Wat ass den Impakt vun der Hëtzt op Transportinfrastrukturen?

Wéinst der Hëtzt dëse Summer konnten ënner anerem an England op verschiddene Strecken zäitweileg keng Zich méi fueren, well d’Gleisen sech verformt haten. D'DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty hunn nogefrot, ob dat och schonn zu Lëtzebuerg de Fall war a wat ënnerholl gëtt fir dëst z'evitéieren.

„Am Kader vun der aktueller Canicule konnten ënner anerem an England op verschiddene Strecken zäitweileg keng Zich méi fueren, well sech d’Gleisen duerch déi grouss Hëtzt verformt haten.

An deem Kader wollte mir dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:

  • Ass et zu Lëtzebuerg och scho virkomm, dass sech Gleisen wéinst der Hëtzt verformt hunn?
  • Wéi geet d’CFL mat dësem Risiko, deen an den nächste Joere weider klamme wäert, ëm? Wéi eng Mesurë si virgesinn, fir z’evitéieren, dass Zich ausfalen, well se net méi op de Gleise fuere kënnen?
  • Inwéifern ass den Tramsreseau vum selwechte Risiko betraff? Wéi geet Luxtram mat dësem Risiko ëm?
  • Wéi eng aner Elementer vun der Mobilitéitsinfrastruktur kéinten duerch eng Hëtztwell sou staark belaascht ginn, dass se ausfale kéinten? Wéi gëtt sech op déi Eventualitéit preparéiert?“

Äntwert

Ass et zu Lëtzebuerg och scho virkomm, dass sech Gleisen wéinst der Hëtzt verformt hunn?

Jo, dat kënnt an der Moyenne ee Mol pro Joer vir.

Wéi geet d’CFL mat dësem Risiko, deen an den nächste Joere weider klamme wäert, ëm? Wéi eng Mesurë si virgesinn, fir z’evitéieren, dass Zich ausfalen, well se net méi op de Gleise fuere kënnen?

De Risiko vu Gleisverdréckungen a Gleisverwerfunge gëtt an de Eisebunns-Reglementer behandelt an et sinn eng Rei Mesurë virgesi fir deem entgéint ze wierken.

D’Schinne ginn esou verschweesst datt ee Gläichgewiicht tëschent den Zochkräfte bei nidderegen Temperaturen am Wanter an den Drockkräfte bei héijen Temperaturen am Summer besteet. Niewent deenen normale Gleisbegehungen si wéinst den héijen Temperaturen zousätzlech Gleisbegehungen virgesi fir eventuell Schwaachpunkte festzestellen an ze behiewen. D’Iwwerwaachung vun de Schinnentemperaturen geschitt digital mat Hëllef vu Festinstallatiounen déi iwwert de Réseau verdeelt sinn.

Bei der Erneierung vun Gleise gi systematesch Bëtons-Schwellen agebaut well déi eng besser Stabilitéit garantéieren.

Inwéifern ass den Tramsreseau vum selwechte Risiko betraff? Wéi geet Luxtram mat dësem Risiko ëm?

Am Géigesaz zu den Schinnen beim Zuch (CFL), stinn d ‘Schinne vum Tram op enger vegetaliséierter oder mineraliséierter Plattform. An dëser Konfiguratioun ass just déi iewescht Laaffläch vun der Schinn der Sonn ausgesat, d’Saiten vun de Schinnen ginn vum Belag verstoppt. Och d‘ Vitesse vum Tram a sengem urbanen Ëmfeld ass méi niddreg am Verglach zu där vum Zuch, sou datt Belaaschtung vun der Infrastruktur och méi kleng ass.

De Risiko vun enger Verformung vun der Schinn kann awer ni komplett ausgeschloss ginn.

Fir dëse Risiko op e Minimum ze reduzéieren, gëtt fir sämtlech Systemer eng präventiv Maintenance duerchgefouert.

Wéi eng aner Elementer vun der Mobilitéitsinfrastruktur kéinten duerch eng Hëtztwell sou staark belaascht ginn, dass se ausfale kéinten? Wéi gëtt sech op déi Eventualitéit preparéiert?“

En anert Element vun der Infrastruktur, déi duerch eng Hëtzewell kéint staark belaascht ginn ass d’Oberleitung. Iwwert Géigegewiichter gëtt si awer enger konstanter mechanesch Spannung ausgesat. Duerch Hëtzt an déi doraus folgender Dilatatioun kann awer d’Oberleitung geschwächt ginn.

Weiderhin stellen Energieversuergungssystemer ee Risiko duer. Dës sinn awer beispillsweis beim Tram gréisstendeels ënnerierdesch geluecht ginn a sinn domadder net vun enger Hëtzewell betraff.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi kann d’Gesondheet vun de Kanner verbessert ginn ?

D’Gesondheetsproblemer bei de Kanner klammen an den Accès zu Pediatere gëtt ëmmer méi schwiereg. D’DP-Deputéiert Mandy Minella a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi eng Mesüre virgesi sinn fir d’Situatioun ze verbesseren, ob eng national Strategie fir d’Gesondheet vun de Kanner envisagéiert gëtt an ob een nationale Coordinateur fir d’Kannergesondheet agesat sollt ginn.

weiderliesen...

Concasséiere vu Material an der Gréngzone

D’DP-Deputéiert Luc Emering an André Bauler hunn dem Ëmweltminister eng Rei Froen zum Concasséiere vu Material an der Gréngzone gestallt. Si wollten ënnert anerem wëssen, ob eng Naturschutzautorisatioun dofir néideg ass, a firwat net an all Autorisatioun fir Bauten an der Gréngzone vermierkt gëtt, datt mat recycléiertem Material soll geschafft ginn.

weiderliesen...

Gëtt een zweete PET-CT ugeschaaft?

Déi fréier Gesondheetsministesch hat matgedeelt, datt eventuell een zweete PET-CT ugeschaaft kéint ginn, fir d’Waardezäit fir d’Patienten ze verkierzen. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der aktueller Gesondheetsministesch nogefrot, wou d’Uschafung vun dësem zweete PET-CT drun ass, ob dësen Apparat eventuell an d’Spidol zu Ettelbréck kéint kommen a wéi sech d’Zuel vun de Behandlungen an de leschten 10 Joer an deem Beräich entwéckelt hunn.

weiderliesen...