Carole Hartmann

Am Spotlight : Carole Hartmann

Carole, mir sinn an der Hallschent vun der Legislaturperiod an domat och vun dengem éischte Chambermandat ukomm. Wéi war déi Zäit bis elo als Deputéiert?

CH: Am Ufank war natierlech alles nei an opreegend. Ech war frou, datt ech op meng Kolleegen aus der DP-Fraktioun ziele konnt. Si waren immens hëllefsbereet, esou datt ech séier d’Rouagen um Krautmaart kenne geléiert hunn. Ech konnt mech dofir séier aschaffen. Et ass fir mech eng grouss Éier, fir kënnen am Parlament ze sinn. Ech wëll déi Zäit och effikass notzen, fir mech fir d’Bierger anzesetzen.

Wou leien deng politesch Prioritéiten an der Chamber?

CH: Ech setze mech virun allem fir méi flexibel Aarbechtsmodeller an, déi eiser Zäit ugepasst sinn. Een ze vill e rigiden Kader passt net méi bei d’Realitéit, déi vill Mënschen Dag fir Dag erliewen. Mir brauchen dofir Léisungen, déi den neie Besoine Rechnung droen. D’Fërderung vum Teletravail gehéiert natierlech do dobäi, grad ewéi méi flexibel Aarbechts- an Ëffnungszäiten oder d’Aféiere vun enger Joresaarbechtszäit. Dat wier e Win-Win fir d’Employéen an d’Betriber. Als Affekotin läit mir awer och d’Justiz um Häerz. Ech wëll, datt eis Prozeduren entstëbst a vereinfacht ginn an esou och den Accès zur Justiz besser gëtt.

Zënter Ufank vun der Covid-Kris méchs du dech och fir déi Beschäftegt an hir Betriber staark.

CH: Mir mussen onbedéngt verhënneren, datt Leit hir Aarbecht wéinst der Pandemie verléieren. Dat gëllt esouwuel fir Salariéeë wéi och fir Independanten. Mam Chômage partiel huet d’Regierung e gutt Instrument fir dausenden Aarbechtsplazen ofzesécheren. Allerdéngs kënnen d‘Independanten net dovunner profitéieren. Mir brauchen eng méi breet Diskussioun doriwwer, wéi och Independante vun enger Zort Chômage partiel oder Ersatzrevenu kënne profitéieren, fir sech kënnen a Krisenzäiten iwwer Waasser ze halen.

„Ech setze mech fir méi flexibel Aarbechtsmodelle an, déi eiser Zäit ugepasst sinn.”

Du bass och Conseiller zu Iechternach. Wou dréckt de Schong an der Abteistad?

CH: Iechternach ass a viller Hisiicht attraktiv. Fir och an Zukunft kënnen als Geschäfts- an Touristestad ze bestoen, setzen ech mech fir eng besser Accessibilitéit a Mobilitéit an: ob zu Fouss, mam Vëlo, Bus oder Auto. Och aus der Oppositioun eraus gi vill vu menge Suggestiounen iwwerholl – wéi z.B. d’Instandsetze vun eise Stroossen an Trottoiren: notamment fir Personnes à mobilité réduite, erweidert Park- a Vëlosplaze ronderëm d’Moartplaz, d’Erhale vu Busparkplazen am Zentrum, en amoviibelt Parkhaus op der aler Gare an eng besser Kommunikatioun vun de Chantieren. Bei der Ëmsetzung feelt et mer awer u Prioritéiten an un der néideger Koordinatioun.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider Artikelen

Gratis Maison Relais a Museksunterrecht

D’Crèchen, d’Maisons relaisen, d’Foyers scolaires an d’Dageseltere spillen eng wichteg Roll an der Ëmsetzung vun der Bildungspolitik vum Ressortminister Claude Meisch, fir all Kand déi nämmlecht Start- a Bildungschancen am Liewen ze ginn.

D’DP ass de Garant fir soziale Fridden am Land

D’Bilanspressekonferenz vun der DP-Fraktioun iwwert déi leschte Chamber-Sessioun gouf dominéiert vun de laangfristege Suite vun der Covid-Pandemie a vun den direkte Konsequenze vum Krich an der Ukrain.

Agny Durdu – D’Éislek dierf keen Naturreservat ginn

Wann ee mech freet, wou ech wunnen, da soen ech léiwer Hamiville. Heesdref verwiesselen der vill mat Heeschdref bei Walfer, laacht d’Agny Durdu virun hirem Büro op der Haaptstrooss. Net wäit ewech ass si um Bauerenhaff grouss ginn. Haut wunnt si mat hirer Mamm an hirem Brudder do.