FutureLab – Interview mam Corinne Cahen a Claude Lamberty

Mat der Rentrée lancéiert d‘DP eng wichteg intern Nouveautéit – de FutureLab. Corinne a Claude, wat stécht do derhannert?

CC: Mir hunn eis Memberen nach ëmmer ënnerstëtzt an an d’Parteiaarbecht mat agebonnen. All zesumme kënne mer vill beweegen. Dofir wëll ech déi Zesummenaarbecht an déi Dynamik mam FutureLab weider stäerken.

CL: De FutureLab wäert dat néit Häerzstéck vum participative Prozess an der DP sinn. Eng Zort Schmëdd fir Iddien an Talenter: Fir eise jonken a manner jonken, fir eise méi a manner erfuere Memberen eng Plaz ze bidden, wou si aktiv bei der Gestaltung vun der DP vu muer matmaache kënnen.

Wéi ass de FutureLab genee opgebaut? A wéini geet et lass ?

CC: De FutureLab ass op zwee Pilieren opgebaut. Am Kader vu Workshoppe kritt Dir als Member d’Méiglechkeet, fir är Iddie mat anzebréngen. Esou kënnt dir ären Deel zu de zukünftege Positioune vun der DP bäidroen. Doriwwer eraus wëll d‘DP an är politesch Aus- a Weiderbildung investéieren, fir iech beschtméiglech op ärem politesche Wee ze begleeden. An de Formatioune
gi Skills trainéiert, Talenter gefërdert an Erfarungen ausgetosch.

CL: Déi FutureLab-Evenementer sinn all 6 Wochen. Et geet u mat engem thematesche Workshop iwwert d’Logementspolitik. Rendezvous ass den 10. Oktober zu Bartreng am Centre Atert. Den 20. November ass dann eng éischt Formatioun iwwert den Ëmgang (vu Politiker) mat de soziale Medien.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Eng Beheënnertekaart fir ganz Europa

An der Tribune Libre um Radio schwätzt d’Jana Degrott iwwer d’Aféierung vun enger europawäiter Behënnertekaart. Fir d’Europakandidatin an DP-Conseillère vu Steesel ass et héich Zäit, datt d’EU de Leit mat enger Behënnerung déi nämmlecht Rechter an all de 27 Memberstaaten accordéiert.

weiderliesen...

Eis Kandidate fir Europa

D’Demokratesch Partei geet mat enger kompetenter, diverser an héichmotivéierter Lëscht an d’Europawale vum 9. Juni 2024. De Charles Goerens an d’Amela Skenderović féieren d’Lëscht als Spëtzekandidaten un.

weiderliesen...