Froe vun de Membere gestallt, éier de Claude Lamberty d’Resultater vun de statutaresche Wale bekannt ginn huet. Iwwer 130 Kandidaten hate sech ë.a. fir d’Poste vum Bezierkspresident, fir de Comité Directeur a fir d’Regionalcomitéen opgesat.

D’Land op d’Zukunft preparéieren

D’Corinne Cahen huet de Bléck och op dat wichtegt Waljoer 2023 geriicht. Am Kader vu Workshoppe soll elo schonn un de Kärelementer vum nächste Walprogramm geschafft ginn. Egal ob Logement, Klima oder déi wirtschaftlech Relance: Et géing vill ze schaffen, fir d’Land op d’Zukunft ze preparéieren. Eng Aufgab, déi d’DP voller Elan, mat neien Iddien an engagéierte Mandatairen a Memberen ugeet.

Hei fannt Dir de Replay an d’Fotoe vum Kongress:

YouTube

By loading the video, you agree to YouTube's privacy policy.
Learn more

Load video

Digitalkongress 2021

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider Artikelen

Gratis Maison Relais a Museksunterrecht

D’Crèchen, d’Maisons relaisen, d’Foyers scolaires an d’Dageseltere spillen eng wichteg Roll an der Ëmsetzung vun der Bildungspolitik vum Ressortminister Claude Meisch, fir all Kand déi nämmlecht Start- a Bildungschancen am Liewen ze ginn.

D’DP ass de Garant fir soziale Fridden am Land

D’Bilanspressekonferenz vun der DP-Fraktioun iwwert déi leschte Chamber-Sessioun gouf dominéiert vun de laangfristege Suite vun der Covid-Pandemie a vun den direkte Konsequenze vum Krich an der Ukrain.

Agny Durdu – D’Éislek dierf keen Naturreservat ginn

Wann ee mech freet, wou ech wunnen, da soen ech léiwer Hamiville. Heesdref verwiesselen der vill mat Heeschdref bei Walfer, laacht d’Agny Durdu virun hirem Büro op der Haaptstrooss. Net wäit ewech ass si um Bauerenhaff grouss ginn. Haut wunnt si mat hirer Mamm an hirem Brudder do.