DP Déifferdeng kuckt der Majoritéit kritesch iwwer d’Schëlleren

Scho virum Krich hu liberal Politiker d’Stad Déifferdeng gepräägt. Virop den Emile Mark, deen 23 Joer laang Buergermeeschter war. Nom Krich sollt et allerdéngs bis d’Joer 2002 daueren, bis déi sozialistesch Dominanz an der Industriestad en Enn hat. 12 Joer laang huet d’DP mam Buergermeeschter Claude Meisch d’Stad Déifferdeng moderniséiert. Och haut droe nach vill Projeten d’Handschrëft vu liberale Ministeren. Esou konnt virun e puer Wochen endlech den Déifferdenger Lycée offiziell ageweit ginn, dat neit Fleegeheem um Woiwer wäert och geschwënn opgoen, an de Luxembourg Science Center zitt all Joer dausende vu Visiteuren un.

Op Gemengenniveau beräichert déi lokal DP-Sektioun d’Diskussioune mat konstruktive Propositiounen. D’Verbesserung vun der Sécherheet a vun der Liewensqualitéit steet dobäi am Mëttelpunkt, ma och déi komplizéiert Verkéierssituatioun, bezuelbare Wunnraum a méi lokal Aarbechtsplazen. Am Gemengerot kuckt d’DP der Majoritéit vun Déi Gréng an CSV kritesch iwwer d’Schëlleren.

De Comité vun der DP Déifferdeng: Eric Cillien (President), Fernando Alho, Martine Eischen an Arthur Wintringer (Vizepresidenten), François Meisch (Sekretär a Fraktiounsspriecher am Gemengerot), André Gonderinger (Tresorier), Christiane Saeul (Gemengeconseillère), Michel Meisch a Joël Moreira (JDL-Vertrieder), Marc Belardi, Jean-Pierre Flammang, Kai Fliegner, Martine Goergen, Conny Gonderinger, Vanessa Hansen, Jan Hoss, Philippe Hillenbrand, Olja Kaiser, Raphael Mangen, Claude Meisch, Carlo Pastoret, Stéphanie Pinto, Sead Ramdedovic, René Thiry, Daniel Wiseler

PHILIPPE HILLENBRAND

  • 1965 zu Bréissel gebuer
  • Huet 1989 säi Militärdéngscht an der Belsch ofgeschloss
  • Apdikter vu Beruff
  • Bestuet, Papp vun 2 erwuessene Kanner 

Nieft senger zäitintensiver Aarbecht, verbréngt de Philippe gären Zäit mat der Famill, geet wanderen, reest vill a seegelt gären. Ëmmer op der Sich no engem gesonden Equiliber tëscht Aarbecht a Privatliewen.

Seng nei Heemecht, d’Stad Déifferdeng, läit him immens um Häerz: Déifferdeng ass eng Stad mat engem impressionanten industrielle Patrimoine, deen a mengen Aen net genuch valoriséiert gëtt. Do besteet nach immens grousst Potential!

Wéi de Philippe 2010 vu Wolz op Déifferdeng geplënnert ass, huet hie sech relativ séier politesch engagéiert. Säin Interessi läit haaptsächlech op der Integratioun an op der Chancëgläichheet.

Déi lokal politesch Sujeten, déi de Philippe am meeschten interesséieren, sinn de Commerce, d’Animatioun an d’Sécherheet. Deemno ass hien och zanter 2018 President vum Déifferdenger Geschäftsverband. Duerch säi Beruff als Apdikter ass de Philippe doriwwer eraus vill am Gespréich mat de Bierger a kennt dofir hier Suergen an Uleies.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider Artikelen

Gratis Maison Relais a Museksunterrecht

D’Crèchen, d’Maisons relaisen, d’Foyers scolaires an d’Dageseltere spillen eng wichteg Roll an der Ëmsetzung vun der Bildungspolitik vum Ressortminister Claude Meisch, fir all Kand déi nämmlecht Start- a Bildungschancen am Liewen ze ginn.

D’DP ass de Garant fir soziale Fridden am Land

D’Bilanspressekonferenz vun der DP-Fraktioun iwwert déi leschte Chamber-Sessioun gouf dominéiert vun de laangfristege Suite vun der Covid-Pandemie a vun den direkte Konsequenze vum Krich an der Ukrain.

Agny Durdu – D’Éislek dierf keen Naturreservat ginn

Wann ee mech freet, wou ech wunnen, da soen ech léiwer Hamiville. Heesdref verwiesselen der vill mat Heeschdref bei Walfer, laacht d’Agny Durdu virun hirem Büro op der Haaptstrooss. Net wäit ewech ass si um Bauerenhaff grouss ginn. Haut wunnt si mat hirer Mamm an hirem Brudder do.