Blo Luucht

Genuch Personal fir d’Ambulanzen zu Ettelbréck?

D'DP-Deputéiert André Bauler a Max Hahn goufen dorops opmierksam gemaach, datt et zu Ettelbréck de Moment Schwieregkeete gëtt fir d'Ambulanze mat genuch Personal ze besëtzen. An dem Kontext, hunn béid Politiker ënnert anerem bei der Inneministesch nogefrot wéi et mat der Disponibilitéit vu Benevoller ausgesäit.

Fro

„Et ass eis zu Ouere komm, datt et zu Ettelbréck aktuell Probleemer gëtt fir d’Ambulanze mat genügend Personal besat ze kréien. Et wieren nämlech net genuch Benevoller disponibel. Et versteet sech awer vum selwen, datt den Noutdéngscht personell gutt opgestallt muss sinn, virun allem, wann ee bedenkt, datt ëmmer méi Leit an d’Nordstad an an d’Uertschafte ronderëm wunne kommen.


An deem Kader wollte mir der Madamm Inneministesch folgend Froe stellen:

  • Kann d’Madamm Ministesch Prezisioune liwweren iwwert d’Zuel vun de Professionellen, déi an deene verschiddene CGDIS-Zentren an an de Gemengen aus dem Kanton Dikrech an dem Kanton Veianen schaffen oder affektéiert sinn? Wéi vill Fräiwëlleger (Ambulanz a Pompjeeën) sinn hei de Moment am Asaz? Wéi huet sech hir d’Zuel zanter 2018 entwéckelt?
  • Stëmmt et, datt am CGDIS Ettelbréck eng Rëtsch benevol Leit den Déngscht quittéiert hunn? Wa jo, wat sinn déi genee Ursaachen, déi dës Entscheedung motivéiert hunn? Wat huet dat fir Konsequenzen, besonnesch fir den Ambulanzendéngscht? Gëtt et aner Gemengen am Kanton Dikrech, wou änlech Erfarunge gemeet goufen?
  • Wéi gesäit de Rekrutement vu Professionellen an dësem Beräich fir déi betraffe Kantonen an noer Zukunft aus?“

Äntwert

Fro 1

D’Kantoner hu fir den operationelle Fonctionnement vum CGDIS keng Bedeitung, well d’Asazzenteren (CIS) sech all am Asaz géigesäiteg an onofhängeg vun administrative Grenzen ënnerstëtzen. Ausserdeem ënnerscheede sech d’Grenze vun den administrative Verwaltungseenheete vum CGDIS (Zonen a Groupementer) vun de Kantonsgrenzen. Deemno géing eng isoléiert Betruechtung vun de Memberzuelen an de Kantoner Dikrech a Veianen en onvollstännegt an och verzerrtent Bild iwwert d’Memberzuele vum CGDIS liwweren.

Allgemeng ass d’Zuel vun de fräiwëllege Pompjeeën an alle Kategorien (Pompiers opérationnels, Pompiers de support, Vétérans) an der Zon Norden zënter der Grënnung vum CGDIS stabil bliwwen, d’Zuel vun de Haaptamtleche gouf verdräifacht an och d’Jugendpompjeeë konnte weider gestäerkt ginn.

Fro 2

Objektiv betruecht stellt ee fest, datt den Effektiv vum CIS Nordstad (virum 1.1.2022 CIS Ettelbréck a CIS Dikrech) stabil bliwwen ass zënter der Grënnung vum CGDIS:

Entwécklung vun de Memberzuele CIS Ettelbréck & Dikrech / CIS Nordstad

Statut20182019202020212022
Haaptamtlech Pompjeeën816202328
Fräiwëlleg Pompjeeën141153157152171
Total operationell Pompjeeën149169177175199
Pompiers de support33333
Administratiivt an technescht Personal00000
Jugendpompjeeën59101112
Veteranen5453494343
Total211234239232257

Fro 3

Am Kader vum Plan national d’organisation des secours (PNOS) gouf eng landeswäit Strategie fir de weidere Recrutement vu fräiwëllegen an haaptamtleche Pompjeeën ausgeschafft a validéiert. Am Kader vun der Ëmsetzung vum PNOS gëtt och un de Konzepter a Prioritéite vun der weiderer Verdeelung vun den haaptamtleche Ressourcë vum CGDIS an den nächste Jore geschafft, dëst awer aus enger nationaler Vue, fir iwwerall am Land a manner wéi 15 Minutten z’intervenéieren. Eng isoléiert Vue op zwee eenzel Kantoner géing och hei en onvollstännegt Bild iwwert d’Entwécklung vum Rettungsdéngscht hei am Land liwweren.

De CIS Nordstad ass fir de gesamten Norde vum Land e strategesch ganz wichtege Standuert a wäert och an den nächste Joren weider developpéiert ginn.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi kann d’Gesondheet vun de Kanner verbessert ginn ?

D’Gesondheetsproblemer bei de Kanner klammen an den Accès zu Pediatere gëtt ëmmer méi schwiereg. D’DP-Deputéiert Mandy Minella a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi eng Mesüre virgesi sinn fir d’Situatioun ze verbesseren, ob eng national Strategie fir d’Gesondheet vun de Kanner envisagéiert gëtt an ob een nationale Coordinateur fir d’Kannergesondheet agesat sollt ginn.

weiderliesen...

Concasséiere vu Material an der Gréngzone

D’DP-Deputéiert Luc Emering an André Bauler hunn dem Ëmweltminister eng Rei Froen zum Concasséiere vu Material an der Gréngzone gestallt. Si wollten ënnert anerem wëssen, ob eng Naturschutzautorisatioun dofir néideg ass, a firwat net an all Autorisatioun fir Bauten an der Gréngzone vermierkt gëtt, datt mat recycléiertem Material soll geschafft ginn.

weiderliesen...

Gëtt een zweete PET-CT ugeschaaft?

Déi fréier Gesondheetsministesch hat matgedeelt, datt eventuell een zweete PET-CT ugeschaaft kéint ginn, fir d’Waardezäit fir d’Patienten ze verkierzen. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der aktueller Gesondheetsministesch nogefrot, wou d’Uschafung vun dësem zweete PET-CT drun ass, ob dësen Apparat eventuell an d’Spidol zu Ettelbréck kéint kommen a wéi sech d’Zuel vun de Behandlungen an de leschten 10 Joer an deem Beräich entwéckelt hunn.

weiderliesen...